Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nach emmer net ...

 
nach emmer net ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.01.2011
  • Gekuckt:
    18156
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    779x800
  • Späicherplaz:
    626 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:31 18:04:55
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52756]
Kommentar vum Fotograf:
... esou richteg zefridden ( bezitt sech op d'Bild hei )
Soffel 31.01.2011 - 18:57
Also et dess ass keng direkt Kritik zu denger Foto, mee ech fannen et emmer schued wann d'Leit hier Fotoen op "aal" trimmen... Kuck daat dooten haess de och hin kritt mat engem Film deens de henno ugeklookelt, zerkraatz an dono an Ueleg gezapt haess. Dann während dem entweckelen als eischt uewen beliicht dann enner onschaarf beliicht an dann nach just eng Sepia Teinung op d'Foto! Voila smile Villaicht en bessi nei emständlech mee vlait mei autentesch closed_eye
Mee vum Stil hier gefällt mer se awer!
xaph32 31.01.2011 - 19:16
ech nennen dat suraki-stil closed_eye
Soffel 31.01.2011 - 19:20
Ok smile Och gudd closed_eye
suraki 31.01.2011 - 19:39
smile
Miisamm 31.01.2011 - 19:22
Soffel... du gess eenz. Ech hätt dat do alles net gewosst...
Ass bestemmt mega intressant, fir sou Saachen mat Film ze probeieren.
Zum Bild, gefällt mer besser wei di Eischt...
Greisstendeels duerch d'Pose, an duerch d'Lach beim Aan.
An d'Veraarbechtung ass wei de xaph seet smile
Soffel 31.01.2011 - 19:25
smile ass eng Saach vun probeieren, sin schon vill Negativer drop gaang sou :-S an ass deck vill Arbescht bis de daat hues wats du wells. Mee wanns de et bis hues, dann bass de gehierlos stolz smile
Miisamm 31.01.2011 - 19:26
Kann ech mer virstellen, muss en Zemmer entbehren fir eng Dunkelkammer... bigsmile
Soffel 31.01.2011 - 19:28
bigsmile hehe nee daat ass bei mir (nach net) den Fall! Maan daat alles an der Schoul... Dann gin d'Vakanzen schon emmer zimmlech laang closed_eye
suraki 31.01.2011 - 19:50
Soffel, ech hunn Eemerweis verhonzten Pabeier aus Experimenter an den ronne Classeur getässelt, ... d'Filmer hu mer mat 30 Meter ! kaf closed_eye
Polaroidtranfert a Peeling sin honnerten gemach ginn. An ech ginn der Recht,
en Originalbaryth ass eppes immens flottes, mä et ass iwwerlieft ... Haut kanns de se vun engem Print aus engem anstännegen Drécker net méi Ënnerscheeden.
Also eng Saach nëmme nach fir Puristen , wou ech awer wierklech frou sinn dat et der nach ginn !!!
suraki 31.01.2011 - 19:56
merci Misam, mam Eichten sinn ech selwer mer net ganz eenz gewiescht,
an och dëst hei ass net 100 % esou wéi ech et wollt smile
suraki 31.01.2011 - 19:34
Soffel, meng Biller sinn e bëssen ewéi ech ech selwer, déi eng oder aner Fall mat e puer Schréipsen, an och net méi esou ganz frësch.
Mä am eescht elo, ech weess a ka mer gutt virstellen dat en groussen Deel vun de Läit hei um Site mat der Art a Weis vu der Duerstellung vu ville menger Biller net gefëllt. Et ass awer nun emol en "dada" vu mer an de Biller ze knujelen fir se net ganz normal ausgesinn ze loossen. Natierlech kann en seng Biller direkt aus dem Apparat eraus weisen, wat ech och immens flott fannen !! Ech selwer hu vill "Phasen" an der Fotografie mat an duerchgemaach, vun Dia iwwert Faarf a sch/w, koloréiert, Street, Porträt oder nëmme Studio, momentan ass dëst hei eppes mat dem ech Spaass hunn, an dofir si mer jo hei, eppes ze weisen , wat gut (?) an acceptabel soll sinn. Et ass awer immens schwéier eppes ze maachen wat jidderengem gefëllt, .. an ass dat dann och de "But" eppes ze weisen wat anere Leit gutt gefëllt an der selwer net esou richteg an de Krom passt ?

Soffel ech soen der villmools merci fir dein éierlechen an opriichtege Kommentar ! smile)
Soffel 31.01.2011 - 22:27
Also ech well der just soen dass ech 100% mat denger Ausso averstaanen sin an dass den Kommentar vun mir op kee Fall eng Kritik war! Ech fannen dass eng Foto engem selwer an eischter Linn gefallen muss an dass et kloer ass dass daat net emmer den Gout vun engem aaneren ass! Ech hun der den Kommentar amfong just gin well daat einfach meng vue ass an ech well guer net behaapten dass daat elo daat gielt vum ee soll sin smile Dofir heescht daat nach laang net dass mer d'Foto net gefällt! smile
Maimonides 31.01.2011 - 21:00
Di do muss een mol fir d'éischt am Kontext kucken:
duerfir och den Titel.

ech sichen ...


Dat ass di 2. Approche vun deem selwechten Thema.
suraki 31.01.2011 - 21:33
closed_eye merci Charel !
Miau 31.01.2011 - 19:55
mir gefällt si Edy, ... ech géif si als Juror an een Internationaler salon 10 Punkte gin a dofir kämpfen dat si eng Medail kritt...Basta...
suraki 31.01.2011 - 20:24
3x en decke merci Willy,
1x vir de Kommentar smile
1x fir de Favorit
1x vir d'kämpfen

jo Willy, et ass ëmmer e bëssen eng affaire
de goût, déi ganz Fotographie closed_eye
Zora 31.01.2011 - 20:21
Cyborglady, een interessanten Bildobbau, an daat meet dein Stil aus, wees een direkt vun weem Foto ass, ier een se obgemach huet, fannen ech ganz speziell.... schéinclosed_eye
suraki 31.01.2011 - 20:53
an och hei en decke merci Zora smile
Jeanny 01.02.2011 - 07:27
Lo geseet et mol mat engem Ae besser smile
och däi ass ganz flott ginn Edy, a wei gewinnt, wonnerbar verschafft
suraki 01.02.2011 - 12:01
merci Jeanny , hunn och nach eng wou hat mat den zwee Aen gutt geséit smile
He-Lx 02.02.2011 - 20:25
D'Beiarbechtung fannen ech exzellent bei dësem Schlëssellachmotiv.
LG Henri
suraki 03.02.2011 - 12:14
merci Henri!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 311 Gäscht online