Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

I smell you

 
I smell you
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2015
  • Gekuckt:
    13789
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    13/10 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1077
  • Späicherplaz:
    779 KB
  • Originaldatum:
    2015:09:26 14:10:13
  • Fotoapparat:
    NIKON D5100
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84539]
Kommentar vum Fotograf:
egal wou's de dech verstoppst;)
Maimonides 29.09.2015 - 20:19
Ech wuar d' Neel kucken, Zora,
mais ech hun keng Been fonnt.
Déi wuare bestëmmt hannert
deem helle Réck vun där plastik Fotell.

Mais de Schlauch
deen wuar virdrun,
an an de Muskelen
sin Tonnen Protéinen.

Comme un papillon en quête de nectar.
Zora 30.09.2015 - 14:43
Ech wees dass esou Fotoen net dem PG-Schema léien, mee dofir man ech se, ech hun ganz vill geckeg Fotoen am Kapp, déi meeschtens ganz spontan enstinn, mee kann se net emmer emsetzen, an ween wees ob mär an Zukunft net alleguer esou onderem laafenclosed_eye, villmols merci Maimonides
pixelman 30.09.2015 - 16:52
Breng se breng se, smilesmile, mussen jo net ëmmer Mécken an Libellen sinn. E bessen Offwiesslung hei daat deet gut.

Souballs de eng Idi hues, ass et am beschten eng Notiz ze maachen, soss ass se schon nees fort. Ech wennen déi Method di läscht Zeit unn !
Zora 30.09.2015 - 19:01
dass net dass ech se vergiessen, hun net emmer Méiglechkeet et direkt ze manclosed_eye
Maimonides 30.09.2015 - 20:33
Wat mi geckig, Zora,
wat besser.

closed_eye
Zora 30.09.2015 - 21:17
daat ass net schwéierclosed_eye
Raypics 29.09.2015 - 21:26
Dee Bleck! Flott Bild
Zora 30.09.2015 - 14:43
Merci villmols Raypicsclosed_eye
Jeanny 30.09.2015 - 06:11
Aliens si gelandt , verreckten Idee, flott emgesaat Zora
Zora 30.09.2015 - 14:44
Freet mech Jeanny, du wees ech sin och verreckt, daat kennt dobäi eraus, haha, merciclosed_eye
Jeanny 30.09.2015 - 19:22
e bessche verreckt dat ass gutt Zora,smile
Zora 30.09.2015 - 19:28
closed_eye
gemu 30.09.2015 - 08:18
E Selfie hors du commun, gut dat keen sech traut do Plaaz ze huelen, wëll dann ging dir awer schnell d'Loft ausgoen closed_eye Excellent Zora
Zora 30.09.2015 - 14:45
dat ass mer schon geschitt, bemol keng Loft méi, hehe, 2X decken merci gemuclosed_eye
pixelman 30.09.2015 - 13:58
Progressiv, expressiv, fannen et gut dass de dem Trivialen emmer eppes entgéint ze setzen hues !
Zora 30.09.2015 - 14:46
Freet mech dass se der gefällt, 2X ganz decken Merci Renéclosed_eye
Pit 30.09.2015 - 16:59
Eng Szene, wéi se an engem Horrorfilm kéint sinn. smile
Gefällt mir.
Zora 30.09.2015 - 19:02
Villmols merci Pitclosed_eye
MsJarryman 30.09.2015 - 21:33
Ech hat de Samsteg am Fond-de-Gras, wou ech all déi Accessoire do gesin hun, geduecht, datt schons lang keng esou eng Foto méi vun dier komm ass. A voilà, do ass se. Super smile
Zora 30.09.2015 - 21:36
hues de erem Telepathie gemeetclosed_eye, war och um Steampunk ganzer 10 Minuten, einfach zevill voll, merci villmolsclosed_eye
jorsch 04.10.2015 - 09:57
Zimlech "abgehoben" an aussergewéinlech.
Fannen och datt esou Fotoen gewise musse ginn! Dat ass Peffer a Salz an der Zopp hei!
Super veraarbecht och.
Freeë mech op weider Iddie vun dir!
Op se mer gefält wees ech allerdings nach ëmmer net ... smile
Zora 04.10.2015 - 16:48
schéin soll se jo och net sin, awer obfaalen soll seclosed_eye, merci jorsch
Jean-Marie 09.10.2015 - 15:45
Top, neischt ze meckeren, super Bild !
Zora 10.10.2015 - 20:46
Merci Villmols closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 379 Gäscht online