Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Streets and Lives of Naifaru

 
All Fotoen an dëser Serie:
21195 Thumbnail
21196 Thumbnail
21197 Thumbnail
21199 Thumbnail
21313 Thumbnail
Streets and Lives of Naifaru
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.09.2011
  • Gekuckt:
    20694
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    25.08.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Mark II
  • Objektiv:
    24-105mm f/4 L IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58726]
Kommentar vum Fotograf:
Dëss Serie ass während enger Exkursioun op eng maledivesch Insel enstaanen, di net fir den Tourismus erschloss ass. Hei gesait een di tatsächlech Liewensëmstänn vun enger vun deenen ärmsten Bevölkerungen, wäit eweg vu all Luxus.
E grousse Merci geet un d'Awunner, di ganz hard musse schaffen fir engersaits den Touristen e perfekt paradiesescht Bild op den Resortinselen ze presentéiren an aanerersaits, si sech selwer e nemmen ganz einfacht Liewe kënnen leeschten.
Et wärt secherlech net di leschte Kéier gewierscht sinn dat mer dowaren - ze vill gëtt et do nach ënnert dem Paradies-Image z'erforschen...
Loki 09.09.2011 - 09:08
Super Fotoen, di Farwen, di Kontraster a virun allem di Authenzitéit! Respekt, defintiv e Fav!
mojikosu 09.09.2011 - 09:28
Thx a lot smile
gloda 09.09.2011 - 09:45
Eng interessant Serie, du hues e puer flott Faarfkontraster fonnt déi d'Zenen interessant maachen. Mat der véierter weess ech net wat ufänken, ech mengen do hues de en ongléckleche Moment gerode wou d'Meedche grad komesch stoung?
Metalbambi 09.09.2011 - 11:05
Ass och meng Meenung, just dat ech fannen dat déi 5t och gutt als Hannergrond géif maachen.
mojikosu 09.09.2011 - 12:07
Thx fir ce comment smile Soll ech déi als Wallpaper uploaden ënnert déi section? smile Kann dann d'Opléisung nach bessen eropschrauwen smile
mojikosu 09.09.2011 - 12:06
Thx for commentingsmile Fir di 4. hun ech nach eng aaner Versioun. Hat nach mat e puer Leit geschwat di gemengt hun ech sollt di heiten Photo uploaden. Ech probéiren se z'ersetzen - mier gefällt déi och besser u sech - hu mech da vlait zevill vun deenen beaflosse geloos smile
mojikosu 09.09.2011 - 12:10
Errrm.... Wi kann ech bei enger Fotoserie eng photo ersetzen? Geet daat iwwerhaapt? Oder muss ech eng pic fir d'éischt läschen aus der serie an dann eng bäisetzen?
gloda 09.09.2011 - 14:38
Ech sinn net méi sécher, mä ech mengen et ass wéi s de sees. Eng läschen, dann hues de Plaz fir eng nei.
mojikosu 09.09.2011 - 14:55
Argh nee daat geet net - lo ass di eng an der Serie geläscht - se steet awer nach lo als éischt photo do. Mee ech ka keng bäisetzen unhappy
gloda 09.09.2011 - 15:16
Straange. Maach eng PN un de Johny, am beschte mat engem Link op d'Foto déi an d'Serie dra soll. Wann et eng Klengegkeet ass kann en der vläit (!) direkt hëllefen, anescht kanns de déi Foto déi elo feelt jo nach eemol eenzel erop lueden.
Metalbambi 09.09.2011 - 18:51
Also normalerweis funktionéiert et awer sou... lousch
mojikosu 11.09.2011 - 13:19
Sou, ass gaangen smile Hat warscheinlech eppes iwwersinn - sorry for the fuzz caused.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 475 Gäscht online