Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rocks Bizzare

 
All Fotoen an dëser Serie:
21182 Thumbnail
21183 Thumbnail
21184 Thumbnail
21185 Thumbnail
21218 Thumbnail
Rocks Bizzare
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.09.2011
  • Gekuckt:
    12555
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
    09.08.2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Objektiv:
    Nikkor 18-200mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58730]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach meng Foto'en aus dem Kär vun Teneriffa um Plateau vum Teide an duerch Landschaften , genauer d'Puerto de las Canadas.
Metalbambi 09.09.2011 - 11:10
Déi läscht gefält mer gutt, do stécht den Fiels kloer eraus, och wann ech perséinlech nach manner Blo an d'Mëschung ginn hätt vir den Himmel méi däischter ze kréien. Bei den aneren ass et en bëssen de Problem vun Gro virun Gro. Géif soen mat enger anerer Mëschung géifs de do schon méi Kontrast an d'Bild kréien, deens de dann mat den Curves optiméiert kriss.
Am Moment stécht leider net vill vun der sécher impressionanter Landschaft raus.
Poly 09.09.2011 - 11:31
gutt dass de se am sw gemaach hues, dat richtegt motiv fir esou eng verschaffung smile
Zersch 09.09.2011 - 11:44
Gro virun Gro ? Secher hues de rescht mam Kontrast mais et war schon relativ schwiereg well eng extrem Hellegkeet do an der Luucht war , den Himmel war quasi Donstverhaangen an ech wollt et och emol évitéiren se "extremst" duerch de PS ze zéien. Quasi naturbelooss weisen ausser S/W.
Mmmmhhh , ech fannen se perséinlech awer gudd och wann mäin Wëssen wäit vun dengem eweg as. Bon , huelen deng Kritik awer gären un smile
Metalbambi 09.09.2011 - 19:03
'Naturbelooss' ass bei SW méi eng schwiereg Geschicht. Wanns de eng einfach SW-Konversioun am Ps méchs gesäit deng Foto herno net sou aus wéi wann se mat engem SW-Film gemaach ginn wier. Déi reagéieren nämlech ënnerscheedlech staark op déi verschidden Faarwen, an bréngen sou méi Kontrast an d'Bild, am Ps gëtt bei den einfachen Methoden awer alles gläich behandelt.
Am beschten hues de du mëss en Channelmixer-Layer, stells en op monochrome, an spills dann mat den 3 Reegeler (rechnen d0Faarfinfo vir den jeeweilegen Kanal an en Hellegkeetswäert ëm). Wann herno déi 3 Wäerter zesummen 100% ginn, hues de eng korrekt Beliichtung.
Zersch 09.09.2011 - 19:55
Gracias , sin mam Filtereffekt Silver Efex Pro an S/W emgewandelt gin mat High Contrast Red/Blue Filter , hun deen geholl well se op mech esou am Beschten "naturbelooss" eriwerkomm sin. Voila.
Merci awer fir Info an genau Erklärung , jo et (ech) léiert een nëmmen bäi. closed_eye
Metalbambi 09.09.2011 - 22:06
Silver Efex imitéiert Filmer, oder? D'ginn verschidden Filmer, déi ëmmer anescht op déi eenzel Faarwen reagéieren, d.h. och am analogen kann een sech souguer uschäissen wann een den falschen huet. smile
Zersch 09.09.2011 - 23:13
Imitatioun vun Filmer , jo , awer net nemmen. Du kanns en och op Neutral astellen , waat ech awer an desem Fall net gemeet hun closed_eye , man lernt nie aus , soen se doiwwer. Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 423 Gäscht online