Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*Different*

 
*Different*
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.01.2013
  • Gekuckt:
    34576
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    893x1000
  • Späicherplaz:
    456 KB
  • Originaldatum:
    2013:01:30 15:33:21
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    105mm f/2,8
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70268]
Kommentar vum Fotograf:
En Heesprenger op enger Gras-Bréck, mool aanechters gewisen.
BlackLizzard 31.01.2013 - 08:22
Ech sin begeeschtert.
Ech hätt dat do sou am SW net probéiert, mä ech muss soen dass et wirklech super gelongen ass.

Si huet menger Meenung no esou méi Ausdrock wéi mat Faarw.
Jacques 31.01.2013 - 14:14
Villmools Merci,daat freet mechsmile
Am Farwechen ass alles Greeng, an hun probéiert fir se s/w ze machen. Woar net esou einfach, mee ech perséinlech fannen dass Détailler besser erauskommen. An sie ass och der"saison" ugepasstclosed_eye D'Bild besteet aus 5 Ebenen.
MR 31.01.2013 - 09:04
Jacques, eng ganz flott Idee,
den Heesprénger am S/W !
Déi as ganz no méngem Goûtsmile
an ze meckeren gëtt et näischt,
super flotten Cadrage an Schäerft
op der richteger Platz!
Jacques 31.01.2013 - 14:16
Villmools Merci Martinesmile
Et ass och méin perséinlechen Goût, an et freet mech wann et aaner Leit och gefällt!
gemu 31.01.2013 - 09:21
Eng ganz réusséiert Opnaam, firwaat eigentlech net am s/w, daat ass eng eng flott ofwiesslungsräich Manéier fir dat Motiv hei ze presentéieren, an d'Strukturen vun der Graasbréck a vum Heesprenger kommen ganz gud eraus. Ganz flotten Cadrage mat enger diagonaler Linn vun lënks ënnen déi vum Bléck vum Heesprenger suggestiv a Richtung riets uewen verlängert get. I like
Jacques 31.01.2013 - 14:17
Villmools Merci Georges fir déin flotten Kommentar an déi Zeit déis du der geholl hues fir daat esou ze schreiwen!smile
MsJarryman 31.01.2013 - 10:18
ganz schéin gewisen.
Jacques 31.01.2013 - 14:17
Merci, daat freet mechsmile
Arbi 31.01.2013 - 15:17
Scheinen B/W, gefällt mir gudd !
Jacques 31.01.2013 - 17:20
Daat freet mech!
Villmools Merci Arbismile
jorsch 31.01.2013 - 20:48
Däin Heesprénger am SW. ass ganz schéi ginn. Besonnesch déi fein Strukture beim Kapp kommen esou gutt zur Geltung. Gefält mir richteg gutt.
Jacques 01.02.2013 - 05:25
Villmools Merci Jorschsmile
Wéi echt d'Foto bearbescht hun an duerno déi farwech matt der s/w verglach hun, do ass mer opfefall dass effektiv d'Strukturen am s/w besser erauskommen.
Conley 31.01.2013 - 21:48
Datt war mir elo direkt duerch den Kapp gaangen (Am Farwechen ass bestëmmt alles Greeng) an dofir en s/w.. Gutt Idee... ech hunn och eng ähnlech...konnt mir et awer net richteg virstellen well dann di gro Téin jo och ähnlech sinn. Hues de mat Masken an Ebenen geschafft ? Op allefall eng gelongen Opnahm an Beaarbechtung...Jacques. smile
Jacques 01.02.2013 - 05:31
En décken Merci Conleysmile
Am farwechen ass d'Foto knallech Grasgreng. Ech wollt awer keen farwechen Makro an der Wanterzeit eroplueden, an dofit hun ech probéiert fir ze s/w ze machen. Wéis du jo och bestemmt wees, eng farwech Foto just an s/w ze konvertéieren daat geséit net gudd aussmile
Also hun ech probéiert verschiden Filteren anzesetzen. D'Foto besteet aus 5 Ebenen mat verschidenen Filteren, déi ech mool méi oder manner stark agesaat hun, an daat ass dun derbéi erauskommsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 307 Gäscht online