Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Freestyle 1

 
Freestyle 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.09.2008
  • Gekuckt:
    44875
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    2
  • Beliichtungszäit:
    1/800
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    44 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    111 KB
  • Originaldatum:
    2008:09:26 19:10:46
  • Fotoapparat:
    E-3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Misc  
Extras:
Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=30662]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ass mol zënter laangem eppes vu mir.

Dëse Weekend war hei zu Zürech Freestyle Event.
Ech hun nach ni ënner sou schwéire Bedingunge fotograféiert, bei deene Fotoën vum Skateboard, Freeski an Snowboard war guer näischt brauchbares dobäi. Trotz Iso 3200 alles verwackelt oder onscharf! : (

Wann ee mer tipps ka gin wéi een sech do besser uleet wier ech déck frou!

Ausserdem hun ech bei dëser Foto am Photoshop de "Motion Blur" duerno dragesat, mee ech mengen d'Fräistellen ass mer nët sou gelongen, och hei wier ech iwwert Tips dankbar.

Hei sin der nach e puer:
Freestyle

Rabicop 06.10.2008 - 18:58
E "Matzéiher" as nuneemol och heinsdo eng ChanceSaach.
Ech bezweiflen awer dats de deen mat 1/800 matkriss.
Ech wees och net wéiwäits de déng kamera kenns, mee den Autofokus op Beweegten Objéen stellen an einfach mat Gefill oofdrécken an mam Motorrad resp. skater mat der beweegung matgoen bis dat den verschloss rem zougeet.
Do sin zäiten vun 1/15 (bei roueger hand) bis 1/60 schéin am effekt.
Fir dann de motoradfuerer opzehellen muss de dai bletz op den 2.verschloss stellen (dann zitt en och nach e schwäif hanner sech an selwer gett en gudd ausgeliicht) an als Aufhellblitz verwenden. Dest as awer nemmen wierksam souwait dai bletz och geet. meeschtens net wäit genuch unhappy
Souvill dann zum fotographeschen. A saachen PS hätt ech och selwer net vill anescht gemeet wi's du... Flait kennt jo do och nach een tipp deen mir dann bessen helleft smile
ppit 06.10.2008 - 23:32
Villmols merci fir däi Kommentar, deen hëlleft mer wierklech e bësse weider.
Ech hun zwar nach aaner Fotoën mat ca. 1/80tel gemaach, (http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=30661) dat gesäit scho besser aus, mee op d'Iddi mam Blëtz an 2te Verschloss war ech nët komm. Dat wier hei awer wahrscheinlech gudd gaangen, well ech war vläit 5-10 Meter vun him ewech.

Wat mech vum Photoshop hir stéiert ass dee Bord ronderëm de Fuerer. Ech hun dee jo maskéiert, fir dass den Filter do nët wierkt, mee trotzdem zitt de Fuerer selwer e bësse Sträifen, di onnatierlech ausgesin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 285 Gäscht online