Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Street am Panorama

 
Street am Panorama
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2015
  • Gekuckt:
    3920
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x423
  • Späicherplaz:
    1381 KB
  • Originaldatum:
    2015:08:11 16:12:30
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    canon 24-70mm, 2,8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84008]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Panorama-Foto zesumme gesaat aus 5 Biller landscape.
Ze bemierken ass, datt den HG vu méngem 'street' e Konschtwierk vum Fulvio Pinna ass, dat 'Hymn to Joy' heescht, an dat 1990 krééiert gouf fir d'East Side Gallery zu Berlin.
Jean-Jos 15.08.2015 - 13:29
Fir d'Faarwen ze genéissen, lount et sech drop ze klicken smile
pixelman 15.08.2015 - 16:23
Flott dokumentéiert als Panorama, daat ass jo wirklech méi wéi nëmme Grafity. Och di détailéiert Beschreiwung vum Wierk ass gut gelong !
marker 15.08.2015 - 21:24
...ee schéine geuerdneten Durjerneen closed_eye
...herrlech Faarwen, ee Konschtwierk, hei als Konscht gewisen. Ganz gutt esou..!!
Maimonides 15.08.2015 - 22:36
Di Mënschen di um Schierm
dat just Geknipstent kucken,
stinn goldrichtig an dengem
danteske Panorama.
An deng comédie, Jean-Jos,
ass méi wi divine.

closed_eye
ornitho 15.08.2015 - 23:15
Mol eppes neies an da Streetfotografie ! Flott Emgesaat heuste dat Bild, aus Konscht ensteht nees Konscht, Bravo !
Jeanny 16.08.2015 - 07:49
E Konschtwierk dat gefällt, eng wonnerbar Aarbecht vun Dir Jean Paul
Jean-Jos 16.08.2015 - 12:01
Merci Jeanny, Gianni, Maimonides, marker a René fir äer Kommentarer, j'apprécie!
Ech muss soen, et sollt au détongueart e Panorama fir eise Fotosalbum doheem gin an ech hu mech fir d'éischt liicht opgereegt, datt den Här an d'Madame esou lang do gekuckt an débattéiert hun an ech dodurech méng läscht Foto nët konnt machen, an du réischt koum et mer an de Sënn si mat anzebannen, ëmsou méi street-Fotografie de Moment mäin Dada ass bigsmile

Maimonides, ganz flott wéi's du et ëmmer erëm fäerdeg bréngs e spannende Kontext, Kader, emballage... ze schaafen! Merci och dofir.

P.S.: ech hu natirlech déi läscht Foto aus dem Panorama och ouni d'Koppel, awer ech hun och fir eisen Album dëst Bild gewielt smile
Miau 16.08.2015 - 13:11
die 2 Personen maachen d'Bild Jean Paul
Jean-Jos 16.08.2015 - 13:48
genau, Merci Willy
jps 16.08.2015 - 17:05
Ein gutes Foto ist ein Foto, auf das man länger als eine Sekunde schaut (Henri Cartier-Bresson)
Dann ass dat hei en ganz gudd Bild, ech kucken et elo schon iwer eng Minut an fannen ëmmer nach nei Elementer smile
Jean-Jos 16.08.2015 - 22:43
Décke Merci Jean-Paul!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Äisvull

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
keen Benotzer an 103 Gäscht online