Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Liewen op der Strooss 3

 
Liewen op der Strooss 3
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.12.2010
  • Gekuckt:
    22074
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    115 KB
  • Originaldatum:
    2010:12:03 16:50:32
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 50D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51146]
Kommentar vum Fotograf:
suraki 03.12.2010 - 18:12
alt erëm e Street deen et u sech huet,
(e klengen Satz drënner wär awer flott)
Maimonides 03.12.2010 - 20:42
Ech kommentéieren keng Foto méi, wou de Fotograf selwer null Kommentar derzou geschriwwen huet. Och wann se mir géif gefalen. "E klenge Saz geet duer", wéi's du gesot hues, Ed. Souguer 1 ganz ganz klengen wär schonn genuch.
Carol 04.12.2010 - 12:16
Du hues recht, ech hät kéinten e Satz schréiwen. Ech hu probéiert dat nodréiglech ze maachen, mä mengen dat geet net?

Ech muss soen dass ech e bësse schei war e Komentar dobäi ze schreiwe (opwuel dat am nohinein blöd ass, well et souwisou op Lëtzebuergesch wier), well ech am fong e bëssen e schlecht Gewessen hunn dass ech Fotoe gemaat hunn vu Leit deenen et net gudd geet....an ech perséinlech kénnegeléiert hunn. Ech wollt am fong sou wéineg wéi méiglech vun hirer Identitéit präisginn...mä du hues Recht, ech hät och kéinten eppes schréiwen dat näischt mat hirer identitéit ze din huet!
Maimonides 04.12.2010 - 15:58
Du hues et jo elo gesot a geschriwwen, Carol: dat "schlecht" Gewëssen fir d'Foto ze maachen an ze weisen, seet Villes.
Eleng wéinst deem do Saz gefält deng schéin Foto mir nach vill besser, well se och diskret ass. An d' "dignité humaine" ass respektéiert souguer an deem skandaléisen Kontext do fir deen dës Mënschen kee Fatz kënnen.
Wann's du eis se net esou gewisen häss, wéisste mir net dass et dat konkret a perséinlech géif ginn.
Carol 03.12.2010 - 18:19
An engem Park am Norde vu Brasilien. Hei wunnen e puer familie schonns säit joeren.
suraki 03.12.2010 - 18:41
ech hat esou guer un Brasilien geduecht smile .... ok, dofir muss en net vill Fantasie hunn.
Hat eng Kéier eng Ausstellung iwwert Stroossekanner vun do gesinn, déi Biller sin hänkebliwwen.
Carol, merci fir d'Erklärung.
Poly 04.12.2010 - 12:37
schéine Street Carol, mä ech mengen och fir flott ëmmer e klenge Commentaire dobäi ze setzen, dass jo awer interesséiert, fir gefuer ze ginn, wou wat ass, well munnechmol mëscht dat eréischt Foto fäerdeg, wann e weess ëm wat et geet smile
fir eppes nodréiglech ze änneren, kanns jo op de de Knätonguepchen "änneren" goen dat kanns de, den Text bäisetzen closed_eye
Carol 04.12.2010 - 13:01
Merci. Méng Komputer skills sinn zimlech begrentztsmile
Poly 04.12.2010 - 13:35
dat kënnt nach alles smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 405 Gäscht online