Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Audi Forum Ingolstadt

 
All Fotoen an dëser Serie:
4788 Thumbnail
4789 Thumbnail
4790 Thumbnail
4791 Thumbnail
Audi Forum Ingolstadt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2010
  • Gekuckt:
    30225
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Originaldatum:
    Oktober 2009
  • Fotoapparat:
    Olympus E-3
  • Objektiv:
    14-54 f/2.8-3.5
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ
Präbbeli
En Duch fir d'Lëns emmer rem ze drechnen

Fir anzesetzen: [pg_img=42853]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu schon éiweg näischt méi eropgelueden a geduecht ech giff dat mol änneren.

Dofier hei eng Serie vum Audi Forum zu Ingolstadt, di 3 éischt sin HDR Biller. De Panorama besteht aus insgesamt 20 Fotoën, jeweils 4 fir de Panorama an 5 fir den HDR.

Ech hoffen d'Biller gefalen iech, a frée mech iwwer Kritik.
Houll-art 16.02.2010 - 16:06
fannen den HDR ass gelongen, an Audi ass souwisou gudd smile
Laurent76 16.02.2010 - 16:07
Mir gefällt den Panorama super gudd..., an den HDR ass och super gelongen!
gunman 16.02.2010 - 17:16
Den Panorama ass WAHNSINN ! Gefällt mir super, besonnesch déi dezent Spigelungen op deem naassen Budem. Ech willt ech wéist wéi daat do geet...
shingo 16.02.2010 - 17:22
Ganz gudd gerooden!!
ppit 17.02.2010 - 01:23
Villmols merci fir di positiv Kommentarer.

Ech sin am Summer all Owend do laanscht gaangen, an hu mer geduecht dat giff eng gudd Foto gin, mee ech hun extra op en Dag gewaard wou et riicht era gereent huet, well ech di Spigelungen um Buedem wollt hun.

@gunman
Fir den HDR an Tonemapping benotzen ech Photomatix. Ech hu fir d'éischt ëmmer 5 Biller (-2EV -1EV 0 1EV 2EV Beliichtungskorrektur) zu engem HDR verschafft an den Tonemapping gemaach. (Fir déi di Photomatix kennen, ech hun hei den Tone Compressor benotzt, well deen net ganz esou surreal Resultater liwwert).
Dono hat ech dun 4 HDR Biller am 16bit Tiff Format, di ech mat Photoshop zu engem Panorama verrechent hun. Dobäi ass et wichteg, dass ee fir di 4 HDR'en di selweht Astellungen am Photomatix geholl huet, da kritt de Photoshop se besser unenee gesat.
Deen aanere Wee, also fir d'éischt 5 Panoramaen erstellen, an dann zum HDR verrechnen misst och goën.
Duerno am PS nach eng Waasserdrëtongues op der Lëns ewechgestempelt.
Dee läschte Rescht, e bësse Saturatioun, Schieter a Luuchten nach eemol liicht justéiren, noschärfen a verklengeren hun ech dun am Aperture gemaach.
(Dat geet och alles am Photoshop, mee ech hu méi gewunnecht mam Aperture)
Ech hoffen dee Mini-Tutorial erklärt ë bësse wi ech et gemaach hun. E stabilt Stativ ass natierlech onbedingt néideg.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 496 Gäscht online