Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Plansee Pano

 
Plansee Pano
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.05.2010
  • Gekuckt:
    46873
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x738
  • Späicherplaz:
    522 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45868]
Kommentar vum Fotograf:
Jo dann hei de Pano vum Plansee, d`Waaser war do net mei grad sou roueg wei beim deier aanerer Foto, mee Reflektiounen sin awer na emer flott gin :)

hoffen et gefällt :)
hei na eng Keier dei aaner:
Plansee upside down
wuff 30.05.2010 - 18:53
Schéinen Panorama, immens Faarwen.
Locke 30.05.2010 - 18:56
Thxsmile hei kennt och enfin mol d`Fuerw vum Waasser gudd raus op der aanerer huet een daat net gudd gesin
Nemo 30.05.2010 - 18:56
Kuck wat as en rem frou dass en zu Treier setzt an endlech rem kann un sengen Fotoen triwelen...smile

Nevertheless hues de do gudd geschafft. As wirklech gelongen.

Schengs jo bei de Pano'en deng nei Leidenschaft fonnt ze hun...mee du wees weivill Streech et am Summer gett wanns de bis ufänks wellen Ënnerwaasserpanoramaen ze machen ne...bigsmile
Locke 30.05.2010 - 18:57
wart am Canion zu Lloret daat geet e gudden Ennerwaaserpano tongue messi awer smile

(wart mol muar op d`Pano`en vun Neuschwanstein) closed_eye
Nemo 30.05.2010 - 18:58
Jo do sin ech gespaant. Gett bestemmt och pas mal....
Locke 30.05.2010 - 18:59
hun dei bessi op aal Postkaart getrimmt closed_eye

ps: kuck mol pinnwand bei dengem Frauchen op FB, dei keint een hei gudd enner "Expressiounen" maan bigsmile
Jeanny 30.05.2010 - 19:30
jo Locke, dei ass wonnerbar ginn
Locke 30.05.2010 - 19:32
hehe thxcool wollt na an de Kommentar schreiwen "nemme fir d`Jeanny" closed_eye
Pelz 30.05.2010 - 19:40
Wei idyllesch!!! Do well ech hin!
Locke 30.05.2010 - 19:42
600km an du bass do, a Neuschwanstein as op 15min vun do, da kanns de do och puer Shootings maan goen smile
Pelz 30.05.2010 - 19:43
Dann wees ech jo wou ech mol hin gin smile
g3ckko 31.05.2010 - 13:41
Du gess emmer besser. Dei hei as einfach mega!
Locke 31.05.2010 - 13:43
messi härzi an och fir de fav bigsmile
gtaddei1 29.11.2010 - 10:58
Ouahh flott
Wou ass dat ? Bestemmt mei no ewei am Mass
Locke 29.11.2010 - 11:01
De Plansee an Eisterräich, net wäit eweg vun der däitscher Grenz (30km vum Schlass Neuschwanstein an ongefeier 80km vun Innsbruck) sin ongefeier 650km bis dohin.

Merci smile a na eng keier Gratz fir deng Wochefoto smile
gtaddei1 29.11.2010 - 11:51
Merci villmools opschons , sinn dei fir dess gewielt hunn och danbkbar... mé d'Foto vum Miao (de Bisquit Cognac an der Hand vum Beifchen) ass eifach eppes superlatives gewiecht. Et ass rare daat eng Foto mech esou unsprecht.
Locke 29.11.2010 - 16:42
same here smile
McQueen 29.11.2010 - 11:11
Schéinen Pano, Locke...
...mais....
hues du schon mol gekuckt wei se wier, wann se uewen an ennen den gläichen Ofstand hätten ? (also den wasserniveau = d'mett ) just eng Iddi smile
Locke 29.11.2010 - 11:20
Jop, mee mär huet se sou gefall smile (war scho frou dass se iwerhaapt eps gi war, war nämlech fräihänneg, mee merci awer fir Kritik) smile
McQueen 29.11.2010 - 11:22
Moment bigsmile, daat wor keng Kritik, mais just eng Fro ? tongue
Locke 29.11.2010 - 11:25
lol ok closed_eye mee merci trotzdem bigsmile
Poly 29.11.2010 - 12:15
eng herrlech Foto, dass gutt dat hei an do esou oldie erëm optauchen well vill do sinn déi e verpasst huet closed_eye
Locke 29.11.2010 - 16:42
lol bigsmile
merci objidderfall smile
sylvie 09.01.2011 - 19:04
Die ass zwar wirklech flott, ech sin wirklech Fan vun Reflektiounen cool
Locke 09.01.2011 - 19:17
messi smile mee kuck mol dei kleng quadratesch, do sin Reflexiounen na mei propper, et brengt et heiansdo moies um 7 opzestoen fir keng Kanner ant Bild ze kréien closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 237 Gäscht online