Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

wann d'Vullen pennen ...

 
wann d'Vullen pennen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.07.2011
  • Gekuckt:
    12658
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/2,8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    420 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:05 21:29:35
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    M42 Dräilenser uueraaal
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57181]
Kommentar vum Fotograf:
... knipst en alt Gras.

zu Remerschen wou den Owend kee Plommendéier sech gewisen huet. Mol eng Kéier net verschaft.
Zersch 05.07.2011 - 21:38
Schein an verdreemt'en Effet. Gefällt mer !
suraki 05.07.2011 - 21:42
merci Zersch,
dat ass keen Effekt, du gesäis den original "Bouquet" vun dem Objektiv, ... en 50 Joer alen Dräilenser closed_eye
Zersch 05.07.2011 - 22:03
en 50 Joer alen Dräilenser... Zersch is impressed ! Merci fir d'Info. Lo gefällt se mer nach besser closed_eye
suraki 05.07.2011 - 22:13
smile
NikonD80 05.07.2011 - 21:49
wann een bedenkt dat dat doten dann nëmmen eng Noutléisung war closed_eye , ech fannen se super
suraki 05.07.2011 - 22:02
bon Noutléisung ... soe mer mol esou et stoungen genuch Lëtschen Gras a Blummen do ze waarden closed_eye
merci Guy,
Nathalie 05.07.2011 - 21:56
Ganz flott dei dotem, wierkt irgendwei verdreemt. Hett mir awer just en bessli mei schärft gewenscht. Soss awer tiptop smile
suraki 05.07.2011 - 22:08
merci Nathalie smile
d'Schäerft léit do am Noberäich nëmmen op engem cm,
en plus ass dat (50J) alt Objektiv do nëmmen an der Mëtt schaarf,
de Rescht ass flou ... en Lëns mat Charakter bigsmile
Och flott fir Portraiten , ... wann en et gären huet closed_eye
Nathalie 06.07.2011 - 08:39
Ah sou ok, gud ze wessen smile
suraki 06.07.2011 - 12:31
u sech ass et och guer net wichteg closed_eye
merci Nathalie
rabbit 05.07.2011 - 23:18
eng super Obnahm, gefällt mir immens gut
suraki 06.07.2011 - 12:30
och hei Merci gesot smile
Clod 05.07.2011 - 23:40
Einfach nèmen Top dèi doten !
suraki 06.07.2011 - 12:30
thx !smile
Nagarjuna 05.07.2011 - 23:56
E wonnerschéinen Bokeh! Herrlech!
suraki 06.07.2011 - 12:29
merci fir de Bokeh ... closed_eye
gtaddei1 06.07.2011 - 10:37
Dei méscht fannen des flott...an du Ed ... Fotografesch an der Rei dei dooten?

3 Elementer , neischt waat awer richtesch eraus-stecht...
Mech mét dest duerchernén... den Viuellen Equilibre ass net net richtesch gerooden no menger Ménung
Nagarjuna 06.07.2011 - 10:42
Kanns du méi präzis ginn? Ech fannen, si huet "Soul"... Villäicht net perfekt no all den Regelen vun Schoul... kann sinn... Awer dat passt zu dem wat ech an mengem Profil als Zitat stoen hunn vum Delacroix. (...an dat grad vun engem kompulsiven Perfektionist) bigsmile
gtaddei1 06.07.2011 - 11:59
Als eischt ass den visuellen Equilibre duerchernén bruecht duerch dei verschidden Formen an Faarwen.
1- Ronn vs Dreieck... den Thema ass d'Graas an net dei Rondelen uewen lenks (spiggelvue)
2- Greng Vs Gro ... mmmh dei fosforeszent Greng Fuerw ass mei stark also eremm vum thema eroof komm
3- Luucht Strahlen riets uewen ... vum Thema ooflédend

4- Den HGannergrong mat Fouilli

Also ech fannen des net mat vill Soul mé eng Agressive Foto dei ench net lang kucken ...
suraki 06.07.2011 - 12:23
merci emol gesot Gennaro,
ech si mer ganz bewosst dat bei dësem Bild hei d' Meenungen sech total deelen wäerten. Et ass en Bild mat enger aler Optik gemach, dat ech weise wollt ... dat net verschafft ginn ass, dofir uewen och nach den helle wäissen Sonneflëck Fir mech lieft eng Foto och vu Géigesätz, ronn eckeg asw . Dat bësse schaarf wat um Bild ass, léit am ieweschten gëllene Schnëtt, den Haaptmotiv selwer am rietsen Drëttel dofir fir mech selwer photografesch korrekt.
keen Equiliber, ... eist Sonnesystem ass den Inbegrëff vun Chaos, also pur, an trotzdem sinn ech dovun faszinéiert.

Frees de mech hei no engem richteg gudde Bild, .. mat Sécherheet net. Frees de mech no Fotografesch korrekt, (kann awer nemme fir mech schwetzen) jo... ech loosse mech awer nach gären beléieren ... et schreift fléit ausser dem Nagarjuna ( ech muss firtéicht déi Profil nach eng kéier méi genau kucken JC closed_eye ) nach en eppes derzou ?

gtaddei1 06.07.2011 - 12:45
Ah Ed , ech wollt dir neischt bebrengen.. bis elo ass daat nach emmer de contraire.
Mé et ass kloer dass d'Kontradiktiounen dei hai an deser Foto sinn net eng rouesch Foto dorausser maachen mé eng Agressiv onrouesch Foto.
Chaos --- Mmmh jo awer én Chaos mat enger énormer Entalpie ... also organiseiert dofir fragile
gudd oder Schlecht Bild ass jo net Questioun... Soul oder net Soul och net ... mé en Empfannen wann én et kuckt ... villeicht wollt ech fir mech dass dest geif aneschters ausgesinn... daat ass alles ... Dofir awer eng besonnesch Foto smile
suraki 06.07.2011 - 12:55
interessant wär ze wëssen wat nach aner Läit dervunner halen ?
Ech hunn e Bild doheem (3m x 1,5m) NewYork an der rushhour relativ abstrakt, mat den typeschen gielen Taxien ... meng gutt Frae hat sech doranner verkuckt, ... ech kréien hat nach Häerzklappen wann ech drop kucken !! bigsmile bigsmile .. an ech soen der elo net wou et hänkt tongue
gtaddei1 06.07.2011 - 13:12
confused
Nagarjuna 06.07.2011 - 13:35
Aggressiv??? surprised
gtaddei1 06.07.2011 - 13:47
Jo!!! Na ja et ass keng harsh hdr mee fir eng pseudomakro schons.
Nagarjuna 06.07.2011 - 13:50
Dann passen ech léiwer elo op, wou ech schon e bëssi gesondheetlech Ugeschloen sinn, dass ech mir d'Ae net och nach verdierwen mat deenen aggressiven Musteren.... tongue (Dat huet elo missten sinn, hehehehe) bigsmile
gtaddei1 06.07.2011 - 13:57
Also d agresdiviteit leit net am Aan me vun den Brodman zonen opwaertsbigsmile
suraki 06.07.2011 - 16:13
da pass elo mol op deng Zonen do op Gennaro,

dat Bild hei ass dat schéinsten op der ganzer PG !!!

wat seet de Brodman dann elo ? ... du kanns et direkt moossen,
bass de an der Praxis?, .... däin Bluttdrockzipps steet lenks, de Bols 15 Seconnen mol 4'er bigsmile bigsmile bigsmile
gtaddei1 06.07.2011 - 18:16
De Brodman opwaerts Ed... net nemmen de Brodman ...
Et ass eng Questioun vun Integratioun! Al elo ... hueste deng Pëll fir de Bluttdrock schon erann? smile smile
suraki 06.07.2011 - 18:34
... elo brauch "ech" eng fir de Bluttdrock an de Mo pffff smile smile
gtaddei1 06.07.2011 - 19:59
An eng Nannipëll ? Nébigsmilebigsmile
suraki 06.07.2011 - 20:25
nach e bësse frei fir ze Nannien bigsmile
mischii 06.07.2011 - 21:06
fir mech och nët agressiv, mee ganz wéi en Draam mat Seefeblosen, wou ee wënscht dass se net ze schnell platzen
suraki 06.07.2011 - 22:42
merci Michèle, lo ginn ech drëmen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 382 Gäscht online