deng Foto léisst fir mech deen "groussen Espace" Feeling wierklech eriwer kommen
mir gefällt se dofir och ganz gutt, obwuel ech mir beim drop klicken carrément een méi groussen Plongeon an déi Landschaft erwaart an erwënscht haat
déi 2 Sträifen kënnen villäicht e bessi proeminent eriwer kommen, fir mech awer, wann een den Choix dovunner mëcht, dann ass déi dooten Gréisst déi richteg: méi schmuel --> nët deen Effekt; méi breet --> zevill präsent
(ët ass mir een Rätsel, dass nach keen hei eppes geschriwwen huet ...
ween wees, déi 155 Klickerten waerten nach nët aus daer schéiner, grousser Landschaft zeréck komm sin )
Ech hunn d'Sträifen missen maachen vir op déi néideg 400px Breet ze kommen, d'Foto ass u sech ze schmuel vir se hei richteg ze weisen. Géif soen wanns de se an méi grousser Opléisung gesäis kennt den Espace-Feeling effektiv besser riwwer.
Freet mech awer dat s du alt mol eppes geschriwwen hues!
aaah,
ech gesinn, Du wars lo do, en plus mat Schnéi
de Pano vun der Moundlandschaft gefällt
ech hoffen et huet Dir gefall a si gespaant op weider schéin Islandimpressiounen, do bleift jo keng Späicherkaart eidel!