flott photo... herrlech farwen
L.E ? Weivill?
Mé wannste elo dei foto hai analiseierst ... wou get den Regard ungezunn? Huet se eng visuellen Equilibre?
Fannen dass se meh net irgendwou unzitt an leiss mein Regard onzefridden well en nie unkennt!
Soss perfekt
..ech hu se gespiggelt an béid Biller mateneen verglach, mäis gespiggelt fannen ech keng richteg Harmonie, do get de Bléck abruppt un de Péil ofgebremst (meng perséinlech Opfassung), jiddereen gesäit et secherlech aneschters, an op seng Art a Weis
Merci fir d'Propose Gaga, et war mir ee Versuch wärt
L.E. 13sec, ...näischt spezielles, mäis Stativ as ee Must
De Regard soll aus dem lenken méi donkelen ënneschten Eck lanscht d'Péil eraus iwwer d'Mier an d'Liicht, den Himmel geleet gin, esou hun ech ët sur place emfond, an dat war hei meng Interpretatioun
Merci beaucoup gtaddei, fir deng Analyse an d'Gekanken iwwer dëst Bild
Mäi Bléck gëtt schons op't Mier eraus gezunn, me dat hängt sécher vun der Betruechtungsweis of. Ech hun déi Landschaft gär an de Genre vu Fotoen gefällt mer souwiesou
Dann gesinn mir d'Motiv d'selwecht, an dat freet mech ze liesen MsJarryman. D'Bretagne an d'Normandie, dat ass menges, allerdengs léiwer am Hiescht, dann alles e bessen méi ''Rau''. Merci villmols..!!
Flott Laangzäitbeliichtung a Faarwen.
De Bléck gëtt an d'Onendlechkeet vum Mier katapultéiert. Spannend oder irritéierend ? ... ech ka mech net richteg décidéieren.
Gefält mer egal wéi awer ganz gutt.
Genau esou jorsch. Ech wolt meng Biller nach méi lang beliichten, mäis vu dat d'Mier ze séier zréck koum an ech d'Cam no all Minut ëm e puer Meter hu missen no hannen réckelen war dat leider net méigeleg.
Merci villmools fir deng Appreciatioun.