Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bam oder Himmel?

 
All Fotoen an dëser Serie:
41850 Thumbnail
41851 Thumbnail
41855 Thumbnail
Bam oder Himmel?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2014
  • Gekuckt:
    24141
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    28/08/2014
  • Fotoapparat:
    Canon EOS D550
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80409]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hat eigentlech dee flotte Bam am Aan, mee ech hunn vum Schëff aus léiwer méi grouss cadréiert fir dann duerno ze croppen. Elo fannen ech awer deen Himmel an der Original-Foto och interessant.
Wat haalt dir vun dem Cadrage? 1 oder 2 oder allenzwee oder guer keen?

lo gëtt et nach eng 3. Foto!
mischii 18.09.2014 - 00:04
fir mech doudsecher 1
luxiline 18.09.2014 - 00:12
merci fir deng Meenung, ech sinn eben net sou doudsécher smile
sheandhercamera 18.09.2014 - 08:19
Mir gefällt dei zweet vill besser.
luxiline 18.09.2014 - 08:29
freet mech! merci fir feedback
Gaga 18.09.2014 - 08:45
hmm,
2t gefällt mer besser, mais bei beiden fehlt et mm no e bessen un Buedem ennen. Et kann een zwar och soen dat een gewollt den deéquiliber hei well machen fier eben grat deen scheinen doucen Himmel mei ze betounen, mais fier mech fehlen ennen 2cm Fiels.
luxiline 18.09.2014 - 15:43
jo, fir d'Regel vum 1/3 ass et net genuch Fiels. Dat kann ech awer lo net méi änneren. Ech hunn och misse meng Fotoen iwwer d'Kätonguep vun de Leit ewech huelen ...
Merci awer fir deng interessant Remarquen.
gtaddei1 18.09.2014 - 10:58
Et sin definitiv 2 verdchidden fotoen... Keng ass besser ewei dei aaner...
Me de gaga huet recht fir 2 ... Fir 1 ass et ok awer am carré!
Gaga 18.09.2014 - 15:49
gut Gennaro, t'1 an den Carré fier lenks dat iwerflessegt eweg ze kreien, dat wier eng gut Alternativ !
luxiline 18.09.2014 - 16:02
oder nach méi lénks ewechhuelen?
luxiline 18.09.2014 - 15:49
Jo dir hutt jo allenzwee recht, mee dat ass lo sou mam Fiels. Bei enger nächste Kéier denken ech drun!
1 am carré, jo dat kann ech probéieren!
Gaga 19.09.2014 - 11:02
kanns de dat schreftlech un meng Fra schécken dat ech heiernsdo och Recht hun wegl !
mireille.*********@****.lu bigsmile
gtaddei1 27.09.2014 - 22:24
smile smile

1 am Carré get 1... smile
luxiline 18.09.2014 - 16:01
lo ass se drop als Alternative ... closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 414 Gäscht online