Konkret:
ech hunn bessi ze laang mam Bletz-Setup getriwwelt, an dHeizung as net reaktiv genuch...
et war locker Zemmertemperatur, mee an der Ennerwäsch geet daat awer net duer....
harhar
mengen dann wier mer eent aus dem Studio gehopst...an wuel net mei rem komm...
as notéiert fir dSummer-Session...
(hunn bis lo nach net mat Crèmes/Waasser geschafft...muss mech do enka schlau maachen...)
ganz einfach, ob fresch agecrèmter Haut pärelt t'Waasser besser. Daat geht iwregens och mat Uebst ... en Apel mat Niveau acrèmen an dann naasspretzen.
Fannen et eng super Foto, masi t'Hingerhaut as effektiv ze präsent. Kann natierlech gewollt sin ...
Mier get et kaal, ech denken dat et engem bei sou enger Foto eichter warm soll gin
hai eng Versioun mat Skin-"Filter" (hunn selwer bessi gekniwwelt, ech mengen et as een Blur am Luminosity-Modus mat bessi Gestempels fir op verschiddenen Platzen dStruktur zrek ze huelen an dKontueren nees scharf ze hunn....
FIR MECH bleift et awer déi MAT der Struktur, ech sinn Purist an ginn net "waarm" (an dem Kontext hehe) mat Hautfilteren...oft sinn dei einfach too much, besonnech wann dModel en sou schéin Haut huet wei hai!
Op kee Fall! Ass vill méi interessant mat der Héngerhaut, dat gëtt der Foto deen klengen Hikucker méi.
Wéi schonn gesot gefält mer d'Foto richteg gutt, maach/weis dees mol méi.
"weisen" maachen ech just den Best-of, an jo, ech knipsen mei am Studio di läschten Zait, do get et nach verdammt vill ze léieren!
Freet mech dass se dir gefällt, mat Hingerhaut!!! THANKS
bon, BP, ech kann mech zwar nët errënneren, dass ech jemols eppes ënnerschriwwen hätt fir dir d'Erlaabnis ze gin déi/meng Foto iergendwou/hei ze weisen ... meeeee, vu d'Resultat, soen ech, allez, dajee halt, soyons fous!
ech muss soen ech hun och léiwer Hingerhaut (brrr, ët war verdammt kaal!)
an ech sin frou, dass du keng Ueleg-Waasser-Drëpsen proposéiert hues, well dann wier ët du "réchauffé", dh du vu et revu
voilà, voilà
JADE aka Tania vun Zäit zu Zäit
P.S.:
fir all déi wou schon dovunner dreemen sech och 3 esou piercings machen ze loossen ... ech soen iech eent, alles schéin an gutt an Ënnerwäsch ... mee an Jeeeeeans --> forget it!! ... sie bleiwen vill zevill oft un der Récksäit vun den Täschen hänken ... an daat deet auaaaaaaah
also, ech hun nach ëmmer Hingerhaut !
ech géing dir schon gaeren soen, allez, profitéier fir nach schnell e puer Biller ze schéissen ... mee ech muss an den Fitness ....
allez, man sieht sich dann
soen dir Bescheed esoubaal déi next Schokelas Tablett en vue ass, also um Bauch, ne ...
oder war ët un den Hëften? ... hmmmm, wees ët nët méi ...
Fannen dfoto as gelong, iwer d'hingerhaut leist sech diskuteieren
Wat mir lo bessen an d'aa fält as dass den Arm geigeniwer vum recht vum kieper eichter orange/rout wiekt an de kieper eichter brong.
joh stemmt effektiv...
ech hunn allerdings keng lokal Masken benotzt odersou, dFaarwkanäl sinn fir dei GANZ Foto agestallt....
hm...een Detail, ech noteiren mer daat mol....
du wees, NET ZEVILL....
Du hues secherlech sou en Stapel Filter-Plugins? hunn meng zenter CS6 Update net méi...mee well ech se nie benotzt hunn, hunn ech se na nik vermesst...
Du kanns dDatei jo enka derduerchzéien...mee et dierf op keen Fall méi soft sinn wei meng Versioun haiennen enzuech....
Ech giff jo probéieren, drun ze pinselen Olli , mä da kënns de déi Bild net méi erëm,
an virun allem gefält "Der" net méi
(ah jo, Painter an e puer Aktiounen fir ze molen, dat geet mer duer fir u menge Billercher ze spillen )