Ech hu se elo fir 3. gekuckt, a fannen se 'pas mal'; nach besser wäer se wa méi Schäerft um Gesiicht wäer; den Hutt, dee scheinbar vu baussen durech déi oppe Fënster erageflu kënnt, gëtt dem Bild dat néidégt Gewürz. De Cadrage ass ok, wann's d'allerdéngs um Original nach Sput hues (wat ech mer bei däerer Brennwäit virstelle kéint), kéint ee nach e bëssen dru schaffen. D'Foto gefällt.
Merci fir de Komentar! Ech hunn normalerweis net d'Gedold un de Fotoen ze schaffen. Ech maachn se just schwarz a wäiss a loosse soss alles wéi et wor Mä ech probéiere mol op ech et hi kréien d'Gesicht méi Schaarf ze maachen...et wor zimlech donkel am Trapenhaus...mä ech probéieren