Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Palanga's beach

 
Palanga's beach
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (21.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.11.2012
  • Gekuckt:
    33296
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/6 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1300x639
  • Späicherplaz:
    452 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:20 10:25:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68527]
Kommentar vum Fotograf:
Deen leschten Samsdech fotografeiert an Lithauen.
D'Luucht woar aussergeweinlech, an dofir optimal fir Fotoen ze machen. (Woarm woar et awer net;-) )
hardae 20.11.2012 - 14:56
Flott Jacques, wann ech Wolleken esou kucken, dat misst et geschwë rënnen?
Litauen ass dat eng Rees wäert?
Jacques 21.11.2012 - 09:13
Merci hardaesmile
Jo, et ass derwärt mee et kennt emmer dorop un waat een sech erwaart!
Jeanny 20.11.2012 - 15:42
däi schéin Faarweg Steng flott an Bild gesat Jacques
Jacques 21.11.2012 - 09:12
Merci Jeannysmile
Schluck 20.11.2012 - 17:35
Flott Lanschaftsobnahm .. ech mengen se géi mir besser gefaalen mat virun den Steng manner Palge, villeicht esou guer bis bei den eischten Steng vun lenks ganz eweg. Sou wéi se lo ass huet een Problemer fir an d'Bild erannzekommen wëll d'Steng matzen am Bild eng Art Hindernis fir den Bléck duerstellen.
Jacques 21.11.2012 - 09:11
Merci Schlucksmile
Jo du hues recht! Ech hun probeiert se ze schneiden an ech mengen se geseit elo e bessen besser aus.
Merci fir den Tipsmile
Schluck 21.11.2012 - 09:13
Yep, sinn och daer Mehnung .. ass witzeg wat sou kleng Détailer ausmachen. Lo wandert den Bléck am Bou ronderem wou een virdrun un den Steng hänken bliwwen ass
Jacques 21.11.2012 - 09:13
Daat sees de guddsmile
Schluck 21.11.2012 - 09:19
Héi ass ee Buch iwwer Kompositioun wou ech all Photograph nëmmen kann empfehlen:

http://www.amazon.de/Photographers-Eye-Composition...

Dat huet mir perseinlech vill gehollef
Jacques 21.11.2012 - 09:34
Ech wärt mer daat Buch uschaafen!
Mercismile
MR 21.11.2012 - 05:40
Deen düsteren Himmel do
an déi deck faarweg Steng
hues de héi ganz flott
festgehalen smile
Jacques 21.11.2012 - 09:14
Villmools merci Martinesmile
MR 21.11.2012 - 09:19
an elo och
nach een super Cadrageclosed_eye
Jacques 21.11.2012 - 09:22
An dofir nach en super merci un dechsmile
An un den Schluck fir deen gudden Tip wou heen mer gin huet!
Conley 21.11.2012 - 17:32
Gefält mär och besser esou, mengem Beliichtung war net laang genuch fir Waasser interessant se maachen, et huet Onschaarf gewiergt. Huelen mol un dass de dat wollts probéieren....an an t Bild fëmms de och besser wie den Schluck seet... Ass ganz schéin elo Jacques.
Jacques 22.11.2012 - 09:12
Merci Conleysmile
Daat matt der Beliichtung daat woar schon esou gewolltclosed_eye
D' Bellichtung woar esou geduecht dass d'Wasser net gant schoarf mee och net ganz onschoarf soll sin. Mier ass et drems gaang fir den Panorama matt deenen foarwechen Steng ze weisensmile
marker 24.11.2012 - 19:13
..richteg flott däi Rekadrage elo als Panorama.
d'Steng kréien esou en aner Dimensioun a stiéchen elo als Haaptsujet richteg gutt eraus. Drop klicken ass bei dësem Bild ee ''Must''
..fir mech als Plage-Fan ass daat hei ee Fav. wärt Jacques..!!
Jacques 26.11.2012 - 04:55
Merci Marker, freet mechsmile
Den Schluck huet mer schon gudd Rootschlei gin an sin frou doriwersmile Dei verschidden Foarwtein vun den Steng huet mär och gefall an hun geduecht dass daat eng Foto wert wiersmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online