Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Yellowstone, fir de Sirius....

 
All Fotoen an dëser Serie:
33125 Thumbnail
33126 Thumbnail
33127 Thumbnail
33128 Thumbnail
33129 Thumbnail
Yellowstone, fir de Sirius....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.12.2012
  • Gekuckt:
    11042
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    1995
  • Fotoapparat:
    OlYmpus OM2-N
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69109]
Kommentar vum Fotograf:
....an och all déi aaner déi interesséiert sin,
d'Biller datéiren aus dem leschten Joorhonnert,
Diaen vun der OM2-N, déi ech gescannt hun, dofir sorry, dass d'Qualitéit net engem digitale Bild entsprecht
1- Old Faithfull
2- Yellowstone Canyon
3- Sinterterassen vun Mammoth Hotsprings
4- Devils Kitchen
5- Keng Ahnung méi, wéi dee geheescht huet
sorry Sirius, beim Daisy,hat ech éischter Biller mat de Kanner fir de Familjenalbum
OK-Photography 13.12.2012 - 00:00
wow - sou eng SCHéIN PLATZ, an sou VERPIXELT Fotoen!! unhappy unhappy

Qualitéitsmässich as daat dooten een DESASTER - giff awer mengen daat lait exklusiv un dengem Scanner, wees net waats de do falsch gemaach hues, mee et kent net mei vill vun der ursprünglecher Foto riwwer!!unhappy
Ech empfehlen se nach enka ze scannen (op engem Fotoscanner) oder se anecht ze komprimeiren...odersou...

dMotiver sinn Top, daat weilt ech o enka virun der Lens hun...schued dass et an Amerika lait...closed_eye
mischii 13.12.2012 - 00:31
also si sin op engem Fortoscanner gescannnt gin, ech muss dann nach mol op de Späicher goen an se nei scannen, se hun mëttlerweil och vill gelidden, (17 Joer aal), ech kucken nach emol, hun mëttlerweil och bessi bäigeléiert
e Grain war jo fréier an all Foto dran, deen ass net sou liicht erauszekréien,
war och just op dem Sirius seng Invitatiouon "da loos se kommen", wou ech se eropgelueden hun,
ouni weider Ambitiounen,
déi gin souwisou niemols méi top, et sollt just
einfach mol sou sin, eng all verpixelt Foto genéissen,
hmmm bei analog konnt se jo net verpixelt sinn!
mir kucken se dann op der Leinwand vum Dia meng nächst Biller kommen dann och vun besere Cams an net méi sou vu fréier bigsmile
OK-Photography 13.12.2012 - 00:51
closed_eye
een Diascanner brengt der normalerweis bis 1600dpi - waat eenorm as,
ausser deng .jpg-datei hai as 17joer aal, dierft et keen problem sinn en propperen scan ze maachen....closed_eye
analog as qualiteit, ausser dass dFaarwen leiden geschitt net vill mat denen Fotoen...mee stemmt schon dass wann se bis digitaliseiert sinn nees alles schief kann goen... smile
mischii 13.12.2012 - 00:56
ok, wann ech mol Zâit hun probéiren ech nach mol, mee fir de Moment schloofen 5000 Diaen op mengem Späicher, mol kucken ween d' Viirecht kritt!
Sirius 13.12.2012 - 08:09
Uii....waat eng Ehre main Nickname am Titel smile

Schein Serie deis de eis weiss aus den verschidden Ecker vum Yellowstone
mischii 15.12.2012 - 09:45
ech hat Dir gudd gefollegt bigsmile, mee bon, d'Qualitéit ass einfach net méi dat richtegt bei engem Scan smile
hardae 14.12.2012 - 11:25
Michèle, eng super Landschaft.
Ech muss dir soen, dat ech déi selwecht Problemer hunn, wann ech Fotoe scannen. Ech hu mir extra e Canan Scan 9000F kaaft, fir meng analog Fotoen an Dia ze scannen. Sinn awer och net mam Resultat zefridden. Ka vläicht e mir soen op wat en do, muss oppassen.
mischii 15.12.2012 - 10:22
merci Harry,
ech hat déi hei och scho virun e puer Joer gescannt a well et der vill waren de Scanner op automatic gestallt, et si gudder derbei, et sin awer och nach méi fuerchtbarer derbei,
ech mengen do muss een bei all Bild eenzel kucken waat dat bescht Resultat ass, 1600 dpi brauch ee menger Meenung no net , wann se net an den Drock gin,et kënnt méi op d'Gréisst an op d'Gewiicht un, a wéi de Black Panther gesoot huet, uschléissend un d'Compriméiren
et ass wahrscheinlech eng Saach vun Übung, an daat ass ganz zäitopwendeg, bis een den Trick vun all eenzelne Scanner eraushuet ,
bei Fotoen hun ech d'Negativer gescannt, dat gëtt mol schon e bessert Resultat, wéi wann een d'Foto selwer scannt,
natiirlech kënnt och nach all Stëtongueskär als décke Fleck eraus, do muss een da vill stempelen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 443 Gäscht online