Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Feathers

 
Feathers
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.08.2010
  • Gekuckt:
    35091
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    193 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=48354]
Kommentar vum Fotograf:

plommen als deko
Metalbambi 23.08.2010 - 23:52
Bei den Aan hues de zwar en bëssen vill iwerdriwwen... closed_eye
gtaddei1 24.08.2010 - 00:03
Fannen ech och dass d'Aan e bessi alienantesch psychedelesch sinn ..
Maimonides 24.08.2010 - 00:13
Di do muss ee ganz kucken:
net nemmen 2 Mol 1 Halschent.
An duerfir passt dat Schieft.
A mindestens 1 Plomm
ass vun deem gemoolt
deen se unhuet.
Esou kennt se riwer
bei mir mol.
Eng Koppel ?

Superinteressant, Marc,
a grad esou gutt
an d Scene gesaat.
Zu 2.
Keup 24.08.2010 - 09:49
Also op mengem Schirm hei op der schaff sin d'Aan net iwerdriwwen. Daat well zwar neicht heechen well en glad net kalibreiert ass mee ech fannen deng Kompo net schlecht an d'Photo un sech saugudd.
MarcGerard 24.08.2010 - 11:03

wann een zevill op photogen an esou hänkt verléiert ee fläit de sën eng photo ze kucken. jiddefalls kënnt et emmer erem vir dass een direkt de fotograf, de fotoapparat oder de photoshop kuckt amplatz einfach 't foto (oder opt mannst mol einfach 't luucht) smile
ech verstin dat och: et get esou vill manipuléiert, dass ee guernet méi weess wat ee gleewe soll. an dat wäert sech an zukunft net änneren, dovir musse mer eis drop astellen: entweder mäer acceptéieren 't foto wéi se as a fannen entweder 't kompositioun oder 't technik gudd/schlecht. oder mäer kënnen es net domat owfannen a siche bei all foto no photoshopfehler. et as net virt éischt dass een e PS-fehler mengt fonnt ze hun, deen numol einfach net PS, mee luucht oder schiet oder faarw as.
ech sin nach engkéier extra bei mäi raw kucke gang, well der mech elo onsecher gemach hut, mee do as absolut kee pixel bei den aa'en ugepak gin.
ech hun eppes montéiert -fläit fënnt een et- mee näischt bei den aaen. dat as einfach eng kombinatioun vu schéinen aa'en mat vill luucht dran.
ailenhaft as anecht.
dr_kim_veis 24.08.2010 - 14:28
word man!
Metalbambi 24.08.2010 - 17:37
Errare humanum est... Ass mir eng gudd Léier. smile
Respekt vir d'Erausschaffen dann! tongue
ApplEric 24.08.2010 - 12:13
Also ech hun hei naischt zu den Aan ze meckren, dei gefälle mer gudd, och naischt zur Foto, dei ass och exzellent, dass een lo lenks dei graphesch elementer su grouss hudd ass à discuter, dat sprecht mech lo net sonnerlech un, et lenkt eischter vun der Foto oof.
Wei huss de dei graphesch Elementer iwwerhaapt gemaach? Am Photoshop gezeechent, gescannt oder wei?

Wat ech mech awer lo froen: Wolls de eng Beautyretusch maan, wells de d'Haut su glaat gemaach huss?
Wann jo, ass et net wierkelch eng gudd Beautyretusch, well een d'Haut nie ganz glaat mecht, d'Profien leen emmer nach eng Hauttextur driwwer, maskeiren, asw. fier dass een emmer e bessen Pooren geseit, och wann et net d'Haut vum Modell ass, ma eng Textur. Mee d'kann een natierlech och bessen d'Pooren vun der original haut lossen, mee glaat sen se nie. Hun ech och reicht firu kuerzem geleiert, den "Photoshop-Guru" Calvin Hollywood hat eng Vierlesung an eiser Schoul gehal.

Sou glaat Haut hudd eben keen, an bei der High-End Retusch passen se eben ganz genee dropp op. Mee dei kreien jo och 20.000 €uro pro Bild.

Mee d'Foto ass ganz gudd! Wor lo just e bessen eng konstruktiv Kritik wat een bei der Retusch vun der Haut an beim benotzen vun grapheschen Elementer kinnt besser maan. closed_eye
MarcGerard 24.08.2010 - 12:21

dat mat der haut halen ech der gudd. as mer zwar net nei, mee wanns de 't foto net esou kleng giffs gesin, mee dat richtegt bild hei vurun der häss giffs de och 't srtuktur gesin. ech hat 3 softboxen renderem stoen. normal dass 't aaen sou hell sin an dass 't haut quasi net misst retuschéiert gin.
ech man net nach eng hautstruktur drop, mee man emmer meng blur-ebenen herno transparent, soudass 't haut bleiwt wéi se as, mee eben nemmen trasparent geblurred. hei hun ech dat och esou gemach closed_eye
merci vir déng kritik closed_eye
ApplEric 24.08.2010 - 12:25
Okay! Dann ass d'Bild ze kleng! Dann hätt ech gäer en 60x40cm Poster fier dat ganzt en Détail ze kucken! closed_eye
Mee awer ganz gudd aarbecht, o alle Fall.
Wei has de dann dei Ornamentik lenks gemaach, do kinns de flait nachemol dru schaffen, dass et passt well d'ass eng gudd idee, bessen Freiraum ze schaafen an net nemmen eng Foto ze präsenteiren.
MarcGerard 24.08.2010 - 12:45

dat si brushes closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 376 Gäscht online