Grad virun 10 Minuten a mengem Gaart endeckt. Déi frupse mer nach de ganzen Baam eweg wann dat esou weidergeet. Ech hoffen alt op mannst datt et schéi Päiperlecke ginn ;-)
Wow super! flotten opbau... daat eenzegt wat mech e bessi steiert ass dat een rondrem d'Aescht gesait dats de eppes retouscheiert hues.. fier de Rescht wirklech suoer..ech free mech da schon op d'Paiperlecksfotoen!
@nini, spako: ähmmmm sorry, mee "ronderem d'Ascht" hunn ech näischt retouchéiert. Déi eenzeg Platz wou ech eppes eweggestemmpelt hunn, ass an der Mett vum Bild, also direkt ennert dem "Pfeil". Do war en klengt Steck vun engem aaneren Aascht am Wee.
Ech hat d'Levels e bessi ajustéiert. Vläicht kennt et dovunner. Mir war dat emol esou direkt net opgefall.
Merci trotzdem ... wärt bei mengen nächste Photoën besser ob esou Saachen oppassen.
Schéin Zesummensetzung an cool Iddi
Fro: firwaat hues de bei deier iewechter Foto riets en aaneren Hannergrond "gemaa" wei bei deenen aanren zwou? (oder war deen einfa sou?) Deen fannen ech bessen komesch doduerch dass di aaner zwee bei eneen passen.
Daat ass lo net schlem, mee wollt einfach emol froen. Greatz )
Dat ass vum selwen esou komm. Ech hat Fotoen mat verschiddene Blende gemaach, an bei der Serie war déi do déi bescht. Ech mengen déi déi ech verschafft hat, war am grousse ganzen méi däischter.
Passen déi nächste Kéier dann och dodropp besser op ... thx