Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Chronicles of Riddick

 
All Fotoen an dëser Serie:
19843 Thumbnail
19844 Thumbnail
The Chronicles of Riddick
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.08.2011
  • Gekuckt:
    16487
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    05/06/2011
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot S95
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57910]
Kommentar vum Fotograf:
Gesait irgendwéi aus dem Sci-Fi Film "The Chronicles of Riddick" aus.

Ass awer d'Domkuppel vun bannen aus der Sankt-Hedwigs Kathedrale zu Berlin.

Net ganz bekannt mee een Besuch lount sech!

***Update : Hun Bild Nr3 erausgeholl. Déi waert ech an eng aner méi passend Serie integréieren. ***
ZerberuZ 04.08.2011 - 21:31
richteg flott .. haat elo als eischt geduet et wier en killtuerm. bei der dretter kriss de geschwenn gesoot dass d'symmetrie net ganz stemmt smile
VeloBen 04.08.2011 - 21:42
Merci ! Jo een Killturm haett et och kéinten sin. Schon eng speziell Atmosphere dobannen.

Bei der leschter Foto hun ech probéiert daat bescht nach an punkto Symétrie ze maachen. Mee leider waren am Doum eng Partie Offsperrungen an an der Mett een grousst Gelänner mat engem ronnen Laach. Optimal konnt een sech do net positionéieren. Et kéint een riets nach bessi croppen... mee bon...
Zora 04.08.2011 - 21:49
Wei gud d'ass de dei drett och nach dobäi gesaat hues, soss missten mer grübelen, ganz flottclosed_eye
VeloBen 05.08.2011 - 22:51
Merci zora. Majo elo get dann eppes zum grübbelen. smile
Metalbambi 04.08.2011 - 23:02
Déi éischt ass TOP, déi 2t ass och nach ëmmer super, bei där 3ter fehlt d'Abstraktioun, leider. Géif déi vläicht eenzel weisen, passt net wierklech hei an d'Serie.
Déi éischt huet Desktop-Potential... smile
VeloBen 05.08.2011 - 22:50
Merci fier déi konstruktiv Kritik. Huelen ech mier zu Herzen.
Pit 04.08.2011 - 23:25
Déi 2 éischt gefalen mir am beschten.
VeloBen 05.08.2011 - 22:50
Et sin der jo elo nach just 2 do . smile)
Pit 05.08.2011 - 23:24
dann fannen ech se eben all gudd smile
Jeanny 05.08.2011 - 07:25
och fir mech ass 1 an 2 Top Ben
VeloBen 05.08.2011 - 22:50
Ok Jeanny !
bigmama19420205 05.08.2011 - 08:13
schei gesinnsmile
rem eemol speciel

a ganz flott
VeloBen 05.08.2011 - 22:50
Merci ! Freet mech daat se dier gefällt , obwuehl se jo ziemlech düster ass.
bigmama19420205 06.08.2011 - 07:52
villëicht , ma speciel closed_eye
DeviantMotiv 05.08.2011 - 09:23
Ganz flott serie Ben. Also ech haat och op e Killtuerm getippt, wär nie op eng Domkuppel komm smile
VeloBen 05.08.2011 - 22:49
Merci ! Jo stemmt !
Jean-Jos 04.09.2011 - 01:30
Richtég unzéiend (bal erasuckelnd) déng Foto 1! Flott Iddi. Gefällt.
[ech gin lo mol "The Chronicles of Riddick" googelen ***schumm***, wëll ech hun dat nach nët kannt.
VeloBen 05.09.2011 - 19:25
Hey Merci !

Den Film interesséiert mech immens wéinst denen fantastischen an imposanten Dekoren. D'Story vum Film ass ausstauschbar, mee d'Atmosphere déi doranner eremgespiegelt get huet mech och zum Titel vun der Foto inspiréiert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 421 Gäscht online