Ouni wellen beis oder besserwessereg eriwerzekommen froen ech mech op et net meiglech war eng Foto op deser dach spezieller Plaatz ze maachen dei dei dach bestemmt speziell an erdreckent Atmosphere besser bruecht hätt, well dei Luucht keint mengen ech och ouni weideres op irgendengem Fabriksterrain deen mat pikeschem Droot agefaasst ass stoen.
Du hues Recht. Mee d'Foto un sech fannen ech gefällt mär perséinlech. An ech hun och nach anerer wou déi nächst Deeg werten heihin kommen. Ech wees net obs du schon do wars, mee et steht net mei allzevill bis op op puer Gebeier, Wachtuerm an den Droot. Am Haaptgebai ass eng Ausstellung (zwar intressant an informativ mee net fir Fotoen geegent wou een hei well weisen). Des Weideren ass nach eng Barack mat Better do, mee dei Foto sin mer net besonneg gelongen. Den Rescht wat sech gudd Fotographéieren gelos huet, weisen ech nach hei, an do kennt menger Meenung no och dei erdreckend Stemmung dann och besser zuer Geltung.