Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Kierchbierg Two

Kierchbierg Two
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.08.2009
  • Gekuckt:
    52796
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    12mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    nee
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x791
  • Späicherplaz:
    595 KB
  • Originaldatum:
    06.08.2008
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    12-24mm Sigma
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=38467]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ass meng 2t dann vun mengem klengen Tour iwwert den Kierchbierg.
n0kle 09.08.2009 - 16:22
Mir gefällt d'Foto tiptop, flott kombination vun faarwen. keng ahnung wisou, mais den Himmel huet (fannen ech mol) iergent eppes waat ma richteg gudd gefällt
Maimonides 09.08.2009 - 16:51
Wi all Foto gett och des vu lenks no rechts gekuckt. Hir Dynamik awer breet sech vu rechts no lenks aus. An dei Bewegung get vun de Wolliken am Himmel ennerstrach.
Gefaellt mir super.
Keup 09.08.2009 - 19:48
Jo wollt och na d Gebeih an den ieweschten drettels Punkt kreien mee dann haett ech zevill missten schneiden.

Merci
Keup 09.08.2009 - 16:24
merci nOkle.
JohnJ 09.08.2009 - 16:39
Flott voir ganz flott... :o))
Keup 09.08.2009 - 16:44
TY closed_eye))
Jeanny 09.08.2009 - 17:28
dei geseit cool aus, wonnerbar verschafft
Keup 09.08.2009 - 18:58
Merci Jeanny smile
kruemelatease 09.08.2009 - 17:43
Rau dat do! Gefällt mer immens!!!!!
Keup 09.08.2009 - 18:58
closed_eye
Poly 09.08.2009 - 18:39
alles suppi cool
Keup 09.08.2009 - 18:58
Ty Poly
Metalbambi 09.08.2009 - 21:07
Cool Perspektiv an Teinung!
Laafen puermol an der Woch do riwwer an hun et nach nie sou gesin... eng Schaan.
Keup 10.08.2009 - 01:08
Sou geet et mir och oft bei Plaatzen wou ech ze oft gesin.

TY
Mika 10.08.2009 - 01:14
Deng Verarbechtung, zumols den Himmel ass richteg lecker! De Cadrage dreit natierlech och vill derbäi, daat dei hei eng gudd Foto ginn ass smile
Keup 10.08.2009 - 01:18
Jo mier gefaellt se selwer saugudd an daat kennt net sou fir bei mengen eegenen. Mee op ech dei Verarbechtung nach emol sou hierkreien daat ass na eng aaner geschicht. Schaffen emmer drop lass an en Pro am Photoshop sin ech och wierklech net.
Mika 10.08.2009 - 01:26
Ech fannen deng Teinungen droen awer emmer (meeschtens bigsmile) eppes zu dengem Stil bei, ass scho markant bei dir closed_eye Secher, du solls jo och nitt emmer hoergenau daat remproduzeieren waat schon engkeier do wäer, daat gett kee Fortschrett bigsmile Mee dir gelengt et oft, eng sauflott Teinung ze fannen, dei zur jeweileger Situatioun an Foto passt!
Keup 10.08.2009 - 01:31
Jo am PS leeft alles iergendwei spontan an ech muss awer na vill leieren fir och en Effekt op Kommando ze brengen deen ech am Kapp hun. Ass mer am Moment na ze vill Zoufall dobei.
Mika 10.08.2009 - 01:34
Selwer kritesch bléiwen ass emmer gudd, mee hei dierf een dech och mol luewen smile D'Méiglechkeeten am PS sinn wierklech onbegrenzt, do kannste dech doutsecher nach vill ameséiren closed_eye
Keup 12.08.2009 - 19:33
closed_eye jo leieren emmer bessen bei.

Mee en Cours matzemaan wier och mol net schlecht.
rom 10.08.2009 - 08:36
Haal dach mol op mat deen gudde Fotoen do! angry bigsmile
Do huet ee jo keng Chance méi smile
Keup 10.08.2009 - 11:45
ech schaffen aus Frust well keen mat mir an d Vakanz gefuer ass. Oh dach hei sin der puer wou ech na vill muss ueben an daat ass och gudd esou. closed_eye
No_Saint 10.08.2009 - 10:51
Scheint Bild, excellente cadrage !!
Keup 10.08.2009 - 11:46
TY No_Saint.
Mochel 11.08.2009 - 20:05
Cool Opnahm gefällt mer ganz goud. Den Bearbeschtung hei as der goud gelongen
Keup 12.08.2009 - 19:31
Merci Mochel closed_eye)
Zophie 13.08.2009 - 13:17
En ganz intressant Vue fun enger Plaatz wou een schon 1000mol driwer gang ass mais nach ni aus sou enger Siicht smile Haptsächlech déi verzerrten Ziffren, d'Farwen an den Himmel gefalen mir ganz gut
Keup 13.08.2009 - 19:13
Merci. Hat dei Zifferen wierklech och na nie gesin. Mee wann een Zeit huet geseit een villes.
Zophie 13.08.2009 - 22:36
Gesin hat ech se schon, mais net drop opgepasst. Mais ass wouer, sollt een eigentlech all déi Platzen wou een sou oft hingeet mol eng kéier méi genee kuken dann fent een fill intressant Saachen.
Keup 14.08.2009 - 15:04
Genau gudd unkucken an dann zereckgoen wann d Sonn esou steet wei een se well. Beliichtung ass jo baal alles.
Gaga 17.08.2009 - 00:14
super, an dann 2x t'foto fun der woch, ganz verdenkt !
felicitatiounen !
Keup 17.08.2009 - 09:37
Wow, elo gesin ech daat mol. Merci wierklech un all dei dei mir eng Stemm gin hun. Jo 2 mol haett ech nie geduet.
Kwitchibo 17.08.2009 - 13:21
SUPER ! mei brauch ech net hei ze soen!
mbG

vun engem Diddelenger zu engem anneren closed_eye
Keup 17.08.2009 - 13:29
Merci Kwitchibo. closed_eye))))))

Sin wierklech mega frouh daess ech no villem murksen an liesen och an den Fotoen vun der Woch vertrueden sin.
John_Doe 30.09.2009 - 07:52
Richteg flott gefällt mer gudd.
Keup 01.10.2009 - 15:49
Merci John.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 600 Gäscht online