Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Reflexiounen

 
Reflexiounen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.03.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.03.2014
  • Gekuckt:
    22322
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    93 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    93 sec
  • Gréisst:
    768x768
  • Späicherplaz:
    171 KB
  • Originaldatum:
    02/2014
  • Fotoapparat:
    canon 6D
  • Programm:
    Bulb (Canon)
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77397]
Kommentar vum Fotograf:
En weideren Essai fir ma der Luucht an Architektur ze spillen...

kokopelli 16.03.2014 - 17:41
Dat as dir ganz gutt gelongen!
gtaddei1 16.03.2014 - 18:21
mengste ... et ass kee richtesch unhaltspunkt do...
kokopelli 16.03.2014 - 19:05
Wat ech giff probéieren, wir se Horizontal ze Spiggelen?Probéieren kascht näischtclosed_eye
gtaddei1 16.03.2014 - 19:46
firwaat net ... machen daat direkt

----

Hun et gemeet ... mengen dass de recht hues... et get total eppes aneschters !!! an am fong ass et daat waat ech weisen wollt ... Merci
kokopelli 16.03.2014 - 21:36
Gärgeschitt,sou as se e Fav wert
suraki 16.03.2014 - 18:10
richteg gutt Genaro , awer eng Grëtz zefill hell op der Lénkser Säit,
... gutt dat et keng Plastiksstill sinnbigsmile
gtaddei1 16.03.2014 - 18:24
daat hun ech mir geduet... mé lued d'Foto oof an kucks mool op Camera Raw oder op LR ... dogesaiste dass dei hell net esou hell sin... mé hun misse kontrasteieren soss waer d'Breck net zum Virschein komm an et waer net dé minimalen flux vun lenks op riets drop komm... ech mengen eischter dass riets ze hell ass ... mé mei donkel dann ass d'Luucht gleichgewicht net mei do... onnatirlech quoi ...
unhappy
suraki 16.03.2014 - 20:50
cool a vill méi harmonesch esou Gennaro smile
Conley 16.03.2014 - 18:22
Eng schéin Luucht an och fir mech een ganz gudden S/W. De Cadrage hues de och gutt gewielt, Gebai uewen am Eck an ënnen nach Fräiraum gelooss! Watt ech lo net sou richteg verstinn, sinn Strukturen am Himmel. Et kéint een mengen et wieren TWA. Awer ech loossen mech do gären beléieren. Kéint jo och sinn dass de Wand do eng Wollek onregelméisseg beweegt huet an Strukturen esou entstanen sinn?
gtaddei1 16.03.2014 - 18:25
TWA? Waat ass et ?
Conley 16.03.2014 - 18:41
Tounwärtofrëss (Banding)
gtaddei1 16.03.2014 - 19:45
Et ass richtesch ... et sin der e bessi drann ... probeieren de Banding nach mei ewesch ze kreien ... Et sin d'Kontrast waerter dei de Schierm net ophellt

esou gespiggelt ... besser ?
Conley 16.03.2014 - 20:16
Ass um S27B970DS nach ze gesinn géing awer mengen et wier manner, deen Schierm ass eng kriddeleg Louder an mengen dass déi mécht et och net gesinn closed_eye
Wann's de zefridden wiers an mengs et géing net méi besser ginn, kanns de ophalen mat Fotograféieren. Géing dann jo kenn Sënn méi maachen!!
gagapix 17.03.2014 - 10:37
Super Gennaro,
gespiggelt as effektif epes anescht. Fier den Bléck... du keinns evtl lensk an uewen mei raum gin, dat dei Hell spëtz mei an t'Mett vum Bild kennt.
gtaddei1 19.03.2014 - 00:34
d'Spetz an der mEtt waer super mé ze speit .... misst neet op Copenhagen furen unhappy
gagapix 19.03.2014 - 09:38
schwarz Farf sichen goen fier den PS? bigsmile
gtaddei1 20.03.2014 - 12:49
bigsmile an de cactus?
Jacques 17.03.2014 - 16:17
Erem eng ganz schéin Lucht an der Foto!
Wanns de e bessen rauschen an den Hannergrond mess dann geseit een déi TWA's manner.
gtaddei1 19.03.2014 - 00:33
du hues recht duerch ditheren an rauschen dann geet de Banding ewesch ... mé hun dei gedreckt do ass nic drann ... dh et ass einfach de Schierm dei desen degradé net mei matmescht...

Merci fir den tip
bac 18.03.2014 - 18:28
Impressionant gelongend Experiment
gtaddei1 19.03.2014 - 00:32
Impressionant ass zefill ... et ass en tentatif fir eng inanimeiert Struktur irgendwei e Liewen ze gin... durch d'Luucht...
Dass et eppes gin ass ass net um mier ze soen mé un deenen dei et gesinn... an och wann et net gelongen ass... daat nennt een *la capacité d'une image à communiquer " awer an enger permanenter art an weis...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 267 Gäscht online