Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Graffiti

 
Graffiti
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.01.2010
  • Gekuckt:
    26826
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/6,7
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    --
  • Beliichtung:
    +0,0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    364 KB
  • Originaldatum:
    19/01/2010
  • Fotoapparat:
    Alpha 700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Minolta 28-105
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42278]
Kommentar vum Fotograf:
Stroosenszene zu Santiago
suraki 26.01.2010 - 18:21
buerféiss, d'Aen zou, dei eng Hang um Bächer déi aner um Häerz,
an d'Sonn op Mëttech .... immens schéin an top Street, wéi én en
vun dir kennt smile
Miau 27.01.2010 - 13:13
Merci Edy
Gaga 26.01.2010 - 18:42
genial !
ps:kritt een epes aus dem graffiti entziffert ?
ech fannen t'foto sou schon immens, mais wann elo nach een kloren message fum graffiti geif kommen,deen an verbindung zum mann op der bänk wier...
Miau 27.01.2010 - 13:12
merci Gaga, iwert de Kapp vum mann kann ee "grito" liesen dat kann "Schrei" sin oder och "ech schreien" vläicht kann een dat als "Schrei no Gerechtigkeet" interpreteieren ???
Gaga 27.01.2010 - 16:10
jo, den groussen schreftzuch as zefill verschnörkelt, ausser engem "e" fannen ech naischt !
gtaddei1 27.01.2010 - 12:06
Nu jéé .. Virwaat déén dooten cadrage?
Miau 27.01.2010 - 13:02
bei Streetopnahmen kënnt es op de Moment hun, do huet een nit vill Zäit no de Cadrage zu gucken. Bei di nächst Opnahm ass mir een dra gelaaf, erno huet de Bop op d'Mauer geschaut...
gtaddei1 27.01.2010 - 14:19
Daat ass wo'er .. et huet een nett vill Zeit fir ze iwerléen dann muss et schnell goen ... waat war den thema vun denger foto de Graffiti oder de Bopi... ech mengen wann 'ste esou eng szeen gesaiss dann ass de Bopi dei Zentral Figur an den hannaergrond gett drammatik ... Kuck dei Haltung,, dei plakesch Feiss ... sei Liewen ass iwersinn am Chaos vun eisem Liewen dén durgestallt gett vun desem verwurreltem Grafiti)...
De Bopi verleiert an dem dooten cadrage un Kraaft ... Et géét duer hien am drettel ze brengen e bessen espace am vordergrond , manner riets a lenks ... daat geif dem thema (dein thema ) méi impakt ginn
suraki 27.01.2010 - 17:48
virwaat nët, gtaddei1 ? (ech selwer, fannen en exellent)
gtaddei1 27.01.2010 - 18:16
verstinn d'Fro nett.
Immerhin dei foto ass super an villeicht , fir mein gout (étant donné daat se elei gewisen gett fir daat mir se gesinn an dann apprécieren oder och nett) ... wiederhuelen... dei ass super méé ech hàtse e bessen aanerschters gecropt... plus serrée avec un peu plus d'espace au niveau du bord inférieure etc etc...
Néés ass daat nemmen eng Affàr de gout méé och de Compo (wou ech nach vill ze leieren hunn )
suraki 27.01.2010 - 18:50
du hues just geschriwen ,
@Nu jéé .. Virwaat déén dooten cadrage?
an ech sot
@ virwat nët ?

irgendwéi hun ech et awer verpasst deng Änwert ennert dem Miau zu liesen,
vierwat ? normalerweis liesen ech alles !? smile

meng Fro awer elo, an elo kréien ech der erem vu riéts a lènks an d'Sabbel ;)
... musse mer emmer eppes besseres an den aneren hiere Biller siche goen, oder solle mer se nët einfach esou geneissen, ewéi dén dé se gemach huet? Déjéinegen huet sech bestemmt eppes derbei geduecht fir se esou ze brengen ... oder et as nët méi démseng Foto ... wann se geännert oder kadreiert get , ewei en aneren et gären hätt.
Ech selver kéint mer bei deser Photo 3-4 verschidde gut ! Kadrage virstellen, ... wär et dann dem miau séi Bild ? smile

Dat heiten war awer elo bestemmt nët béis gemengt !!!, an och nët nemmen op dest Bild, desen Fotograf oder Kommentator gementzt smile
Einfach nemmen am allgemengen a vir nozedenken ?

lo kréien ech awer wahrscheinlech gesot , dat mer hei sin fir ze léieren ....
an dat de Site hei als Schoul geduecht as.

.... mmm ok , dat as och nés nët falsch ! lol




gtaddei1 27.01.2010 - 19:58
Wann du liest watt ech geschriwen hunn danngeseist du och daat ech dir recht ginn.
Ech hunn gesoot dat daat meng meenung ass an daat dei nett misst gedeelt sinn.
Mé ass et nett och eng méénung ze soen daat d Bild gut ass ... an douno denkt een aanersters . Dann déélt één seng ménung an den auteur mescht domden waat hien well. D Kritiken sinn oft schlescht an konditioneiert vun engem subjektivem Afloss ... daat hescht en accord zu sengem égenem Gout ... an daat ass falsch fir engem aaneren seng Biller ze jugeieren.
En plus hunn ech ké jugeiert mé nemmen waat ech dobei geduercht hun...
Keng ménung auszedrecken ass ignoreieren ... net emmer mé oft.
An der Schoul simmer eis ganzt Liewen, Ideen ze déélen an ze diskuteiren ass relativ rare ginn... mé wann één et mescht dann stousst én garen geint sensibiliteiten ... mé daat ass de Prais vun der Konfrontqtioun .
Ech sinn frou dass mir dei Diskussioun elei haaten well ech denken wei du ...
Enfin d Foto ass een Language déén , ewei bewiesen, eisen Gehier usprecht ewei Wieder , mé wann de Saatzbau nett stemmt an d Grammatik falsch ass , ewei mein geschrivenen Lux, dan verstinn mir eis nett ... mé et gnn néés dei dei eng aaner sprooch schwatzen asw
suraki 27.01.2010 - 20:37
wann én sech géieniwer giff setzen, hätte mer elo eng flott an interessant Diskussioun smile smile U sech war et e Gedankespill wou ech selwer och emmer meng Problemer hun, (ech selver hu mech domadder mat abezunn, an och selver ertappt *g*) ... soll ech elo eppes schreiwen oder nët, ... get et elo komësch opgeholl ... oder oder smile
Wéis du schons geschriwen hues , as et richteg formuléiert oder nët, mat engem vergiessenen Komma kann én blesséieren ouni et ze wellen smile

Gaga 27.01.2010 - 23:10
pfff, lo haat ech schon geduecht ehc keinnt hellefen dech ze beetschen !!!!!
mais effektiv, eh gesin och eichter esou dat wann een esou eng remarque schreift, een einfach well wessen FIERWAAT den auteur eben des leisung gewiellt huet ? huet en sech epes derbai geduecht waat ech net gesin ?
fill leit huelen daat als kritik, obwuel et eichter eng fro as ! oder souguer wei hei ganz kloer !
zum schluss huet jo jiddereen t'excuse fun der konscht ....
Miau 27.01.2010 - 20:07
OK dir all, den gtaddei1 huet och Recht, de Cadrage has eng Affaire de gout. Die, wie den Suraki, di mech kennen, wëssen awer och dat ech vun der aler Schoul si, wou der Cadrage bei der Opnam entsteet an herno net méi geännert gëtt. Den gtaddei1 sief awer gesot dat ech wahrscheinlech méi all si ewéi de Bop um Bild mais mech nach net al genuch fillen fir net bei zu leieren, ech si also frou iwwert all Kommentar...."smile"

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 245 Gäscht online