Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

V(i)ol...

 
V(i)ol...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.05.2013
  • Gekuckt:
    22281
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    600x600
  • Späicherplaz:
    331 KB
  • Originaldatum:
    26 mai 13
  • Fotoapparat:
    Sony alpha 100
  • Programm:
  • Objektiv:
    Zeiss
Kategorie: Events »» Misc
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72723]
Kommentar vum Fotograf:
...destruction de l'intimité...
passagère...

Cette photo ne vaut rien du tout
pour d'autres que nous.
Peut-ètre que vous, chers amis,
étiez victimes aussi
ou le serez peut-être.

Bob76 28.05.2013 - 22:25
sorry. Kann domadder naicht ufänken.
Maimonides 28.05.2013 - 22:34
Dann hues du de Kommentar net gelies, Bob76.

Wanns du deen da gelies häss
da miss du jo wessen
vu wat hei Rieds gett.

closed_eye
Bob76 29.05.2013 - 19:52
Dach, de Kommentar hunn ech gelies, an hunn och verstaan em waat et geet. Dobai ass een Deel vum Kommentar haut néi.
Trotzdem ass mer d'Foto zevill Schnappschoss.
Fir mech huet se naicht, ouni daat béiss ze mengen. Och wann domadder hechstwahrscheinlech Peng verbonnen ass an ech daat gudd verstinn.
Maimonides 29.05.2013 - 20:46
Am Kommentar steet: "Cette photo ne vaut rien du tout pour d'autres que nous". Dass se fir dech neischt huet steet jo do !

"Zevill Schnappschoss" kann et net gin, grad esou wéi "net genug Schnappschoss". Entweder et ass 1 Schnappschoss oder et ass keen. Et kënnen just gudder oder schlechter gin. An dann nach.

closed_eye
OK-Photography 28.05.2013 - 22:38
dFoto seet vill mee ass, weis du sees, vun engem point de vue artistique "net vill wert"....

gehéiert ennert Doku, an mecht nodenklech, mech zumindest....frou dass ech nach naischt sou hunn missen gesinn...an knipsen! :/
Scorpius 28.05.2013 - 22:46
Mech mecht et och nodenklech Oli..muss mein Zemmer mol opraumen xD
Maimonides 29.05.2013 - 20:49
Merci Scorpius.
Maimonides 28.05.2013 - 22:55
E ganz décke Merci, Oli.

Dës ass eng éierlich Foto,
mat menger Fra ofgeschwat
fir se erop ze setzen....

Ech weess dass dëss
nët hätt mussen
gewisen gin.
Maimonides 29.05.2013 - 20:49
..."a knipsen"... ! Du sees et, Oli.
En décke Merci.
Miau 29.05.2013 - 07:26
ee Trauma dat do, a keen ass secher...
Maimonides 29.05.2013 - 20:50
Merci, Miau.
obskur 29.05.2013 - 08:19
La violence est la loi de la brute.
Gandhi.
Il existe peu de recherches sur le phénomène du vol et ses conséquences sur les personnes qui en sont victimes. En effet, contrairement au viol, le terrain est encore vierge en ce qui concerne ce crime. Le vol s'apparente toutefois au viol, en ce sens que les victimes ont l'impression d'être violées, "infectées", en somme, qu'il y a eu intrusion dans leur intimité.J.C.
Maimonides 29.05.2013 - 20:51
Merci, obskur.
icylady 29.05.2013 - 09:56
destruction de l'intimité.... du sees et, et fillt een sech dono eng ganz Weilchen net méi secher, an sengen eegenen Wänn doheem, an daat ass schons schlemm, nuets lauschterts de op all klengst Geräisch, an et ginn där vill, an wann's de heem kenns, färts de bei d'Vischtdir ze kommen, (bei ons war di deemols opgebrach an daat ass een urkomescht Gefill),
mee GottseiDank, die Zeit heilt alle Wunden, lues an lues verblasst deen cauchemar dann awer an du denks emmer manner oft drun
wenschen Iech 2 dann lo Courage den après-vol ze iwerbrëcken smile
Maimonides 29.05.2013 - 20:58
En décke Merci, icylady,
mam Iwerbrécken si mir déck am Gaang.
Dat Ganzt hat awer och nach aner Konsequenzen,
mi heemlicher....,

closed_eye
Jacques 29.05.2013 - 15:09
Ech woar och schon an där Situatioun, an kann genau novollzéihen welcht Gefill daat ass wann friém Leit an den perséinlechen Sachen gewullt hun!
An wéi d'icylady schons geschriwen huet kann just d'Zeit déi Gefiller ennerdrecken.
Maimonides 29.05.2013 - 20:58
En décke Merci, Jacques.
Schluck 29.05.2013 - 21:22
Keng schéin Foto fir den den se bei sech muss huelen. D'Gefill vun Viol kënt awer gudd erriwwer duerch déi hellen Woul vun perseinléchen Dokumenter, Géigenstänn, usw déi exposéiert sinn. Ech kann mer virstellen dass een sech do wéi ausgedoen fillt ... deet mer Leed fir Dech an deng Fra!
Maimonides 29.05.2013 - 21:34
Merci, Schluck,
mais eis geet et net anischt
wi ganz villen aaneren....

Traurig Zeiten eben.
NikonD80 30.05.2013 - 11:52
Ech hunn vun der Saach do matkritt an ech fannen dat doudschlëmm. Du weess dat ech schonns vill der Fäll do gesinn hunn, mä eréischt wann een selwer betraff ass mierkt een eréischt wéi schlëmm dat dat ass......unhappy
Maimonides 30.05.2013 - 21:25
Merci Guy,
wi gesot: domat kann jidereen confrontéiert gin...

An di Leit vun der POLICE di hei waren,
waren top !
Dat soll och mol eng Kéier gesot sin.
mischii 30.05.2013 - 16:14
oh je, do kréien ech eng Hengerhaut,
Jo, de vol ass ee viol vun der Privatsphär , ech hoffen Dir knaat net zevill laang dorun, a kënnt Iech geschwënn rëm doheem fillen
Maimonides 30.05.2013 - 21:32
Merci, Michèle,
mir fillen eis nach emmer doheem.

Ech géif awer och gär
deng éierlich Meenung liesen:
"Huet di do Foto eppes op Photogen ze sichen?"
mischii 03.06.2013 - 21:13
e bessi spéit, mee hei ass meng Äntwert:
Dës Foto huet a mir eng Emotioun erviirgeruff, also léisst se de Betrachter net kaal,also ass se fir ze weisen!
ech hätt se awer och nach an den Doku a Reportage gesaat
Maimonides 04.06.2013 - 19:32
Merci, Michèle: du hues Recht.
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online