Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ô, les belles friandises

 
Ô, les belles friandises
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.11.2011
  • Gekuckt:
    19840
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    756x533
  • Späicherplaz:
    184 KB
  • Originaldatum:
    2011:11:07 22:46:57
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:
Vill Sonnecrème

Fir anzesetzen: [pg_img=60139]
Kommentar vum Fotograf:
D'Foto gouf "en passant" dëse Summer an der Camargue gemaach. Ech gi gäre zou, dass si hätt kéinte méi schaarf sinn. En plus hat ech deen Ament just den Wäitwënkel derbäi. Ech hoffen, dee kromme Kader lenks a riets stéiert net zevill.

Ech wollt d'Foto op "al" trimmen, mä schwaarz/wäiss stellt si praktesch näischt méi duer herno. Dofir hunn ech mech entscheed, fir just d'Faarwen e wéineg zréckzehuelen, dat Ganzt e wéineg getéint an eng liicht Vignette dropgesaat.

Vläicht net déi beschte Léisung, mä et wär trotz allem wierklech schued gewiescht, fir déi Foto do schlussendlech net ze maachen...
Zodiac 08.11.2011 - 10:04
Liicht mei scharf hätt se effektiv kéinten sin. Wat ech schued fannen ass dass bannen eigentlech net vill liewen ass, dat hätt nach perfekt hei an dei Foto gepasst. Mee "en passant" war dat wuel net dran op den Moment ze warden. Vun der bearbeschtung fannen ech se vollkommen an der rei.
Cypress 08.11.2011 - 19:07
Hmmm..."en passant" hätt laang kéinte daueren...war kuerz no der Mëttesstonn...do ass keen Awunner ënnerwee...just déi "domm" Touristen, déi sech onbedéngt mussen bei iwer
30 Grad d'Binette verbrennen closed_eye

Merci fir de Comment, Zodiac smile
crici 08.11.2011 - 19:52
Also mir hun eis do mettes um 5 rangetraut, dun waaren et alt och nemmen nach knapp iwwer 30 grad(daat war eng woch wou et durschnittlech 37 grad waren closed_eye ) an dun huet et do nemmen vun leit gewimmelt, do hues du 5-10 minuten an der schlaang gestaan fir deng seißegkeeten ze bezuelen closed_eye
Miau 08.11.2011 - 12:25
De Look ass OK, mais ech hätt sie lenks riicht gezunn,
Cypress 08.11.2011 - 19:13
Genau dat war dat, wat mech och selwer am meeschten gestéiert hat; déi "Bou" riets a lenks.

Wosst leider net, wéi eng technesch Méiglechkeet ech do am Lightroom hunn, fir dat z'änneren...dee Programm ass nach Neiland fir mech...muss mech do nach eemol ferm eraschaffen.

Merci fir de Feedback, Miau. smile
Keup 08.11.2011 - 13:53
Aigues Mortes??
Cypress 08.11.2011 - 19:17
Gutt méiglech.

Zu menger Schan muss ech gestoen, dass ech do zwar deeg- a wochelaang am ganzen Eck ronderëmgekurvt sinn, awer mir net ëmmer verhalen hunn, wou ech grad wat geknipst hunn. unhappy

Mä Aigues Mortes seet mir eemol eppes, dat war sécher och derbäi. smile
Keup 09.11.2011 - 10:58
Aigues Mortes ass sou eng Staadt mat decken Festungsmaueren ronderem. Ech sin mer zimmlech sécher daess et do war. smile
crici 08.11.2011 - 17:05
Jap dat ass Aigues Mortes, honnert Pro, war do och schon ran, hun do kamellen kaaft an fotoen gemaach closed_eye INsgesamt eng flott uertschaft aigues mortes smile
Cypress 08.11.2011 - 19:24
Salut,

Ech vertrauen Dir an Dengem Gediechtnes elo voll a ganz, crici.

Wéi gesot, ech war just beim Buttéck laanschtgaangen, mä wann een do natierlech an d'Kamelle dragefall ass, verhält sech herno den Numm vun der Uertschaft wahrscheinlech och méi spillend closed_eye (just kiddin')
crici 08.11.2011 - 19:48
Ech misst d Tuut souguer nach irgendwou hei an menger Kummer trellen hunn closed_eye War zwar nemmen een daag vun der Ardèche bis op d plage an d camargue an hun dun do en stopp gemaach well eis daat vun baußen zimlech gereizt huet. An sinn do och den treppelwee iwwer d festungsmauer getreppelt an durno nach durch d uertschaft selwer, an dunn ass eis deen Butteck do opgefall closed_eye)
Cypress 08.11.2011 - 19:32
@ crici & Keup

Dach, dir hutt Recht; war elo grad e wéineg googelen, an déi Fotoen vun der Buergmauer a vum Saint-Louis soen mir definitiv nach eppes!

Wierklech eng flott kleng Stad, an wann ech mech richteg erënneren; déi hunn esouguer esou kleng Eisepaarten an hiren mëttelalterlechen Stroossen, mat deenen si den Zougang fir d'Auto'en iwwer Mëtteg einfach spären, wann si Loscht kréien, matzen an der Strooss z'iessen...
crici 08.11.2011 - 19:49
Jo do gin ech dir Recht, wirklech ang ganz flott an sympatech stad closed_eye
luxiline 27.04.2013 - 18:24
Wou dat ass ass net sou wichteg, well dat ass eng franchising chaîne 'La Cure Gormande'. Sou Geschäfter gëtt et a ville franséische Stied, z.B. och zu Paräis. La France gourmande ass eben iwwerallbigsmile
Trotzdem, Foto gefällt mir!
Cypress 12.05.2013 - 17:56
An erëm eppes bäigeléiert!
Merci gesoot! (A fir Däin 'Like' natiirlech och!) closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 543 Gäscht online