Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Christina

 
Christina
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2008
  • Gekuckt:
    28404
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    911x1200
  • Späicherplaz:
    407 KB
  • Originaldatum:
    2008:08:11 17:10:35
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=29375]
Kommentar vum Fotograf:
En Portrait mat beauty Retouchen am Photoshop.
Ech hoffen en gefaellt Ierch.

- Luc -
CANON 14.08.2008 - 20:53
Belichtung , kadrage,Pose, Maquiage oder wie een daat schreift....sin hei 10/10
An erem den Eroteschen Bleck 10/10

CANON
Luc_69 15.08.2008 - 00:03
Jo, d'Chrissi ass schon eppes besonneches, oni Hat haett ech dei Photoen esou net keinten machen. Et freet mesch dass dir d' Biller esou gudd gefalen.

Sou wei et hei ausgeseit schengt sech awer soss keen fir People Photographie ze intresseieren oder keng Mehnung derzou ze hun.

Schued.

- Luc -
Shogun 15.08.2008 - 13:17
Gudde Metteg.

Ech wees net ob deng Ausso ganz berechtegt as vu wegen datt sech hei kee fier people photography interesseiert. Ech geng ett eischter sou gesin datt hei um site eng ganz Retsch Biller vu Menschen drop sin dei iwwert eng banal Representatioun vun engem scheine Meedechersgesiicht rausgin sou wei och aaner Biller dei mei creative Waert hun, waat mat sech dreit datt 'einfach a schein' Fotoen dei vlaicht gut sin net su vill commenteiert gi well d'Leit eben net zu all Foto dei gut as eppes soe kennen.

Jiddereen huet sai Liwen an ett kann een net verlaangen datt all Foto commenteiert get och wann se gut as. Domadder well ech awer lo secher net soen datt des Foto net gut as, am Geigendeel. Wann ech objektif driwwer kucken as se propper fotografeiert an decent, propper verschafft mee domadder huet ett sech.

Wanns de heiere wells datt ett e flott Meedchen as an d'Foto propper as: ech stemmen do zou mee domadder as d'Diskussioun da riwwer an du kanns mer do och nemmen zoustemme well du selwer behaapts datt ouni hatt a sai Gesiicht dei Foto net realisabel gewiescht wier oder du sehs ett just fier e gudden an frendlechen, dankbaren Androck ze maan deen undeite soll datts de eng Approche zur people photography hues dei Mensche respekteiert.

Huet daat der lo eppes bruecht? Ech wees ett net, ech kennen dech an deng Art a Weis z'iwwerleen an z'evolueieren net, weder wees ech a wei eng Richtungs de welles hues ze goen a wous de dech verbessere wells, dofier: So mer bescheet wanns de eng hart a perseinlech Kritik wells, dei kennt, mee geff dann net dem Site oder mier d'Schold wann der se net passt, sou wei viller ett scho gemaach hun.

-main Numm steht schon eng Keier uewe lenks also mus ech en net tippen-

Luc_69 15.08.2008 - 13:35
Oh, hun ech elo engem ob den Schlips getrepelt oder firwat den agressiven Ennertoun.

(Also eischtens schreiwen ech hei wei ech wëll an wei et mir an den Kapp könnt.
Wanns du domadder en Problem hues ass dat dein Problem, ech sin awer frou fir dech dass du wees wei een Photographie ob Englesch schreift.. ..no offense ..)

Sou lo zreck zum Bild.

Et ass en Studio Portrait, net en aalen Bauer mat Faalen am Gesiicht virun enger verfallener Scheier.
Wieso muss en Portrait emmer en creativen Wert hun ??

En Portrait besteht net nemmen aus engem scheinen Gesiicht.
Bei engem Portrait könnt et ob den Cadrage, den Gesiichstausdrock, den Bleck an net zu lescht
ob d' Beliichtung un. An dat huet mat secherheet och en creativen Wert, och wanns du den lo net erkenns.

Am Kommentar vum Bild steht dass et en simpelen Portrait mat beauty Retouchen am Photoshop handelt.

Ech gin mol dervun auss dass och hei Leit sin dei mat Photoshop schaffen an och un der Technik vun enger Photo intresseiert sin oni dass die lo en deiwen Hannergrond oder immens heign kënstlerechen Wert huet.

An dann froen ech mesch firwats du mir enerstells dass wann ech engem merci soen, dass dat just ass fir irgend en Androck ze machen.....

Kanns du dir net firstellen dass et Leit gin dei merci oni Hannergedanken soen.

- Luc -
FranzMacN 15.08.2008 - 19:57
Ech fannen des Foto super flott, besser ewei dei aaner vum Christina. Ech weilt och esou eng Qualiteit hinkreien. De Bleck huet zwar irgentwei eppes verkrampftes. Mee d'Mona L. hat och eppes ondefineierbares .
Franz
Luc_69 15.08.2008 - 20:19
Salut FranzMacN

Freet mesch dass den Portrait der esou gudd gefaellt. Esou eng Qualiteit kann jiddereen hinkrein, Viraussetzung ass natirlech en halfwegs gescheiten Apparat an en gudd Objective.
Derrecht mecht d' Lucht. Bei dem doten Setup hat ech 3x 600ws Blëtzer am Asatz.

1x Softbox als Haptluucht 1x Selver Prabeli fir den Kontrast 1x groussen Durchliichtprabeli als fill light.

Weis de geseis ass den Obwand zimlech grouss fir esou en simpelen Portrait.

- Luc -
CANON 15.08.2008 - 21:37
Also ech mengen , wann een eng Foto Kommenteiren well , dann soll een och sein Num soen , wenn een mein sicht zb beim Profil , dan kennt den op René SCHO , schnell oder nett schnell, mee bei "Shogun" gesinn ech nett emol keng Foto , wann ech Kommentaren hei schreiwen , hunn ech och schons Fotoen hei eran gesaat, mol gudder mol manner gudder (mengt den Jüry) mee daat emol hinn gestallt, ech wolt soen .....ech kommenteiren Fotoen , wou ech mir soen , beim betouchten , wie den Opbau , belichtung a.s.w. ass ann op een sech vill mei gemach huet oder nemmen einfach en Zuch an der gaare ofgeknips huet, je, ech mengen domat einfach eppes waat do ass , an Klick.....
Mee hei ass eng Foto wou vill leit iwwerhapt nett kommenteiren , well sie och nett die richdech erfahrung hunn ( Keen intressei matt esou eppes),an daat neideg Equipment nett hunn....mee eppes ze Kritiseiren ass einfach , mee "Shogun" ass jo ball wie mein Numm SCHO GUN...daat keinten elo Leit mengen ech hätt een 2 Accaunt hei, ween wees vileicht kent den jo vun Bejing vun der Olympiade....dann kreien mir nach vill Fotoen ze gesinn ,
anch 1 Sach , ech hoffen dass ech der "Oberechkeet" elo keen "FAUT PAS" geleescht hunn ,well sos kreien ech erem eng op Fageren....jo jo daat gett et och hei zu Lezebourg , wou eng frei mehnuns äuserung ass.....et gett och hei eng "ZENSUR"

Also nach 1X ech sinn gespaant op dem "Shogun" seng Fotoen hei um Site....

CANON (Renéclosed_eye
Kwitchibo 15.08.2008 - 22:03
olala erëm eng Foto wou net all Mënsch déi selwecht Meenung huet! meng Meenung: People Photography interesseirt op dësem Site ganz vill Leit !!sinn ech mir sécher Ech hunn Foto schon gekukt an nada dobäi geschriwwen wisou??

ma well ech keng Zäit hat an ech hun ma net vill dobäi Geduecht et as eng propper Foto 100% mee se stecht net aus der Mass hei eraus fir däin Opwand an däin Kënnen ech sinn sécher an weess dass de schon besseres gemaach hues an wärs maachen! Et as eng schéin Foto wou vill Leit weilten kennen maan mee du hues se jo hei gewiesen fir eng Eierlech Kritik ze kreien an net fir ze liesen Alles ok 10 vun 10 ...oder? ech mengen net!!! an den Shogun huet dech net ugegraff also ech fannen net!!ech mengen esou guer dass en da gehollef huet !...

Jongen an Meedercher et as nëmmen Text !!!daat kennt dacks falsch eriwwer !!passt do drop op!!Merci!

Shogun frou das et Leit gin wou nach eng Eegen Meenung hunn an dofir kämpfen all Daach erem!!

Peace out @ all



FranzMacN 16.08.2008 - 07:26
Hallo,
Fotoen vun Leit, vun scheine Meedecher/ Fraen interesseieren schon vill Leit. Et brauch een jo nemmen d'Unzuel vun Klicks ze kucken. Do sin aaner Themen wei Landschaften vill manner "interessant" fir d'Majoriteit vun de PG user. Mee wann een d'Kommentaren genau liest, fällt op daat d'Portraien an all Pixel kommenteiert gin an do bleift zum Schluss net mei vill gudds/ positives iwwerech. Obschon, vill Comments zeugen och vun vill Interessien. Ech hun d'Gefill daat bei de Portraien d'Laat op Internationalem Niveau heichgeschrauft get, an an aaner Kategorien zimmlech alles duerchgeet. An eng heich Laat schreckt vlaicht vill PGisten oof do matzemaachen.
Fir mech als Laien ass dess Foto nach emmer Top. D'Fotographesch Elementer stemmen: Schärft, Bellichtung, Schieter, Faarwen, Cadrage. Ech wees net wat do net gudd wier (dofir sin ech hei vlaicht nach ee Laien). D'Pose an den Ausdrock ass och flott. Net iwwerdreint, net künstlech. Ech hun do eben dat natierlecht leiwer. De Maquillage as net iwwerdriwwen sou dat d'Scheinheet vum Christina nach besser eraus kennt. Secherlech wier d'Foto net esou gudd bewärt wanns du eng elle Mouk geknipst häss.

Weider esou.
Franz
Luc_69 16.08.2008 - 10:36
Re FranzMacN,

Du hues ganz recht mat dem wats de schreifs.
People Photography an speziell Portraien ass an mengen Aan mat dat schweierst
wat et an der Photography get.

Et huet een ausser dem Mensch net vill Spillraum fir eng Photo ze machen die iwerzeecht. D' Chemie teschend dem Photograph an dem Model muss stëmmen, soss fällt dat direkt negative ob der Photo ob.

Vill Photographen versichen dann mat ausgefalenen Maquillagen oder Outfiten dem virzebeugen, an dat wollt ech bei desem Portrait net machen, also ass fir mech just nach den Cadrage an d' Luucht iwrech bliwen.

Natierlech gin ech keng ellen Mouk knipsen, domadder haett ech kengem en Gefaalen gemach, well ech hun nach net vill ellen Mouken gesin dei sech firun enger Camera woul villen smile

- Luc -
Luc_69 16.08.2008 - 09:50
Salut Kwitchibo,

Secherlech hun ech dei Photo hei net agestallt fir 10 mol ze heieren "Hey Top schein Photo". Dass dei Photo hei an der Mass net erausstecht kanns de net soen, kuck einfach mol d' klicks an vergleich se man aneren Photoen dei genau esou lang online sin.

Wie ech desen Portrait gemach hun hat ech mir als Ziel gesat fir en simpelen Portrait oni vill Schnickschnack, sprech ausgefaalenen Maquillage oder Outfit, ze machen den einfach nemmen durch seng Banaliteit, Qualiteit an d' Ausstrahlung vum Mensch ze iwerzeecht.
Dass do vieleicht vill Leit iwerfurdert sin fir eng construktive Kritik oofgezin an et durfir gleich ganz sinloosen ass fir mech ok.

Mee dass irgend een Shogun (sein Numm kennen ech jo net), den mech net kennt, den selwer net eng eenzech Photo an senger Gallerie huet. Wou ech net wees ob hien iwerhapt schon je enkeier en richtegen Portrait gemach huet, dann sein Komentar ufaengt mat ....no offense... an mer dann erklaert wei ech people Photographie ze schreiwen hun, dat fannen ech schon zimlech stark.

- Luc -


Kwitchibo 16.08.2008 - 12:05
get mat y geschriewen....!!!
Kwitchibo 16.08.2008 - 12:38
ech freen mech op dei next Fotoen! ech well elo hei net nach 10mol kuken kommen Liewen geet weider!

scheinen Metteg!
Luc_69 16.08.2008 - 09:50
Salut CANON,

Ech gin dir 100% recht, an esou en Comentar haett ech mir gewenscht.

- Luc -
lollipop 16.08.2008 - 11:51
Hi,
Ech wees gur net wat dir huet. Ech fannen dass desen Portrait ass mat dat bescht wat ech seit langem hei vun Portaien gesin hun.

Genau dei Einfachheet mescht aus desem Portrait eppes extraes.
CANON 16.08.2008 - 11:54
du sees et , an wann een daat dengt , dann kann een daat jo och , vir den Fotograg an sein Modell dohinn Schreiwen...an wann et nemmen 2 Wieder sinn

Bravobigsmilelipop

CANON
klex 16.08.2008 - 12:28
People Photography... einfa Letzebuergesch schreiwen da komen su sache net fir.
Ech menge net dat dech méng Kritik wirklech intresséirt...well dat huet naischt mat denger Technik ze din.
Dat eenzegt Kontstukriv wat ech fir dech ka bemirken sin seng roud Oderen an den Aan, daat kennt net gudd...
A mengen Aan e net wirklech intressante Portrait ouni vill créativitéit oder kenschtlereschem wert mee mat enger gudder Beliichtung.
Luc_69 16.08.2008 - 13:28
Salut Klex,

Firwat soll mech deng Kritik net intresseieren ? Ech kann gudd mat Kritik emgoen, solang se konstruktive an net destruktive ass.

Dat mat den Edercher an den Aan hun ech mer lang iwerluecht ob ech se soll ewech machen oder net. Du sin ech awer zum Schluss komm dass dei mannsten Leit keng roud Edercher an den Aan hun, an Se sin geloos.

Ob dei Photo lo hei en kenstlerechen Wert huet oder net ass mir zimlech egal, ech sin net mat der Absiicht un dei Arbecht erungang fir lo hei en groust Konschtwirk ze schaafen, ech gesin mech selwer och net als groussen Kenstler an dat well ech och gur net sin. Ech hun just eben Spass un der Photographie, that's it !

An sowieso hun menger Meenung no 95% vun den Photoen dei hei oder och an aneren Foren gepost gin keen kenstlerechen Wert.
Mee ech fannen dat awer och net schlemm, ech kann mech och fir eng Photo begeschteren dei keen kenstlerechen Wert huet.

- Luc -
Johny 17.08.2008 - 00:39
Net just Portrait'en sollen e kënschtlerësche Wäert hun, zimlech all Foto soll dat. Fotografie ass eng Konscht, a wann een selwer net drun interesséiert ass wirklech eppes kënschtleresches ze schafen, verstinn ech perséinlech net wisou ee fotograféiert (well ech et eben maachen fir eppes spezielles duerzestellen, eppes wat extra ass).

Déi ganz Technik ass eigentlech dofir do fir seng Konscht besser duerzestellen, a gudder Qualitéit asw.

Just meng perséinlech Opfaassung smile
Luc_69 17.08.2008 - 09:43
Jo du hues do net ganz onrecht, mee dann muss mol defineiert gin wat Konscht ass.
An dat kann een net.
Wat fir deen Een Konscht ass ass fir den aneren Kitsch.

Ech machen Photoen well ech Spass dorun hun. Ech kann net soen ob dat elo Konscht ass oder net.

An wei ech schon epurmol soot, ech hun weder hei nach an aneren Foren bis elo oft Konscht gesin. Ech hun awer schon ganz vill selwer ernannten Koenstler gesin die der Meenung sin dass wann se irgend eppes knipsen an sech bei der Knipserei net direkt un en Standard haalen, dass sie dann grous Konscht gemach haetten.

Dobei waer et meschtens besser sie geifen mol leiren Photoen machen an wann se dann d' Technik 1A beherschen fir eng Photo ze machen ass nach emmer genuch Zeit fir der Koenstlerecher Oder freien Laaf ze loosen.

Eng enerbeliichten verwackelt Photo wou en halwen Kapp drob ass ass net emmer Konscht.

An ziel lo net all Iebes, ech mengen du verstehs wat ech mengen.
Metalbambi 17.08.2008 - 15:27
Wanns de zwar hei um Site oder ob deviantart&co. keng artistech gudd Fotoen fenns dan geif ech der zwar mol urooden deng Aan obzemaachen wans de Fotoen kucks. closed_eye
Hues vollkommen recht dermat daat vill Sch**** ob den Siten ass, mee ass awer och eng relativ grouss Unzuel richteg geil Fotoen!
Luc_69 17.08.2008 - 16:59
Dat hun ech jo nie behaapt, ech sot jo Konscht muss mol defineiert gin irr een kann soen, dat doten ass Konscht an dat doten keng.
Secher sin hei um Site en ganzen koup Photoen dei ech och megei geil fannen, wou awer en richtegen Konschtkritiker geif sooen. Langweileg, keen Kenstlerechen Wert etc..

Z.b ass et Haut iwerhaapt keen Problem mei en geilen Panorama ze machen.
Freier wor dat eng Konscht, ech hun firun 15 Joer s/w Panoramen am analog gemach 3-4 Meter lang, wor dat Konscht, ech wees et net, et wor awer secher en enormen Obwand an huet geil ausgesin.

Haut hels du den Apparat an dein Stative, gehs der en geilt Motive sichen , mechst 5-10 Photoen aus der Setzwoo an pechs se am Photoshop zesummen. Tutorials gin et der ganuch.
D'Resultat, du hues eng mega geil Photo, sugur farweg, ass et durfir Konscht ?? Fir dei eng jo, fir dei aner nee.

Et ass dat wat ech wollt soen.
Ech ziteieren dech emol ... sie ass mega gudd an langweileg ... hmm ass dat net vieleicht och Konscht ?? Fir verschidden Leit secherlech jo, fir anerer net.

@All, denk mol doriwer no Ierr dir liichtfankeg iwert aneren Leit hier Photoen jugeiert.
Et kann een secherlech soen, deng Photo sprecht mech net un, oder ech fannen se langweileg aus dem oder dem Grond...Mee mat esou groussen Saetz wei " deng Photo huet weder en creativen nach en Kenstlerech wert.." geif ech mech zreck haalen.
klex 17.08.2008 - 18:06
De Satz wua schon iwwerluecht an och lo na su gemengt, mee du hues ganz räscht wanns d sees du gifs gären de Grond wessen. An deem Senn schreiwen ech wann ech namol soueppes soen och natierlech de Grond dabäi...bestemmt!
Metalbambi 17.08.2008 - 19:38
Konst get net duerch den Arbechtsobwand defineiert, mee duech d'Resultat. An deem Senn ass en richteg geilen Panorama haut nach genau d'selwecht vill waert wei vrun 15 Joer, eben just daat mittlerweil mei Leit d'Meiglechkeet hun et ze probeiren. Soss wier dei mettelmeisseg Foto vun engem schlechten Fotograf, deen sech huet mussen krepeiren vier se nach nemmen mettelmeisseg ze kreien, kenstlerech mei waert wei di Topfoto vun engem, deen Fotografie am Bludd huet an et gudd kann.

Zum Thema iwwer Fotoen jugeiren: ech hun hei um Site nach net oft gesin daat een wu eng Foto zu onrecht als Scheiss ofgestempelt huet net d'Panz gerappt kruut. closed_eye
Luc_69 17.08.2008 - 21:28
Zum Panoroma, firun 15 Joer wor et schon eng Konscht fir den Panorama iwerhapt zesummen ze krein dass een d' Iwergaeng net gesin huet. Dat geht haut schon greistendeels automatesch.

Zu desem Portait, also ech mengen net dass desen Portrait als scheiss oofgestempelt gouf, vun kengem, och net vun denen Leit den en vieleicht net esou creative oder langweileg fannen.
Sou brauch och keen eng Panz gerappt ze krein.
Metalbambi 17.08.2008 - 22:09
Waa allgemeng gemengt an lo net ob desen Portrait bezunn. closed_eye
Metalbambi 17.08.2008 - 15:35
Zur Foto: et ass lo keen Portrait wu mech vum Hocker geheit, mee ass awer schein propper Arbecht. Se ass mega gudd an 'langweileg' (klengt lo e bessen ze fies :/ ) zugleich.
Luc_69 17.08.2008 - 17:05
Gell smile
Johny 18.08.2008 - 10:42
Ech äntweren sou, als neie Kommentar well dat anert geif duergernee ginn: Du hues natirlech och net ganz onrecht matt dem waats de op mäi Kommentar gäntwert hues. Et gi Leit déi gesi Saachen als Konscht un, déi sinn einfach .. jo, mir verstinn eis.

Mee du soos durno nach:
Mee mat esou groussen Saetz wei " deng Photo huet weder en creativen nach en Kenstlerech wert.." geif ech mech zreck haalen.
do verstinn ech lo net wisous de dat schreiws? Du hues jo selwer gesot dass de näicht rieseg kënschtleresches wolls hei kré'éiren, wat ass dann falsch un sou Sätz? smile Du hues et jo amfong dann selwer bestätegt dass et sou ass, just du hues eben gesot dass dat och net däin Ziel war.
Luc_69 18.08.2008 - 11:57
Salut Johny,

Ech hat dat lo net speziell ob dech bezun, den Satz wor schon eischter gefall.

Ech wollt domadder soen, dass een an mengen Aan muss Konschtkritiker sin fir esou Aussoen ze machen an dann och koennen ze verteidegen. An ech denken net dass hei um Site international unerkannten Konstkritiker sin, ech loosen mesch awer gaeren eppes besseren beleieren.

Ech sin och weder rosen nach beleidegt.

- Luc -
Johny 18.08.2008 - 12:13
Jo ech wees dass de Lex dee Saz soot smile

Wisou muss een international unerkannt sinn fir Konscht ze kritiséiren? Et muss ee jo och net international unerkannt sinn fir Technik ze kritiséiren smile Ob een (an desem fall du) Kritik unhëllt ass dem jo komplett iwwerlooss.

Ech hun nach virdru mam Tom am MSN geschwat, huet mech drun erennert dass de Informatiker bass an automatesch immensen Wäert op Technik lees (ech jo och). Mee trotzdem feelt bessen eppes nach menger Meneung no. Well wéi ech fannen sinn sou "Beauty" Fotoen just geduecht fir professionell Zwecker wou d'Ziel net ass eng gutt Foto ze maachen, mee de Mënsch propper ze weisen/présentéiren. Do kënnt et wirklech guer net op d'Konscht un, do gëllt just Technik.
Luc_69 18.08.2008 - 13:41
Noe international muss een secherlech net unerkannt sin fir irgend eppes ze kritiseieren. Do hues de schon recht.
D' Qualitäit vun den Kritiken kanns de jo hei noliesen.

Ech hun och lo keen Bock mei fir mesch nach 50 mol ze widerhuelen. Wann een eppes kritiseiert, dann w.e.g konstruktive an mat Begrennungen.
Wann een dat awer net kann oder keng Loscht huet seng Kritiken weider ze erklaeren oder Virschlei ze machen wie een et besser machen kann, dann haellt een seng Kritik besser fir sech.
Soss ass et naemlech destruktive Kritik an dat ass Kaabes an intresseiert keen Mensch.

Zum 2. Deel vun dengem Komment...

Ass dann elo esou en Beauty Foto mei eng schlecht Foto ?

Wieso gin ech hei gefrot wieso ech iwerhapt Fotoen machen wann ech bei deser hei net esouvill Wert ob Konscht geluecht hun.

An der Photographie gin et esou vill Sparten an Richtungen bei denen Engen get eben mei Wert ob Konscht gluecht, bei denen Aneren eben mei ob Technik. Woubei ech der Meenung sin dass bei all Foto en gewessenen Undeel vun denen zwou Sachen soll sin.

Ps. Ech hun hei um Site Portraien fond dei vun der Jury als Topfoto ausgezeechent gin sin, dei zwar technesch och ganz schein sin, an mengen Aan awer och weder en kreativen nach en koenstlerechen Wert hun.

Trozdem fannen ech se schein an sin der Meenung dass se verdengt hun "TopFoto ze sin"

- Luc -
Johny 18.08.2008 - 13:45
Ech soot jo bei menge Saachen all dass dat just meng perséinlech Meenung ass, an ech dat net wëll verallgemengeren smile Also dat ganzt matt Fotograféiren wéinst Konscht asw. Ass just well ech mer et perséinlech net virstelle kann, méi net.
Luc_69 18.08.2008 - 13:53
Du an den Klex jo, ursprünglech hat ech jo och um Shogun sein Koment geaempfert.
TomEwert 18.08.2008 - 11:04
also mat der grousser Gefoor dass sech keen schwain interesséirt waat ech hei schreiwen smile well ech dann trotzdem probéiren hei en bessen tescht den seiten ze vermettelen.

op der enger seit hun mir den photographe deen hei sein kennen an saachen portrait komplett enner beweis gestallt huet. Seng beliichtung ass 1A, seng retouche makellos. An ech kennen den Luc och perséinlech an wees dass daat sein ziel wor ; eng makellos photo am bereich beauty duerzestellen.

Op der aanerer seit hun mir d'photogen user déi (an ech versichen mech méiglechst viirsichteg auszedrecken) einfach eng aaner opfassung vun photographie hun. An ech kann hei beiden Seiten recht gin.

Engerseits dem Luc, dass een schéinen einwandreien Portrait. Aanererseit den aneren Leit déi soen dass een hei net vill kann dran interprétéiren, dass vielleicht deen Aspekt vun der Konscht hei net komplett ausgeliew get. Ech mengen dass d'Konscht an enger PHoto weit ivert d'Technik erausgeet ... gerad esou wéineg kann een d'Konscht op d'Expressioun oder d'interpretatioun beschranken...

Hei eng kleng Definitioun vun Synergie "Das Ganze ist mehr als die Summe seiner Einzelteile" ...daat trefft och bei enger Photo vollkommen zou. dir hudd onrecht wann dir probéirt eng PHoto op seng eenzeldeeler ze beschranken. Eng Photo ass esou vill ... an kann komplett aanescht empfonnt gin vun verschidden leit.

Den Photographe verbennt domadder eng opwaennrecht luuchtstellung, en méi oder wéineg witzegen workflow, seng verschaffung um pc, sein stolz op d'endresultat.

Den autonormal PG User verbennt DEI GANZ speziell émotiounen natiirlech net mat der Photo an kann sech (net emmer awer ganz oft) onglecklech ausdrecken fir daat zum Ausdrock ze brengen. Dass beauty photography mat y geschriwen get Marc wees den Luc zwar och selwer... virun allem well heen all dag mat der englescher sprooch ze din huet ... deen comment wor net onbedengt op der plaaz menger meenung no.

Hei woren et einfach 2 verschidden approchen déi openeen geknallt sin ... amstatt einfach ze soen "d'sin keng kenschtleresch interpretativ elementer dran", setzt ierch zsummen, per PN oder Real an helleft ierch geigenseiteg nach méi aus aerem talent ze maan. Peace and Love xD
CANON 18.08.2008 - 16:28
Tom ech (CANON Schwein) hun dein Kommentar gelies...an vir gutfond....OK et wâr och mei kleng gagen ,mee ech liesen gären

CANON
TomEwert 18.08.2008 - 16:30
xD ...roo ... dir leet awer och alles op d'goldwoo. maja hoffentlech hun der nach en puer en gelies smile
Kwitchibo 18.08.2008 - 17:50
egalwei fannen ech Diskusionen emmer erem gudd! smile

peace out

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 294 Gäscht online