Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ech hunn (bal) emmer...

 
Ech hunn (bal) emmer...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.12.2010
  • Gekuckt:
    23112
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x477
  • Späicherplaz:
    240 KB
  • Originaldatum:
    fin decembre 2010
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Silver Efex Pro.

Fir anzesetzen: [pg_img=51855]
Kommentar vum Fotograf:
...probéiert dat Dengen do net mussen ze knipsen. Hei passt et awer well een et net ganz gesäit.
Duerfir gesäit een d Héichwaasser vun der Seine awer besser.
arwa 31.12.2010 - 15:42
jo, och wann ë kippt, mais, e passt

ech kennen éen, déen huet op 400 Meter vum Tuerm wëch gewunnt, daat 48 Joër laang an e war NIE A SENGEM LIEWEN drop - kanns du dir daat virstellen ??

bon, gudde Rutsch wënschen ëch dir an, op e neit closed_eye
Maimonides 31.12.2010 - 16:03
E gudde Rutsch och fir dech,
a Merci, Armand.

(Bass du sécher dass hien kippt ?)
arwa 31.12.2010 - 16:39
as dach nët wichteg closed_eye
ludiol 31.12.2010 - 16:05
Ah sou ? Ass daat net den Kopéierstempel am Photoshop gewiecht.
Maimonides 31.12.2010 - 16:12
Kuck hei:

Tour grise


do war well manner Niewel.
ludiol 31.12.2010 - 16:27
smile
Maxx 31.12.2010 - 16:40
Also, gutt agesat, kann dat Déngen do awer ganz vill ausmaachen an der Bildcompositioun smile Gefällt mer!
Jo, an dann nach all Guddes fir dech
Maimonides 31.12.2010 - 16:42
Merci, Maxx,
an och e gudde Rutsch.
Zora 31.12.2010 - 17:53
Dann drecken mer mol een Aa zou, well haut Sylvester ass, een guden Rutsch smile
Maimonides 31.12.2010 - 18:27
Esou laang weis du di 2 net zoudrécks, ass dat ok !
closed_eye
Merci, Zora,
an e schéint neit Joer.
marker 31.12.2010 - 20:05
..et ass net emmer gudd alles ze gesinn, daat léisst Spillraum fir déi eegen Phantasie..

..an deem Sënn, e gudde Rutsch an allzait gudd Liicht.. closed_eye
Maimonides 01.01.2011 - 04:42
Merci, marker,
an ech wënschen dir
och all Guddes.
Jaycee 01.01.2011 - 01:06
Déi ass einfach nëmmen gudd Charel, an ët wär schued gewiëcht wanns daat Dengen nët (oder nick closed_eye) gekinpst häss...

Schéint neit Joer nach fiir dech an däin Unhang!
Maimonides 01.01.2011 - 04:48
Zu Dikrich gëtt net genickt, Jaycee,
closed_eye
a Merci fir de Kommentar.
Schéint neit Joer fir dech an déi ronderëm.
Jaycee 02.01.2011 - 20:14
Merci villmols Charel fiir dech a fiir däin Unhang och daat selwescht...
Ech wéss dass daat nick méi van do owen ass, zu Dikrich winken se mat den Uuren (wann ech mech richteg errënneren)... closed_eye
Maimonides 02.01.2011 - 22:28
"Mat den Uure winken",
Jaycee,
do hoss de Recht:
su soen se zu Dikrich,
di Aal mol nach.
An e gudde Verhalt
hoss du behal.

closed_eye
Jaycee 03.01.2011 - 09:03
... daat mat den Uuren hun ech vu menger Mamm, obschons sie é Minettsdapp war an daat "nick" van der Nopesch, sie wor va Woltz... closed_eye
Jeanny 01.01.2011 - 07:57
dat gehéiert dach op Foto Charel, soss weist ech jo net dass et Paräis wiersmile
wonnerbar verschafft.
Maimonides 01.01.2011 - 18:25
Ganz drop wär et e Cliché gewiescht...
...eng al (schéin) Postkaart.

Merci, Jeanny.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 278 Gäscht online