Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

schwarzen Fligenpilz

 
All Fotoen an dëser Serie:
44113 Thumbnail
44114 Thumbnail
schwarzen Fligenpilz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.10.2015
  • Gekuckt:
    19142
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    2015-10-07
  • Fotoapparat:
    Canon an Iphone 6
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84619]
Kommentar vum Fotograf:
een Spechttintling oder Elsterntintling (coprinus picaceus), deen 1. hun ech en Samsden mam Iphone fotograféiert, well keen équipement dobai, deen war en Méindeg net méi ze do, an haut hun ech deen 2. font, matt engem Gaascht ennerwee fir an seng chambre d'hôtes ennert dem Daach
den Doft ass onangenehm an en ass och ongenéissbar laut mengen recherchen, waert nach méi oft an deen Eck goen demnächst
Maimonides 07.10.2015 - 20:13
Schéin Série, icylady.
icylady 09.10.2015 - 13:16
merci Maimonides smile
Jeanny 08.10.2015 - 06:32
jo, den ass gëfteg , wäert mech haut och erëm an de Bësch maachen smile villäicht begéinen ech den och do, flott gewisen Romy
icylady 09.10.2015 - 13:18
geet nach besser, mee se sinn guer net lang do, 2 Deeg nëmmen, 3 vun ganz zou bis ganz op, an si sinn immens héich bis 20cm, muss der nach e puer fannen, Merci Jeanny smile
gemu 08.10.2015 - 08:46
Een "ëmgedréinten" natierlechen colorkey am s&w. Ganz flott daat do. Di 1. ass mäin Fav.
icylady 09.10.2015 - 13:19
merci Georges smile
haat ech nach net esou gesinn, waert mol nach probéieren dem HG manner Farw ze loossen, wéi daat dann ausgesait smile
gemu 09.10.2015 - 13:34
Ech fannen den Hannergronn ganz an der Rei esou do stéiert mech awer elo näischt drun
Jacques 09.10.2015 - 09:22
Perséinlech gefällt mer besser wann een den Pilz ganz geseit.
Am beschten sech op den Buedem leen an eng méi open Blend wiehlen dass den Hannergrond net esou onrouech wierkt. (Dat ass elo Theorie,hun selwer nach nie een fotograféiert)
Bei der 2. ass den Kadrage annescht wiehlen, den Pilz wierkt zimlech ageengt.
icylady 09.10.2015 - 13:25
jo Jacques, du hues Recht, mee deen do ass 20cm héich, an déi 1. Foto also déi grouss war mam Handy gemacht, do hun ech guer keng Uebung dran, ech louch um Buedem bei deenen 2, ech hun der och matt 2,8 bis 5.0 Blenden z.B., vun deenen Deeg dono, mee do ass d'Schaerft net iwerzeegend,
bei där 2. hun ech se sou eng geschnidden, well doniewt Bengelen asw waren, an ech sou schnuel ëmmer flott fannen als Lesezeichen smile ech fannen och een diffusen HG méi flott
Jacques 11.10.2015 - 12:27
Verstin was du mengs Romy,an ech kann mer virstellen dass et net esou einfach ass. Selwer hun ech nach nie probéiertclosed_eye
An Theorie ass emmer aanescht wéi d'Praxissmile
MsJarryman 09.10.2015 - 12:29
Eng flott Serie, speziell déi éischt weist ganz flott Detailer. E Klappschirm ass natierlech goldwert fir dee Genre vu Biller, da brauch een sech net an de Bulli ze léen smile
icylady 09.10.2015 - 13:34
déi éischt war mam Handy, war eigentlech ennerwee fir meng Summer-kilo'en un d'Verschwannen ze kréi'en smile also zimlech stramm ouni Fotoapparat, well matt get naischt, hun ech opginn
ech haat nach ni sou een gesinn, dofir och schwarzen Fligenpilz smile jo, am Moment sech op de Buedem lé'en ass net sou daat, hun zwar sou een Gezei, mee awer sad muss een jo kucken wourop een sech leet, drëckt een jo Planzen platt sad
marker 24.10.2015 - 10:23
..eng flott kleng Serie icylady, an dee geschwongenen Schleek ëm de Still passt exzellent..!!
icylady 25.10.2015 - 16:17
merci Marker smile
leider hun ech réischt doheem gesinn datt et een Schleek war, haat gemengt et wär een verwieltenen Grashalm, soss hätt ech nach e puer méi Foto'en dovun gemacht daat nennt een Künstlerpech sad

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 378 Gäscht online