Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Roud Bréck

 
Roud Bréck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.05.2006
  • Gekuckt:
    31962
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x562
  • Späicherplaz:
    89 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=5960]
Kommentar vum Fotograf:
Eis Roud Bréck haut de mueren am Niwwel (do konnt ech einfach net widderstoen:-) fannd der den arrangement an der rei?
ptitgervais 11.05.2006 - 20:56
/removed/
elmuzo 11.05.2006 - 20:58
Genial Marc. Déi wärt jo net sprangen? A nee, dat geet jo net méi. TOP
Olivier 11.05.2006 - 21:02
Zur indee einfa schein an top... zur beaabeschtung einfa top...

Mee... hun 2 negativ kritiken..

HUelen mol un du bass daat deen do steet... fannen du stees do wei eng aal "deck" madam dei op enger sait kippt... bon... den niwel nierft dengem kapp ass dann leider do bessi ze staark, mee do kann een naischt drnu änneren...

D'rummen vun den klengen fotoen fannen ech och net ideal... fannen du häss keinten den shadow raushuelen, bessi mei deck maan, an eng aaner faaw huelen fier drumm...
Mais am groussen ganzen eng flott foto closed_eye
MarcGerard 11.05.2006 - 21:08
THX ollismile
nee, ech sin dat ausnamsweis netsmile et as tatsächlech eng aal "deck" madam dei op enger sait kippt (copypaste) bigsmile
bessen zu entstehung! et woar fréi an mäi gehier woar nach net ganz waarm. ech hun eng super serie gemach. ech woar wierklech verwonnert iwwert déi gudd biller. uewen(sieher bild lénks) ass mer ee jonken typ mat iPod, eastpak -déck cool a moderns- iwwert de wee gelaf. ech hun eng ganz serie gemach wéi en iwwer 't bréck gangen as.
DANN ERéEICHT hun ech festgestallt dass ech nach vum owend firdrun mäin apparat op "mehrfachbelichtung" gestalllt hat. d.h. ALL bild woar fir 't katz! ech hun also nachengkéier vu fier ugefangen, sin coh nachengkéier erop gangen an do kënnt mer dann och déi "aal "deck" madam dei op enger sait kippt" entgéint! bon ech hu mer dann geduet "selwer schold" an hun eben déi aal "deck" madam dei op enger sait kippt fotograféiert
;-)
Olivier 11.05.2006 - 21:14
lol... fannen daat witzeg closed_eye
MarcGerard 11.05.2006 - 21:17

dann as guddclosed_eye
ApplEric 11.05.2006 - 21:14
Dei ass awer net roud...bigsmile
Spaß bei seit. Super Foto(en)!!!
Also, gefällt mer gudd, an vu dass se net roud op der foto ass, huet dat sou eppes, wei wann ee seet: Wow, wou ass dat dann?
Gudd gema, an och dei idee matt 3 biller fannen ech gudd.
Ech kann nemme soen, tiptop gema. smile
MarcGerard 11.05.2006 - 21:17

closed_eye THX!
stéiert den Neat net? (ass se net bessi onschaarf?) ech sin mam NeatImage nach net esou gewinnt...
ApplEric 11.05.2006 - 21:23
wei mengs de dat lo? ss dat dat op der Foto wat an den hannergrond emmer mei sou "verwäsch" gett. Also, fir mech ass dat net onscharf, well et vum Fotograf gewollt ass. Konscht eben. An et geseit en plus nach gudd aus.
MarcGerard 11.05.2006 - 21:34

nee dat mengen ech net. dat wats du mengs as einfach den niwwel. mee ech mengen einfach eng algemeng onschäerft duerch 't verklengerung am PS. ech schäerfe méng biller emmer engkéier kuerz éier ech se als JPG800pix ofspäicheren. hei net.. an ech hu "geneat" fir dat ganz bessi méi glad ze kréien...
ApplEric 11.05.2006 - 21:41
Ah sou ok, lo kommen ech no. Mee datt se onschaarf ass, erkennt een nemme ganz minim. Kimm flait beim Drock raus, mee sou, fannen ech se ganz gudd.
Kleent 11.05.2006 - 21:30
Alt rem eng flott realiséiert Idee vun dir. Mech stéieren d'Rummen net, ech hätt just d'Idee bessen mei "tongueeppeg" gemaacht (fällt mer elo keen aanert wuert dofiir an) an deems ech d'Bréck roud gelooss hätt an de Faarwen an ronderem schwaarz waiss, mee waat ech mei laang driwwer nodenken, ass et eigentlech gudd sou wei et ass, also loossen mer et dobai.. sceptical smile
MarcGerard 11.05.2006 - 21:37

closed_eye
ok
ech hätt et zwar gäere gemach, mee dat as emmer eng affaire de gout. ech wollt et esou einfach wéi méiglech mansmile
Nicon07 11.05.2006 - 21:57
Dat as jo grad dat Flott um NeatImage, datt et onscharf gett, oder wierkt. Mais do kann ee séch jo hellefen. Et kann ee jo de Wert, wéivill een d'Bild botzt festléen, a wéivill "Stebs" ee wellt leie loossen. Du huës jo sécher eng Vollversioun, oder probéiers du nach mat der Gratisversioun?
MarcGerard 11.05.2006 - 23:02

gratisclosed_eye
coolpix 11.05.2006 - 22:09
Fannen ech super.. huet een gewessenen Stil.. Mir gefaellt se smile.
No_Saint 11.05.2006 - 23:00
Fannen dëng Zesummestellung hei ganz gelongen. Du hues dai Sujet effektiv esou einfach wéi méiglëch gehaal, d'Form op dat néidëcht reduzéiert, Détailer am daichteren opgeléist. Et gelëngt der och an drai Biller den Zweck an Definitioun vun der Konstruktioun duerzestellen. An dën Niwwel huet der natierlech gehollef fier d'Brëck aus dem bekannten Emfeld erauszeléisen, waat och ërëm denger Compositioun eng speziell Wierkung gët.
Focus 11.05.2006 - 23:20
et lount sech daat hei lang unzekukken an driwwer nozedenken. All eenzel Foto speziel an absolut flott. An der Kompositioun stellen ech mir folgendes fir: Bild 1 léks aus der Serie raushuelen an och eng ouni Peroun huelen, flait och ouni Auto. Dann Bild 2 an 3 swapen wäll Bild 2 ënnert der Brök as an Bild 3/ Gelänner driwwer as. Waat mängs du?
MarcGerard 11.05.2006 - 23:25

salut focus! ehc hu bei den opnahmen vill un dech geduetclosed_eye

also bild 2 an 3 woar ufanks "geswapt". hun se dann ëbgedréit well soss uewen esouv vill eidel wier.. mee gin der awer recht. as méi logesch esou. bréck ouni persou hun ech och. ouni autoen ëm dess auerzäit allerdéngs net... mee iergendeng foto probéierene ch coh emol esou am ganzen eropzelueden. mee kucken nach wéieng...
annemie 11.05.2006 - 23:22
WOW!! an daat wann et nach matzen an der nuecht ass!! smile ech fannen dass den niwel hei eng super wierkung huet (besser wi en bei egal weiengem feld gehaat hätt ;-p) an daat dass de 3 biller sou zesummegesaat hues mecht richteg gudd smile
Just den titel ass langweilech ;-) (fir dann mol engka eppes negatives un denger foto ze fannen *g*)

p.s.: waat ass neat? 0smile
MarcGerard 11.05.2006 - 23:29

geht ganz gut!smile

http://www.neatimage.com/
alma 12.05.2006 - 07:52
einfach nemmen génial
MadSir 12.05.2006 - 10:43
zesummenstellung hei gefällt mer ganz gudd, an b/w ass hei mega schein. hätt awer design méisseg vun der rumm et mei am 2d gemaach, ouni shadow effekt - mee daat ass wei alt esou emmer rem affaire de gout smile

d'fro dei ech mer awer elo zur grousser foto stellen ass, waat ass daat an der wölbung lenks nierft dem kapp vun dir persoun? ass daat eng optesch täuschung weinst der wölbung oder ee fleck oder soss eppes?

... ok hun graad dem olimi sain kommentar gelies, domadd hun mer gemeinsamkeeten an wees och waat deen "fleck" ass smile
Jury 12.05.2006 - 15:16
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Jean-Jos 12.05.2006 - 22:33
ma kloer, ass dach och eng Topfoto,
staark
Mojoo 13.05.2006 - 13:10
Hei muss ech eppes derbei schreiwen!!

An wann et nemmen "DECKEN GAAS" ass !! smile

Deck flott Maggele, ech kann keen positiven Kommentar mei béidroen!
Dan 14.05.2006 - 17:39
Gefällt mier och ganz gutt!
yoshi 23.05.2006 - 17:42
gefällt mer ganz gudd, wier och cool als wallpaper smile
Obelix 02.06.2006 - 23:41
Hammer Fotografie, hat eine ganz faszinierende Wirkung auf meine Netzhautsmile)

Kompliment!!!!!
Graziano 16.08.2006 - 23:31
wow mega foto ganz gudd gema mega bigsmile
MarcGerard 16.08.2006 - 23:33

hey, merci
closed_eye
THE-BAUER 30.08.2006 - 23:14
wow, extra doweinst ffrei opgestaan? huet sech gelount
Dave 02.09.2006 - 12:21
gefällt mer sau gudd, dei fotoen passen perfeckt baienen ...schwartz weis genial an deen niwel wow!!!
tscjoki 05.11.2006 - 10:58
Whooow...super schéin !! Respekt !
steel 22.11.2006 - 22:12
moien
super deng Foto en op photogen
smile
MarcGerard 22.11.2006 - 22:21

moien!
merci, hun dech och gäer bigsmile
steel 25.11.2006 - 17:09
du mech
also ech wees net
MarcGerard 25.11.2006 - 18:36

tongue
Lala 06.06.2008 - 06:41
genial foto !
gefällt mer : )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 379 Gäscht online