Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wenschen Iech all....

 
Wenschen Iech all....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2012
  • Gekuckt:
    22395
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x1310
  • Späicherplaz:
    363 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 100mm
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69504]
Kommentar vum Fotograf:
vill Gléck, Gesondheet, Zefriddenheet an dass all är Wënsch
sech am neiem Joer erfëllen.

Dass bald das neue Jahr beginnt,
spür ich nicht im geringsten.
Ich merke nur: Die Zeit verrinnt
genauso wie zu Pfingsten,

Joachim Ringelnatz

Ganz Gedicht kenn Dir op menger HP liesen:-)

http://jeanny-marx.unser-fotoforum.com/
MR 30.12.2012 - 07:58
Do hues de awer gutt an schéin geschafftsmile
Ganz besonnesch gefält mir
den September mat der Drëtonguesclosed_eye
Jeanny,ech wënschen dir nëmmen
dat allerbescht fir 2013!
Jeanny 30.12.2012 - 08:54
Merci Martine, ech Dir och
Jacques 30.12.2012 - 08:20
Wonnerbar hues du daat gemeet Jeannysmile
Wenschen der och alles guddes fir 2013 an vill schéin Fotoensmile
(An ech setzen um Findel fir fortzefléiensmile )
Jeanny 30.12.2012 - 08:53
Da setzt dech an een, a fléie bei Sonn Jacques smile
Merci, wënschen ech Dir och.
obskur 30.12.2012 - 09:18
Dat selwecht wënschen ech Dir Jeanny vir 2013, an de Kollage as genial. smile
Jeanny 30.12.2012 - 15:56
och Dir en decke Merci obskur
Gwendoline 30.12.2012 - 09:20
Flotte Collage, mär gefällt dass zu all Mount eng kleng Info dobäisteet. Juni ass mäi Favorit! smile Där och alles Guddes fir dat neit Joër.
Jeanny 30.12.2012 - 15:56
villmools Merci Gwendoline
Schluck 30.12.2012 - 11:30
Immens gemach dein Kalenner/Kollage gefällt mir richteg gutt, och vun eis alles gutts fir 2013 fir dëch an deng Famill
Jeanny 30.12.2012 - 15:55
Merci Schluck
jps 30.12.2012 - 11:34
Dir an denger Famill och nëmmen dat Bescht Jeanny,
a fir 2013 weider esou schéin Biller smile
Jeanny 30.12.2012 - 15:55
wäert mäin bescht maachen Jean-Paulsmile Merci
Abacab 30.12.2012 - 12:50
All eenzelt Bild ass schéin ze kucken, an et ass ganz interessant dozou nach dee passenden Kommentar ze liesen.
Eng wonnerbar Aarbecht Jeanny!
a Merci gläichfalls!
Jeanny 30.12.2012 - 15:54
Villmools Merci Marc
TC 30.12.2012 - 13:02
Super Arbescht! Vun mir och dat allerbescht fir 2013!
Jeanny 30.12.2012 - 15:54
villmools Merci Thierry
chrYstal 30.12.2012 - 14:02
E wonnerschéinen Kalenner hues du hei zesummengesaat. Eng Freed fir all eenzel Bild ze kucken an op sech wirken ze loossen mat dengem Kommentar derzou. Super! Merci an dat selwicht wënschen ech och Der an denger Famill smile
Jeanny 30.12.2012 - 15:53
dat freet mech, Merci chrYstal
marker 30.12.2012 - 14:15
..wirkeleg ganz flott gemach Jeanny, an all Bild passt zur Joreszäit.
Wënschen Dir an denger Famill och dat Allerbescht, a weiderhin ''gutt Liicht'' am neie Joer.
Jeanny 30.12.2012 - 15:52
ech hoffen et Marc, meng Ae sinn jo elo erëm geflecktsmile all Foto ass och an dem Mount gemeet ginn. Merci
Jean-Jos 30.12.2012 - 14:42
Exzellent Jeanny, e feine makrofotografësche Réckbléck op däi läscht Joer, an all Saison am Gepäck. Ganz flott präsentéiert!
Fir de Räscht schléissen ech mech dem Marker séngem Kommentar gären un.
Jeanny 30.12.2012 - 15:51
All Foto gouf och an dem Mount gemeet Jean-Paul. Merci
icylady 30.12.2012 - 14:52
ganz schéin gelongen, dain Kalenner, Jeanny,
wënschen Dir an denger Famill och alles Gudds fir 2013
an datt's du och an deem Joer rem sou gudd Motiver gesais an festhälls smile
icylady
Jeanny 30.12.2012 - 15:48
versichen ech ze maachen. Merci
mischii 30.12.2012 - 16:09
e schéine Réckbléck Jeanny,
an Dir och alles Gudds,
eng gudd Gesondheet an och nach ganz vill schéi Biller
Jeanny 31.12.2012 - 07:03
Merci Michèle
gemu 30.12.2012 - 17:36
E wonnerschéinen Kalenner, waat eng Aarbecht.

Wënschen dir an denger Famill alles Guddes fir d'Neit Joer 2013
Jeanny 31.12.2012 - 07:03
Villmools Merci Georges, dat freet mech
Conley 30.12.2012 - 18:27
.
Conley 30.12.2012 - 18:29
Do hues de der vill Aarbecht gemaach, an't Resultat mat dënn Beschreiwungen vun deenen eenzelen Méint an ganz schéinen Fotoen ass ganz gutt ginn. smile
Dir och alles Guddes fir dat neit Joer Jeanny.
Jeanny 31.12.2012 - 07:02
villmools Merci, sou Gekniwwels maachen ech ganz gären, zemools wou Wierder net dat gielt vum Ee asssmile
BigVood 31.12.2012 - 09:50
Ganz schéi ginn, däin Joresréckbléck...bréngt e bëssche Faarf an déi grugeleg Zäit hei. Och dir alles Guddes fir 2013!
Jeanny 31.12.2012 - 13:26
Merci BigVood
desi 31.12.2012 - 10:47
wat sinn dat schein naturfotoen"!!!!!! wow smile
top top mach emmer weider eseu smile
so kann en se och undrecken dass se nach mei greuss sin ????smile
Jeanny 31.12.2012 - 13:29
Merci Desi,
ganz Kaart jo, an am eenzelen misst de se a menger Galerie fannen,
Fotoen goufen och all an dem Mount gemeet, wou ech se gesat hunn
jorsch 31.12.2012 - 14:59
E flotte Réckbléck op a schéint Fotosjoer!
Ech ka mir dat do als Poster-Kalenner gutt virstellen.

Dir och all Guddes a vill schéi Fotoen am Joer 2013!
Jeanny 02.01.2013 - 15:00
Villmools Merci jorsch
hardae 01.01.2013 - 21:03
Schéin hues dat gemaach, mat ganz schéine Fotoen.
Wënschen dir an dem Arthur och alles Guddes fir 2013.
Jeanny 02.01.2013 - 15:00
Merci Harry, bis muer smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 377 Gäscht online