Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hmong am Vietnam

 
All Fotoen an dëser Serie:
40912 Thumbnail
40913 Thumbnail
40914 Thumbnail
Hmong am Vietnam
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.05.2014
  • Gekuckt:
    27165
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    Februar 2014
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 600D
  • Objektiv:
    17-85mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78751]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Hmong Famill an den Central Highlands am Vietnam.

Ech war déi lescht Joëren op e puer Reesen an hunn emmer erem probéiert, mei Leit ze fotograféieren. Ma ech fannen, daat ass mat dat schwieregst un der Reesfotografie an ech kommen ni mat ville Biller heem, mat deenen ech zefridden sinn! Dofir brauch ech Hëllef vun Leit hei, déi Erfahrung hunn, friem Leit am Ausland ze fotograféieren, well ech net genee wees, wéi ech mech uleeën soll...

Soll een froën? Oder einfach drop lass, fir daat et méi "authentësch" ass? Et well ee jo och net, daat et gestallt ausgesäit... an awer ass et hier gutt Recht ze soën, daat si dat nët wellen. Sollen d'Leit an d'Kamera kucken, oder besser ewechkucken? Wat sinn Är Tricks an Tipps?
mischii 31.05.2014 - 00:47
Mir gefällt hei 3 am Beschten,
lo ass at awer an de verschiddene Länner ënnerscheedlech,
an Indien kommen se Dir noogelaaff a jäitzen ,"Foto, Foto", déi eng haalen d'Hand op, aaanerer déi ee freet verlaange guer näischt a si geéiert,
ech hu meeschtens gefroot, awer och Momenter opgeholl wou ech kee gefroot hunn, ech mengen dat ass e perséinleche Feeling,
mee maach der keng Illusiounen, hei op PG, hunn sou Biller kee groussen Uklang, schued!!!
et si mol och eemool gutt Fotografien vun sou enge Biller op dësem Site öfters refuséiert ginn.
Bon, et ass awer ëmmer erëm schéin dem shingo seng Reportagen kucken ze goen!!
Hei si mer sou wäit, dass , wanns de engem weiderhëllefe wëlls als dommen Klugscheisser dohi gesstallt gëss
Paul-H 31.05.2014 - 01:44
Woubäi den Toun d'Musek mecht mischii. Däin Tip u mech virun e puer Wochen fir eng niddreg Blend bei Nuetsfotoen ze benotzen fir deen "Stäreneffekt" an d'Stroossenluuchten ze kréien hun ech mat Dank opgeholl an emgesaat (kukk meng lescht Nuetsfotoen hei). Ech hun d'Art a Weis wéi's Du mir daat gesoot hues iwerhaapt net "Oberlehrerhaft" opgeholl an sin der lo nach dankbar. Idem dem gaga fir säin 'perséinlechen' Tutorial iwert Histogrammen. Mee et gett der schon och déi e bessen méi Klugscheisseresch riwer kommen, op gewollt oder net siew mol dohinner gestallt.
mischii 31.05.2014 - 02:11
Merci Paul, ech war da frou fir ze hëllefen, an daat ass och a mengem Sënn,
fir als Klugscheisser tituléiert ze ginn brauch ech mer am Moment keng Suergen ze maachen
ech hun elo e Resultat vun Esch:
Bronze Fiap Medaille vum Salon internatinal, ech sinn aus dem Häischen!
smile

ech invitéiren iech all fir de 14te Juni op Esch, fir mat mir ze feieren
Paul-H 31.05.2014 - 09:36
Super!!! Daat freet mech lo zwar fir Dech! Wéi eng Foto war daat?
gemu 01.06.2014 - 15:22
Häerzlech Gratulatioun Michèle, ech fréë mech mat dir
Kleent 31.05.2014 - 21:37
Merci mischii,
majo ech kennen déi ennerschiddlech Reaktioune vun de Leit och. Heinsdo weess een eben leider net, ob et elo richteg oder falsch ass, d'Kamera drop ze haalen nemmen fir eng flott Foto. Ech sinn einfach nach net sou waarm gin mat dem Genre vu Foto, mee mat der Zäit kennt dat hoffentlech closed_eye
mischii 31.05.2014 - 22:21
Jo, wann een op sou Plaatzen ass, begeeschteren eis einfach d'Leit, an e bessi huet eenn dann en ellent Gefill hinne mat der Camera nozerennen.
Hei dann nach eng kleng Anekdoot:
Zu Delhi haat ech Jugendlecher gefroot fir eng Foto, si waren d'accord, duerno hunn ech awer missen mat jidderengem vun hinne poséiren fir hir Biller, an si hun sech doud gelaacht, well e blonde Mënsch aus dem Westen , war och fir si eng Attraktioun, et war e bessi e komescht Gefill, mee finalement hunn ech geduecht, lo hätt ech och hinnen eng Fotofreed gemaach smile
Paul-H 31.05.2014 - 01:49
Mäin fav ass déi zweet, an waat Deng Fro betrefft, do huet d'mischii mengen ech ausführlech geentwert. Ech hun des Lescht op der Plëss en Strossenverkeefer wollten knipsen, hun meng Duechter gebieden him eppes klenges (en Armband) oofzekaafen an hun hien dunn gefroot op ech en dirft fotograféieren. Do konnt hien jo baal net Neen soen... Sou haat de gudden Mann e puer € an ech meng Foto smile
Kleent 31.05.2014 - 21:38
Merci smile
Jean-Jos 03.08.2014 - 14:07
Ech war eng Zäit guer nët aktiv hei an hun dech nees entdeckt, wëlls de grad ageloggt wars.
Déi 3 sin suggestiv intressant, du hues all Kéier de Bléck vun de Kanner! Déi 2. ass déi déi mir am meeschten bedeit (d'Kand kuckt grouss an d'Welt, d'Mamm ass a Gedanken...), allerdéngs feelt et eng Grimmel u Schäerft, och wann dat bei esou engem Sujet wierklech nët dat Wichtégst ass.
Kleent 04.08.2014 - 12:59
Merci Jean-Jos smile
Ech ginn dir Recht mat der Schäerft. Do ass et heinsdo net ganz evident, well een séier muss sinn. Eng Sekonn ze spéid an et gëtt sech ewech gedréiht oder ewech gekuckt closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online