Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La Tour Eifel

 
La Tour Eifel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.09.2011
  • Gekuckt:
    24076
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    848x2000
  • Späicherplaz:
    275 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59033]
Kommentar vum Fotograf:
La Tour Eifel by night
JohnJ 20.09.2011 - 16:12
La tour Eiffel construite en 1889 est dans le domaine public.

Les vues de jour de la tour Eiffel sont libres de droits.

En revanche ses différents éclairages sont soumis à des droits d%u2019auteurs et des droits de marque. Toute utilisation de ces images doit faire l%u2019objet d%u2019une demande préalable auprès de la Société d%u2019Exploitation de la Tour Eiffel (SETE).

La mention « Tour Eiffel », les dénominations des différents services offerts sur le monument et ainsi que des noms de domaine sont également détongueosés.
Schluck 20.09.2011 - 16:18
Serieux, sin déi sou pingelech ... dat haet ech zwar lo nët gewosst. AN wéi lang muss den kobsi dan lo dofir an den Prisong ?
kobsi 20.09.2011 - 16:24
Daat wosst ech nawell nit..
Mengt der ech soll se erem roof huelen!?
Schluck 20.09.2011 - 16:43
Keng Ahnung ... ech fannen dat Lächerlech.

Hei nach eng

Eye Candy


kobsi 20.09.2011 - 16:46
bon..dann loossen ech se elo mol einfach drop.
Fennec 20.09.2011 - 16:54
Flott Foto,
et get am Frankreich 2 Prozesser dei Geschicht hun, eenmol d'Barque vun Collioure an den aneren den Cadran solaire op enger Kirch, Beid sin schlecht ausgangen fir den Photograph.
Datenschutz brengt et, geschwenn dierf en mol keng Foto mei machen vun enger Meck.
kobsi 20.09.2011 - 17:00
Hoffen mer emol, dat et hei nit zu engem Prozess kennt closed_eye
Schluck 20.09.2011 - 17:28
Jiddenfalls lossen se sech dann zwar immens vill Suen laanscht d'Nues goen.

Google:Tour Eiffel by night - 2.100.000 results
JohnJ 20.09.2011 - 17:36
Ech weisen just drop hin... Den Rescht ass mir Sch...egal
Awer dann dierf een och net beiss sin wann engem seng Foto
No gemeet gett ( well daat ass dann daat nämlecht)
Daat ass lo weder eng Unspillung un iergendeen hei um site
Nach soss eppes Einfach nemmen prizipiell gesoot
Greiss
Schluck 20.09.2011 - 17:43
Jo ech wees John ... woar och net sou geduercht, soll keen firworf sinn. Mir ass ët och Sch...egal

Ech fannen ët just ee Witz vun der Rechtspriechung hier .. wéi soll een dat wëssen ??
kobsi 20.09.2011 - 17:36
hihi smile
Zersch 20.09.2011 - 21:54
Mmmmh , ech sin doriwwer awer och elo e bëssen verwonnert mais wien kréich dann an esou engem Fall iwerhaapt eng op Nues ? Den kobsi oder den Site , resp. den Admin vun PG ? Am leschten Fall froen ech mech firwaat se dann ugeholl gëtt ? Dat as elo keen Firworf just eng Fro déi mech géing interessereiren falls een selwer mol an deem Fall wier ?

@kobsi : Ech mengen Prisongen an Frankräich sin nawell gudd ausgestatt , do hues de alles waats de brauchs : TV/Playstation/ an all moien bestëmmt e frësche Croissant bigsmile
Sorry , ech huelen et mol mat Humor... bigsmile
Johny 20.09.2011 - 22:00
Et stëmmt schonn dass dat esou ass, an mir wëssen dat och. Trotzdem ass jiddereen hei responsabel fir seng eegen Fotoen, also mir loossen jiddereen fir sech entscheeden ob en dee Risiko wëll agoen oder net. Eiser Meenung no ass et Quatsch esou Limiten op esou eppes ze setzen, well domat soen se eigentlech naischt anescht wéi dass Fotografen dach nëmmen "ofknipsen" wat schonn en aneren erstalt huet, an dass Bildopbau, Kadrage etc näischt Wärt ass.
Zersch 20.09.2011 - 22:02
Merci, daat wollt ech wëssen an als Erklärung geet daat mer duer closed_eye
BAPAX 21.09.2011 - 22:21
Mech geif interesseieren: Sin dei droits d'auteurs absolut also strict an all Faell unzewenden oder jhust wann een d'Fotoen kommerziell verwert also zum Beispill verkeeft ? Et steet zwar do 'toute utilisation' mee wann et ass fir de private Gebrauch froen ech mech wou de Schued ass an op waat et kann verkloot gin ?
Johny 21.09.2011 - 22:36
Esou wéi ech et verstan hunn: Privat däerfs de, also fir an dain Album doheem ass et ok, mee op engem Site ass et jo Verëffentlechung, dat ass dann guer net méi dat wat ënnert usage privé fällt. Kommerziell do geet ee sech dann awer definitiv Problemer sichen, esou wäit géing ech net probéieren ze goen.
Poly 20.09.2011 - 22:16
eiei wat Problemer, eise JC wärt schon e gutt wiert beim Zarko a leeën wann et soll zu engem Prozess kommen,
mä do kommen awer nach Japaner an d'Chineesen vir déischt un réi, déi zu honnerten all Dag do knipsen, dat gëtt e Massenprozess, a wouhin mat deenen all bigsmile bigsmile
schéin Foto smile
Zersch 20.09.2011 - 22:22
Ouh ? Knipsen Japaner deen éiren och ? bigsmile
Poly 20.09.2011 - 22:25
Neierdéngs hunn si dat Motiv och entdeckt bigsmile
Abacab 23.09.2011 - 09:45
Et kennt een net esou séier an de Prisong wann een géint Autorerechter verstéisst, mä et riskéiert een Courrier vun enger Etude ze kréien di dann Schuedenersatz freet. Ech weess vun Fäll, di e Bild aus dem Internet geholl hunn an op hier HP gesat hunn, an dofir e puer 1000 Euro hätte misse bezuelen. Do ginn et Leit di bewosst top Foto'en an d'Netz setzen, fir sech di herno iwwert dëse Wee deier bezuelen ze loossen. Do ginn et esou guer Affekotebüroen di sech dorop spezialiséiert hunn an di soss näischt maachen. A fir eng Foto am Netz ze sichen ginn et ganz flott Toolen, wie zb. TinEye asw.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 420 Gäscht online