Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moofen Focus Ghia Diesel

 
Moofen Focus Ghia Diesel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.06.2013
  • Gekuckt:
    14528
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f4
  • Brennwäit:
    145 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x787
  • Späicherplaz:
    605 KB
  • Originaldatum:
    06.06.2013
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
    NIKON 80-200 f2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:
+ Fläsch Sonax Polisch

Fir anzesetzen: [pg_img=72936]
Kommentar vum Fotograf:
Hunn mol probeiert bessi main daischteren Auto ze knipsen, nöt esou enfach wann keen Schnei leid....
Hunnen mol opt Schinnen gestallt.

Hdr aus 5 Fotoen.

Klick mol drop
Nemo 06.06.2013 - 08:51
As jo sou ganz flott gin, mee méng Fro un dech : wisou net an der nemmlechter Perspektiv, mee vu vir??

Géiff der Foto a méngen Aen eng ganz aner Dynamik gin...well soss fir de Rescht, as se wirklech ganz gelongen (Schärft, BEA,...etc)
gogo 06.06.2013 - 21:21
Wéis de um Bild gesäis, den Auto fiert FORD, aus dem Bild bigsmile

Ass flott ginn, haett zwar lo wou ech mer daat sou virstaalen och gaeren den Auto den annere Wee gesin.

Flotten effekt vläit wier wann een nach bëssi, awer nemmen e ganz bëssi mei Detail aus der Auer kéinnt rauskeddelen

Coulang lenks an uewen kanns de nach wegcropen
micky-maus 07.06.2013 - 20:09
Merci Christian,
maachen bei gelegenheet eng Seri vunn fier...
Hunn d'Auer pobeiert awer dei ass ausgefriess, naischt ze maachen. closed_eye
micky-maus 07.06.2013 - 20:03
Merci, Eng Froo, ein einfach Antwort: Woer ze lidderch den Auto ze dreinen.
Fannen och daat den Auto besser vunn hannen wierkt well Fensteren hannen schwarz oofgedonkelt sinn.
Maachen awer bei gelegenheet eng nei Serie vunn fier, dann och mat Statif fier mei Präzisioun. Hei ass HDR Freihand mat 5 knipsen.
Hiko 06.06.2013 - 18:06
Ah hei, och e Ford closed_eye Eischtens mol en Auto deen een an däer doten Faarw net oft gesait. Zweetens kommen op der Foto d'Reflexiounen um Auto richteg flott eraus. Dat léisst den Auto an mengen Aen méi plastesch wierken.
Zum Cadrage, do hät ech eventuell lénks méi Plaaz gelooss, an eventuell en bëssen méi déif cadréiert, dermat d'Linnen vun den Schinnen nach méi an d'Bild kommen. Ech kann mer virstellen, dass doduerch eng gewëssen Dynamik an d'Bild komm wier. Ech wees natierlech net wei den Hannergrond do ausgesinn hät.
D'Bearbeschtung as der an mengen Aen bei där hei Foto besser gelongen, well et net su extrem no HDR ausgesait.
micky-maus 07.06.2013 - 19:58
Merci fier dain detaillerten Avis.
Fäerf heescht Morello.
Wei ech gesinn, muss ech mol nachenkeier dohinn ann dei Saachen ausprobeieren, esou vunn fier etc,etc.... Ass joo eng flott Plaatz doo am Fond-de-Gras. Ett gett een roueg geloos, ann däerf een esouguer den Auto op Schinnen setzen ann seet keen eppes.... I LIKE smile
Matt dem HDR sinn ech awer kriddelech, wann see bessi no scrunch ausgesait gett se gelöscht...
HDR ass joo doo fier all Detailer besser erauszekreien. Hunn esouguer mussen den Chassis ofdonkelen well enn alles ennert dem Auto gesinn haat (Amortisören, Fiederen etc...)
Hiko 07.06.2013 - 21:37
Bei där anerer Foto fannen ech och just dass den ënneschten Deel, also di Grashälm an d'Reflexiounen op den Schinnen en bessen kënschtlech wierken. Mir fällt do lo keen bessert Wuert an closed_eye Et passt awer eigentlech zur Foto. En plus fannen ech den Hannergrond mat dem Stëtongues/ den Mécken gudd gelongen.
micky-maus 07.06.2013 - 21:48
Merci, hunn mech bessi gewonnert daat se eppes ginn ass, voll geint Sonn geknipst matt 200mm, doeinst gesait een Mecken esou gudd. Sonn haat sech ann den Schinnen gespigelt ann doweinst esou grell.
Kuck hei Dei selwecht plaatz vunn Uewen :
F-D-G dei 2.
Hiko 07.06.2013 - 22:03
Scheint wierklech eng interessant Plaaz ze sin!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 299 Gäscht online