Ass menger Meenung sou méi flott, well den Schäerfteverlaf der méi Dynamik an d'Bild bréngt.
Déi däischter Beliichtung an déi méi reduzéiert Faarwen sinn gutt gewielt, passt fannen ech besser wéi sou eng hell an knalleg standard Food. Kritt een wierklech déck Loscht vir dat dengen do eidel ze läffelen!
ech fannen dass du um gudden Wee bass!
Wénkel/Perspektiv pas mal,
Cadrage pas mal,
Schärften/Onschärften, entweder d'Friichten oder den Dessert géing ech soen,
den Läffel ass tiptop esou (esouguer/zemols ungeschnidden)
an d'mise en scène och
wéi ech schon oft hei gesoot hun, ass food photography e.a. eng vun mengen Lieblingskategorien an ech dreemen dovunner daat eng Kéier hinzekréien
du hues hei eng (méi) däischter Ambiance gewielt (Zoufall?), waat och säin Charme huet, obwuel een bei Dessert'en éischter eng hell Variant gewinnt ass ...
mee déi dooten gefällt mir och (vum Unsaatz hier) --> fruits des bois --> bois sombre etc ...
kuck hei, waat ech perséinlech nawell zimmlech gaeren hun vun Stil (an heemlech unstriewen, mee bon, schon 3 Joeren keen Apparillo am Grapp, mee ech knippsen och just, an dann nach ...):
http://www.latartinegourmande.com/
(P.S.: esou verooden ech dir an engems och, dass du meng N° 1 wars, dh par rapport zu deem waat ech perséinlech (an am Moment) vun food-photography appréciéieren)
Also d'Originalbild wor net immens hell, ech mengen dat war een gudden Zoufall Ech muss mech mat Luuchten/Blëtzer beschäftegen..
latartinegourmande huet wonnerbar Fotoen, ech wéilt och gären ob esou engem Niveau Food Photography drop hunn (Et kann een jo emmer dreemen :D )
Ech hunn mech fir main Bild och ee bëssen inspiréieren gelooss, esou hunn ech z.b. http://bcommebon.canalblog.com/archives/2011/12/01/22861652.html immens fonnt
(P.S: Merci fir den Kommentar Huet mech _imens_ gefreet!)