Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sylvia †

 
Sylvia †
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.08.2011
  • Gekuckt:
    17625
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    909x1200
  • Späicherplaz:
    503 KB
  • Originaldatum:
    Sep. 2007
  • Fotoapparat:
    Nikon D-200
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S DX NIKKOR 17-55 mm 1:2,8G ED
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58374]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun mir lang iwerluecht ob ech des Photo soll erob lueden oder net.
Mee all dei dei d'Sylvia kannt hun wessen dass Hat dat esou gewollt haett..
Ech hun desen Portrait am Sep.2007 vum Sylvia gemach. En verkierpert einfach dat wat d'Sylvia wor. En jonken, starken an liewensfrouen Mënsch deen nie obgin huet an bis zum Schluss geint seng Krankheet gekaempft huet.
Deemols wor Hat schon krank mee Et wollt neischt dovun wessen.
Hat ass den 6 Juni vun eis gang.
Pit 25.08.2011 - 22:58
Jo, sou wéi een hat kannt huet, ëmmer gelacht an ëmmer positiv agestallt.
Luc_69 27.08.2011 - 14:54
Jo
Jean-Jos 25.08.2011 - 23:01
Fir mech e schéine Portrait, deen d'Liewensfreed gutt eriwwer bréngt an dohir e gelongenen 'hommage'.
Luc_69 27.08.2011 - 14:54
Genau dat wollt ech bezwecken, freet mech dass et och esou eriwer könnt.
Jeanny 26.08.2011 - 06:31
Liewen ass e Kampf, fir wat esou jonk,
e ganz schéine natierleche Portrait
Luc_69 27.08.2011 - 14:53
Merci
gogo 26.08.2011 - 09:00
Eng ganz schéiin Foto/Erennerung, d'Liewensfréet puer kann een hei spieren.
Luc_69 27.08.2011 - 14:53
Merci
arwa 26.08.2011 - 09:21
ëch si mir sëcher
d'Sylvia (dei ech net kannt hun)
wier frouh iwwer dësen Porträt,
déen sie wahrscheinlëch sou schein natierlëch weist, wie sie war.

Ech fir mein Déel, kreien ëmmer rëm ätonguepes u mëch
wann ëch gesin, wa Leit sou jong stierwen (dann och nach no engem
wahrscheinlëch laangen an aussichtslose Kampf geint eng ällen
Krankhéet)

All keier, wann ëch dann an engem Heim sin an do Leit fotografeieren, dei immens aal sin an ët zum dachsten guer nët mei matkreien............ kreien ëch en décken Hals

D'Liewen as ongerecht !

Luc_69 27.08.2011 - 14:53
jo Arwa du hues de recht, mee et get Een net gefrot.
_MiAmI_ 26.08.2011 - 14:00
scheinen Portrait hueste do, eng ganz schein Schaerft um riesten Aan, ech haett Foto och gud am s/w gesin !? mee afg.
Luc_69 27.08.2011 - 14:52
Merci, ech hun elo d´exif Daten net am Kapp, wert awer f2,8 gewiecht sin. Den Focus leit bei mengen Portraien emmer ob den Aan.
Jo SW vieleicht, ech fannen awer dass se am farwegen nach mei dem Sylivia seng Liewensfreed ausdrekt.
_MiAmI_ 27.08.2011 - 15:54
waat den focus ungeet, setzt een deen emmer bei aan!
Mee vir de Recht well ech da betreffend s/w oder farweg net dran schwetzen hei... smile
Luc_69 31.08.2011 - 01:11
Jo, wat den focus ugeht hues de schon recht. Ech machen dat jo och emmer esou. Mee et gin awer Leit dei do anerer Meenung sin.
He-Lx 27.08.2011 - 18:51
Eng bewegend Foto an e wonnerbaren Hommage.
Luc_69 28.08.2011 - 11:20
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 492 Gäscht online