Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Falaise d'Amont

 
Falaise d'Amont
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.03.2013
  • Gekuckt:
    18626
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    25 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    32 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x420
  • Späicherplaz:
    340 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2012
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=71281]
Kommentar vum Fotograf:
..un der côte d'albâtre am schlechte Wieder...
Conley 20.03.2013 - 00:07
Dass schuet dass hei keen eppes schreift. Dann probéieren ech et mol einfach..Deng Beliichtung mat 25 Sekonnen seet mir dass et schonn zimlech Déiercher war...oder du hues mat gro Filteren geschafft. Waasser um boer ass zimlech rouege. An't Spigelung vun dem Fiels ass nach ze gesinn.. bei 25 Sekonnen Beliichtung natierlech net schaarf duerch Bewegung vum Waasser. Lenks niewent dënn Fiels gesäit een dann dat schéint Mëllechfaarwegt Waasser wat sech iwwert Mier zitt. Kontraster hues de an den Fielsen gutt betount. De Cadrage an den liichten Pano passt och. Just eng Fro firwat esou kleng gewisen ?? Méi grouss wieren Strukturen an den Fielsen villäicht net esou haacht. Ech hunn mol probéiert deng Opnahm ze liesen als Ufänger, an du kanns mir gären de Kapp wäschen.....wann ech deng Opnahm falsch interpretéiert hunn....ech well jo eppes béi léieren !!!
mischii 20.03.2013 - 00:39
ok, da schreiwen ech och eppes klengs, mir gefällt daat Bild immens gudd , vielleicht viir e bëssen iwwerschärft
@ Conley ech mengen de marker wees ganz genau virwaat en hei manuell ageschallt hat,
Iso 100 ass ëmmer gudd, Blend 10 fir eng Déift an d'Bild ze kréien, duerno seet Deng Knips Dir dann, wéi laang et dauert fir daat Ganzt gudd ze kréien
Ze kleng fannen ech et nët, hei um site soll jo 800 an der Breed gudd eriwwer kommen
Conley 20.03.2013 - 19:16
Merci fir d'Info mischii
marker 21.03.2013 - 21:16
Dat do as flott mischii, du äntwert's, an ech kann e bessi relaxéiern closed_eye
Du hues an allem Recht, ech machen all meng Biller manuell a bestëmmen Zäit a Blend léiwer selwer fir esou d'Kontroll vun der Beliichtung ze behalen, an en plus gët och vun Hand schaarf gestallt.
Dir och Merci gesot mischii fir deng Stellungnahm zum Bild an d'Erklärungen un de Conley.
marker 21.03.2013 - 20:58
Ech gesinn dat's de d'Bild méi lang gekuckt hues, an deng Analyse vum Bild gefällt mir. D'Mischii huet der jo schons op e puer Punkten geäntwert.
Ech hun effektiv e liichte Grofilter benotzt (minus 3 Liichtwerter) fir d'Beliichtungszäit ze verlängern fir en Ausgläich vum Waasser ze kréien, vu dat am 'premier plan' d'Waasser rouheg stung, an hannendrun d'Mier zimlech a Bewegung war. Mat enger normaler Beliichtungszäit huet een de Verlaf vun de Wellen gesinn, an ët huet net als 'Ganzt' gepasst.

Merci fir deng Analyse a Comment Conley
Conley 23.03.2013 - 21:45
Villmools Merci fir d'Info marker
MsJarryman 20.03.2013 - 09:33
Ech kennen den Eck do mat sengen zarten Faarwen, an op dëser Foto kënnt déi Stemmung exzellent eriwwer. Fir mech top.
marker 21.03.2013 - 21:22
Da wee's de jo wéi flott ët do as, an effektiv huet och déi Landschaft säi spezielle fotografesche Charme wann d'Sonn emol grad net schingt.
Merci MsJarryman fir däi Comment
OK-Photography 21.03.2013 - 23:09
komech Qualtiteit....an dain Horizont kippt.... bigsmile
iergendswei ongewinnt, sou closed_eye
(as se verwackelt nogeschärft oder just "schlecht" komprimeiert?)

Fir mech passt se net an den absolut heigwärtegen Recht vun dengen Waasser/Küsten/Steng-Opnahmen...hmm 8)
marker 22.03.2013 - 13:54
hmmm, bei der Qualitéit gesinn ech elo direkt kee Manko. De premier plan ass schaarf, vläicht esouguer en Tic ze schaarf, an d'Falaise eben liicht verschwommen an ouni nennenswerten Kontrast, engersäits durch den Donst, an aneresäits durch den rengen Niwwel vun der Gëscht wou durch d'Loft iwer d'Mier geblose gouf. Di wéineg Faarw an der ganzer Szenerie entsprecht och exakt der Realitéit.

Zur selwechter Zäit hun ech och dës Opnahm gemach, an esouwuel d'Faarwen ewéi och d'Liicht si praktesch identesch.
Porte d'Aval


Ech hun dësen Deel Natur och bei Sonn fotograféiert, mais déi Biller kommen all méi op Postkartenbiller eraus waat mir perséinlech net esou gefällt.
Mais bon, as awer alles eng Affäire de Goût.

Ahjo, richteg, d'Bild kippt no lénks, awer och mat Absicht. Bei engem riichten Horizont hat ech d'Impressioun dat d'Mier ging no riets kippen waat awer a Wierklechkeet eng optesch Täuschung as, vu dat d'Falaise no lénks an d'Mier erof reecht.
OK. technesch gesinn as ët net ganz richteg, mais ët gesäit ''fir mech'' esou awer méi natierlech aus.

Och dir Merci gesot BlackPanther fir deng Appreciatioun an éierlech Meenung.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 437 Gäscht online