Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Celia
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.11.2011
  • Gekuckt:
    42046
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    79
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    431 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60089]
Kommentar vum Fotograf:
Eng mat zesummen Aarbecht mam Celia...
Jean-Jos 06.11.2011 - 13:01
D'Foto bréngt bal eng Komplizitéit tëscht dem Celia an dem Äisbiir eriwwer, ganz flott och, datt am HG en zweeten Äisbiir amgang ass sech 'bäizedrécken'. Emotional, dat doten, fannen ech definitiv gutt.
shooting 06.11.2011 - 15:16
Merci.... dat Freed mech, dass dees Foto der gefält !
JADE 06.11.2011 - 13:02
tiptop! smile

déi schmusen matteneen,
déi "Aan zou" vum Bär an "den Kapp no ënnen" vum Meedchen ... wéi een Doisneau!
shooting 06.11.2011 - 15:22
Ech muss soen dat war geuerdnet esou einfach gewiescht fir dees Foto ze knipsen... Merci fir däin Kommentar JADE smile
suraki 06.11.2011 - 15:55
e Bild dat en sech gären e bësse möi laang ukuckt smile
shooting 06.11.2011 - 21:01
Merci.... fir däin Kommentar, suraki
Jeanny 06.11.2011 - 17:13
wei flott et mengt een däi Zwee giffen mat enen schmusen, oder sech Geheimnis erzielen,
shooting 06.11.2011 - 21:04
Merci.... Jeanny
endorphine 06.11.2011 - 20:47
wei schein!
shooting 06.11.2011 - 21:05
Merci.... endorphine
marker 07.11.2011 - 14:07
..eng flott Compo. wou een usprecht.... ..ganz gutt esou..!!
shooting 07.11.2011 - 18:12
Merci.... marker
mischii 07.11.2011 - 23:47
en aussergewéinlech schééine Moment, voller Gefill,
bei menge Lieblinggsdéiercher zu Amnéville
shooting 11.11.2011 - 00:35
Jo do hues du rächt mischii, einfach genial zu Amnéville...
Merci fir däin Kommentar
Maimonides 15.11.2011 - 22:17
zb.:

och vum mischii:

Deng Patt, meng Patt




shooting 16.11.2011 - 17:51
Ganz flott..... Foto smile
Dafty 09.11.2011 - 19:01
eng foto dei einfach duerch t'gefill dei se weisst a get all teschnechen Fehler behierft. (ugeschnidden Tatz, keen rietsen Arm um Meedchen, Kadrage an grausam onpassent Signatur (adg, sry) an zuläscht t'Farwen)

Mais trotzdem geiff ech mengen dat wann een sech e bessen Zeit hellt des "Ongereimtheeten" e bessen an de Greff ze kreien, nach eng 1000x mei fesselnd Foto draus ze machen wier. (z.b.: sch/w - cadrage am carré, den 2ten Bier dreit naischt zur Stemmung bei, an ouni hien get t'Foto nach mei Intim denken ech.
shooting 11.11.2011 - 00:27
Sorry... den rietsen Aarm ass net ugeschnidden ginn !!
Fir... Signature ass eng affaire de gout !!
Sorry.. mä deen mengt deen weess näischt... dass een Sprach Wuert !!
Zum zweeten Bier, do kann ech der rächt ginn, do gifft Stëmmung méi Intim ginn, zwëschen Celia an den Bier......

Also.... d'Analyse ass net schlecht vun der... ech giff gären emol eng Foto vun der gesinn,well an dengem Profil ass guer näischt ze gesinn, an dat fannen ech schuert.....an mengen Aen, ass dat egoistesch.

Dafty...Ech giff gären, och eng Foto vun der Analyséieren !!!

Merci fir däin Kommentar smile
Dafty 11.11.2011 - 14:04
Also ", keen rietsen Arm um Meedchen, " do steht naischt vun ugeschnidden....
"Mengen" as an desem Kontext en "Aus menger Siicht an no mengem Goût" ech wees waat ech net gut fannen an waat mer gefällt, mais vue que dat daat net dei gellen Regel as , waat ech denken, drecken ech et esou aus .... ech mengen du hues daat schon verstaanen. nedu
Deng Signatur as absolut onpassend ... daat MENGEN ech net emol, daat gin ech der schwarz op weiss... se lenkt oof.
shooting 11.11.2011 - 19:32
Les goût et les couleurs, ne se discutent pas... et ginn Leit déi dat gutt fannen, an aneren net, dat ass esou...
Zu da Signature.... ginn ech der schon rächt, déi lenkt of... richteg, mä dat gefält mer... ech kennen fill Fotographen, déi nach méi grouss den Logo maachen.
VeloBen 12.11.2011 - 09:23
Trotzdem : fier een Schnappschoss GENIAL ! Hun déi show selwer schon gesin an eng /- 50 Fotoen gemaach. Keng vun mengen kéint un den erun.

An Eisbieren zesummen mat Kanner wëllen treffend ze inszenéieren opp engem Fotoshooting haalen ech fier onméiglech.

Dofier : du wars zum richtigen Zeitpunkt opp der richtiger Plaatz fier offzedrecken.
shooting 12.11.2011 - 13:26
Veloben... ech muss dir soen dass dësen shooting guer net esou einfach war, ech hat ganz vill Schwieregkeeten meng Ideeën duerch ze féieren... ech hat esou vill Leit virun mer an och Kanner... no enger Zäit, hunn ech mech duerch gesat, Celia, hat sech an senger Positioun gesat, an hunn missten einfach ob den richtegen Moment waarden....

Dass net méiglech, awer... ech hunn mir och Zäit geholl fir mir déi show ze analyséieren, éier ech mam schooting ugefaangen hunn, ech hunn nëmmen ob den richtegen Moment gewaart, well dat geet esou schnell mat déi zwee Äisbieren...

Merci fir däin kommentar


VeloBen 13.11.2011 - 03:56
Du hues et gepackt ! bigsmile
shooting 13.11.2011 - 09:32
closed_eye
sirk 11.11.2011 - 13:25
Genial!
shooting 11.11.2011 - 20:37
Merci... sirk
JADE 12.11.2011 - 15:17
wéi kann een esoueng Foto, an domadden mengen ech eng Foto déi niemols matt poséierten Fotoen verglaichbar ass, matt Kritiken wéi "ugeschnidden Tatz, keen rietsen Arm um Meedchen, den 2ten Bier dreit naischt zur Stemmung bei" kommentéieren?

daat ass mir een Rätsel .....

Dafty, wanns du een Bier kenns deen esou poséieren kann, an daat och am Waasser, ma dann stell deen den Medien vir an gëff säin Manager, well dann waerts du d'Krise sëcher nie kennenléieren. smile

déi Foto hei waer 1/100stel Sekonn virdrun an 1/100stel Sekonn duerno iwerhaapt nie entstaanen (Haltung vum Kapp vum Bier, seng Aan zou, d'Haltung vun sengen Ärm etc etc etc ...) also vun dohier ... please, keng Äppel matt Bieren (hahhaaaa smile deen war elo wierklech ganz spontan entstaanen ) vergläichen (wëllen)/mengen vergläichen ze kënnen


waat d'Signatur ungeet, doriwer kann een effektiv diskutéieren, an dann nach, wéis du ët och selwer schreiws, ass daat ëmmer adg

dann d'Faarwen --> ??? ... waat ass dann do waat nët geet ?
mee daat ass jo dann och erëm adg géing ech soen ... dovunner oofgesin, dass den shooting, mengen ech, déi Foto hei nët am viraus geplangt huet, oder op mannst nët esouwäit/nët op déi Moos geplangt huet
an wann och ... ween geet esouwäit fir ze soen: "Célia, honey, dann do elo wegl een pinken (zB) T-shirt un, well deen passt besser bei den wäissen Bier an bei d'Waaserfaarw an deem hien dann schwëmmt wann hien bis akzeptéiert huet fir ons ze poséieren"

come on ...


sur ce, gin ech dann elo mäin Maalox suckelen ... smile
Maimonides 12.11.2011 - 15:27
Groussen Text, JADE !!
...aus dem Bauch eraus..
Ech ënnerschreiwen deen,
bis bei de Maalox.
closed_eye
JADE 12.11.2011 - 16:16
aus den Träipen eraus wor ët tongue

hun mech zwar e puer Deeg zeréckgehaalen, mee dun haaten meng Fangeren awer keng Gedold méi
Dafty 13.11.2011 - 21:53
Graat vun Dier Maimonides, onverständlecherweis, well du häss dei Foto bestemtm net esou gewisen. An fier eben esou en Gefill an enger Foto ze betounen weis du et oft mechs, daat as dei grouss erausfuerderung un der Foto. Wanns de dem Auteur hei en "Schein Foto" zousprechs, dann bass de net eierlech, oder probeiers der t'Konkurenz vum Leif ze haalen closed_eye

PS: Ech huelen keen Maalox, mais ech sin an engem Alter wou een iwer esou epes kann Diskuteieren. Also wegl., dierf ech meng Mehnung hun ?
Maimonides 13.11.2011 - 23:09
Déi do Foto, Dafty,
hätt ech direkt gewisen.
Ech mengen net dass ech
esou eng interessant
a menger Galerie hun.

D' Konkurenz, Dafty,
ass mir esou Eppes vun Egal,
wat mech perséinlech ubelaangt,
dass ech ëmmer just hoffen kann
besser Fotoën wéi meng kënnen ze kucken.

Ech fannen et flott dass du deng Meenung gesoot hues. Ech fannen et och flott dass d'JADE seng gesoot huet. An déi kleng Diskussioun hei mecht PG spannend.

Hätte mir där Diskussiounen méi !

arwa 14.11.2011 - 07:49
dito !!
marker 12.11.2011 - 15:50
Maalox sol's de dach knaen an net suckelen.. closed_eye ...mais lo wou's du dir mat dësem Text Loft gemach hues brauch's de dee's dach keen..

an ech ënnerschreiwen dann beim Maimonides..
JADE 12.11.2011 - 16:14
wann ech suckelen dann dauert den Plaiséier méi lang smile
arwa 14.11.2011 - 07:50
surprised
JADE 14.11.2011 - 07:53
den Maaaaaaaaaaaaaaloxxxx ....






:confused:




pffffffffffffffffffffffffffffffffff
bigsmile
(Edit: muss zwar ELO selwer puffen an den Kapp rëselen bigsmile bigsmile ... ai ai ai ... waat een nët alles vun sech gëtt ... :confused:.... smile )
arwa 14.11.2011 - 08:02
zwar closed_eye
shooting 12.11.2011 - 16:15
Jade... dat ass jo fein vun der.... awer, dat gëtt hei schon ganz perséinlech....!!

Ech kann dech verstoen, awer, dass du do fir schon den Maalox muss suckelen, do dir esou eppes net un, säin Kommentar ass dat net wärt...

Merci fir däin Kommentar an nach een gudden Weekend

PS: dat wier een gudden Thema, Roserei fotographéieren closed_eye
JADE 12.11.2011 - 16:18
perséinlech? daat verstin ech elo nët, mee daat ass nët schlëmm

ech sin nët rosen, mee éischter entsaat an rëselen den Kapp
mäin (natierlech nët lieserlechen) Toun ass calme, dach, dach, gleew mir ët smile ...
trotzdem fannen ech daat eng ganz gutt Idee d'Roserei ze fotograféieren tongue
shooting 12.11.2011 - 16:27
Dann sinn ech erliichtert smile
shooting 12.11.2011 - 16:34
Gutt Jade...ech freeën mech schon ob dat bild closed_eye
JADE 12.11.2011 - 16:42
euuuuh ... ECH machen keng Fotoen
DUUUUU solls d'Roserei fotograféieren smile an ech fréen mech drop!
shooting 12.11.2011 - 17:24
Dat hunn ech schon geknipst déi ass an menger Photo Galerie ze gesinn tongue
Dafty 13.11.2011 - 21:48
t'Fro un menger Plaatz as hei,
wei kann een engem Epes erklären, wann deen net am Stand as en Text richteg ze liesen ... nun, villeicht probeieren ech et esou :
eng foto dei einfach duerch t'gefill dei se weisst a get, all teschnechen Fehler behierft.
ech wollt dommader soen (waat een eben bei all gudder Streetfoto kann soen) dat all dei Fehler dei ech do nennen, an bei engem Portrait aus dem Studio wichteg sin, dat dei hei keng Roll spillen. Eben genau daat waats de selwer denks. Daat as jo awer kloer wann een den Text liest, oder net?

Ech hun och nie gesoot t'Foto wier net gut, ech hun just gesoot dat een ganz einfach hätt kennen nach e bessen mei draus machen. Sou ewei t'Foto elo hei as, fier et kleor ze soen, dat och keen et falsch versteht, mais dofier e bessen mei deitlech : hei as en saugut Motif duerch den falschen Traitement net eierbar duergestallt gin.
Deng Argumentatioun fannen ech e bessen Kannerech, ech wees och wei esou eng Foto entsteht, keng Angscht ... closed_eye

Mais wann ech esou eng Liischtsituatioun hun, probeieren ech daat ze ennerdrecken resp en Geigenpol dozou ze fannen, desaturatioun, colorkey, eng fierwung (sepia zb) an an an ... et gin vill teschnech Mettel esou een Scheinheetsfehler ze behierwen. Ugeschnidden Sachen kennen mat enger Vignette verstopt gin....an an an (et as adg weieng een hellt, oder och ob een se benotzt)
Genau daat sin dei vill Meiglechkeeten, dei een huet en gut Bild ze "gestallten", souwei wärend, wei och no der Opnahm. Ech wollt dem Auteur hei nemmen soen dat en, wann en dorunner interesseiert as, sech nach eng Keier eng Stonn soll dohinenrsetzen an mol e bessen ze probeieren.
JADE 13.11.2011 - 22:07
stëmmt, effektiv bei der Re-Re-Lektüre vun dengem 1. Comment hun ech elo och besser erausgelies, dass du eng Verbesserung am postprocessing proposéiers
an ech froen dann och ëm Ëntschëllegung dass ech daat nët direkt richteg erausgelies hun

trotzdem, perséinlech fannen ech daat nët néideg well ech bei dëser Foto déi "Ongereimtheeten" déis du opziels nët als solch gesin
un den Faarwen gesin ech éierlech nët waat stéiert (daat kann awer een mir erklären, well ech mengen ech hun do nët ëmmer den richtegen Bléck fir esou Saachen)
den 2. Bier stéiert mech perséinlech och nët
wéis du gesäis sin ech zimmlech vill beim " perséinlech", esou wéi du och ... an daat ass jo dann näischt méi wéi eng adg's Situatioun smile

daat waats du proposéiers ass bestëmmt och nët ze verwerfen, ët ergëtt eben just eng ganz aaner Foto ...
villäicht och eng ganz aaner wéi den Fotograf se wollt, waat erëm nët heescht, dass ët nët auszeprobéieren ass

eng lescht Bemierkung ass fir mech (an fir dech jo och, wann ech däin 1. Satz richteg verstin): wann d'Foto gefillsméisseg daat bewierkt waat se bewierken sollt, dann brauch een och am Prinzip nët nach vill drun "fummelen" ze goen (fir dass se zB den soit disant klasseschen "Reegelen" entsprëcht) ... fannen ech emol

Dafty 13.11.2011 - 22:18
eben, merci dats de der t'Mei gemach hues.
Ech hun villeicht net genuch ennerstrach dat ech och t'Motif mega schein fannen.
An graat dofier as se et eben wert, e bessen opgetackelt ze gin.
Wei den Auteur et well machen as him iwerloss... mais hei gesait et eben nach ganz "rei" aus.
Ech well hei kengem seng Abescht ausserneen huelen, ech well deenen Leit hellefen, dei an mengen Aan epes iwersinn hun, oder evtl. falsch gemach hun (ech denken "falsch" get et net an der Fotografie). En Aan ze hun fier aus enger Foto en Bild ze machen as Erfahrung, an schweier, oder guer net ze vermettelen. Mais et kann een awer engem Auteur soen, weien Bildelement eng Wierkung huet an senger Foto. Loossen mer sou soen, t'Leit weisen op den Hiewel, an hien kuckt wei en dommader steiert.
Och wann een eng Foto gut fennt, kann een soen fierwaat een se gut fennt, heiernsdo sin et nemmen kleng Detailer, dei machen dat eng Foto sech eraushierft aus der Mass.
_MiAmI_ 12.11.2011 - 18:14
eng schein Schnappschossfoto mat Gefill, mee leider och net mei.....
shooting 12.11.2011 - 19:03
Leider net mei.... ??
_MiAmI_ 12.11.2011 - 21:45
wei gesoot Foto weisst Gefill vun beiden Seiten, daat as kloer.
Mee weiste schons gesoot hues, war de greisten Deel Warden, biste eben dein Deier sou kruus weiste eis hei weis. Vum techneschen hier gesin neischt groussarteges. Dengem Meedchen gessot wei et sech stellen soll an eben geward bis keng Drettpersoun drop war, an bis Deieren geschwomm komm sin. cadrage, Farwen, Logo etc gin ech net weider drop an, daat as alles AFG.
Daat dooten hat ech och schons probeiert/gema, mat Delphinen, plus-minus gewousst wouse eraus gesprong koumen, d'Model stoung och ob enger gudder Plaatz, mee eben leider ze vill Drettpersounen ...
Verstehste ongefeier waat ech soen well, huel daat elo net schlecht ob smile
Mee as eben mein point de vue smile
shooting 13.11.2011 - 09:17
Jo MiAmI.... dass OK. smile Merci, fir däin Kommentar
_MiAmI_ 13.11.2011 - 12:13
sou "OK", wei deng Foto shooting...... smile
Dafty 13.11.2011 - 22:06
Ah jo, am allgemengen kann ech heizou nach en "Tip" gin,
wann een sech beim Fotographeieren unwinnt, emmer nach e bessen mei Rand ze loossen, da as een oft Frou nach eng "Reserve" beim Kadreieren ze hun. Freier as daat schon duercht t'Rummen vun den Fotoen gemach gin.
shooting 14.11.2011 - 00:48
Merci.... fir däin gudden tip... Dafty closed_eye
shooting 14.11.2011 - 00:53
Ech well nach een groussen Merci soen un déi Leit... déi dës Foto gewielt hunn

Merci virauser smile smile smile
arwa 14.11.2011 - 07:45
de riäng smile
arwa 14.11.2011 - 07:54
also, ouni lo grouss hei d'Kommentarer ze kommenteieren,
(daat kënnen aaner Leit besser)

mir gefällt dei Photo -immens- gudd an daat sou wei së as !

Et as a mengen Aaën - ganz grousse Kino-, dh. ët kann éen immens vill dran interpreteieren.

Dei Photo as lo bei menge Favoriten.

m-otiv 14.11.2011 - 09:04
gratuléieren Dir....
shooting 14.11.2011 - 18:17
Merci Vito...
Dynax 14.11.2011 - 09:18
Verdingten Foto vun der Woch. Respekt. smile
shooting 14.11.2011 - 18:17
Merci Dynax....
_MiAmI_ 14.11.2011 - 16:07
Gratulatioun. smile
shooting 14.11.2011 - 18:18
Merci MiAmI...
suraki 14.11.2011 - 16:26
gratuléieren,
ewéi schonns gesot, en richtegt flott Bild smile)
shooting 14.11.2011 - 18:18
Merci suraki....
Pixelman 14.11.2011 - 18:53
Et gin Fotoen déi brengen et einfach, an deng gehéiert hei kloer dozou.
Gratulation och fir d'Wochefoto !
shooting 14.11.2011 - 19:28
Merci Pixelman
spackelter 14.11.2011 - 20:41
Gratulatioun.
En herrlecht Bild.
shooting 15.11.2011 - 20:25
Merci spackelter...
jorsch 14.11.2011 - 21:11
Ech hat däi Bild nach net richteg gekuckt!

Dat war e Feler!!!

Di scheinbar Komplizitéit vun dem Kand mam Äisbier gefält mer!
shooting 15.11.2011 - 20:26
Dat Freed mech... jorsch
ZachOry 15.11.2011 - 19:24
wow, genial !!! et geseit aus wei wann den eisbier matgespillt hàtt... mega smile
shooting 15.11.2011 - 20:26
Merci ZachOry...
NikonD80 16.11.2011 - 10:45
Gratulatioun och vu mir fir di herrlech Foto
shooting 16.11.2011 - 17:52
Merci NikonD80...
Miau 17.11.2011 - 19:51
leider verpasst, gefällt mir och ganz gutt
shooting 17.11.2011 - 23:43
Merci Miau....
Theodoor 22.12.2011 - 02:03
Ech fannen Photo och einfach mega schein ...
Maite 25.07.2012 - 10:15
Wow D'Foto ass wonnerscheinsmile
shooting 25.07.2012 - 18:04
Merci.... Maite smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 340 Gäscht online