Ech ka mech einfach nët un déi künstlech Posen gewinnen (Foto 2): par contre faarwlech a raumméisseg gefällt dat (nach ëmmer Foto 2) mir genial gutt, an et stéiert mech kee Fatz, datt's de eng grouss zimmlech ausgefriesse méi oder wéineger wäiss Partie am rietsen Deel vum Bild hues.
Dat mat den Posen ass adg, stëmmt. Mee sou eppes an déi hei Richtung geeschtert mer schonn länger am Kapp rondrëm, dofir wollt ech et awer lo realiséieren.
Ech fannen dat och wichtég, datt een ausprobéiert wourop ee Loscht huet.
Foto 1 ass speziell durech den Asaatz vum Lensbaby, dat ka gefalen. Vläicht eng Grimmel iwwerbeliicht, wat mech awer elo nët enorm stéiert.
Den Buedem ass sécher iwwerbeliicht, awer gewollt, am Gesiicht gesinn ech op mengem Ecran nach Faarf, awer op engem méi hellen Ecran kann dat effektiv ënnergoen.