Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Raining Light

Raining Light
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.08.2016
  • Gekuckt:
    43886
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    980 KB
  • Originaldatum:
    2016:02:09 04:40:33
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
ech fänke léiwer net u mat opzielen :)

Fir anzesetzen: [pg_img=86735]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto aus dem Februar wou ech an Norwegen war, déi ech gëscht réischt verschafft hunn. Et war zum Schluss vun enger Nuecht mat vill a staarker Nordliicht Aktivitéit.
g3ckko 04.08.2016 - 10:10
Ass se staark verschafft? Egalwéi ass et eng vun de schéinsten Szenen déi ech gesinn hun!

An och wanns Du d'Extras net wëlls obzielen, géif mech daat nawell staark interesséieren. :p
Johny 04.08.2016 - 11:17
D'Aurora war eigentlech relativ schwaach, d.h. ech hunn déi méi hell gemaach, an de Bierg och, zousätzlech dann rout Faarf erausgeholl (vum Duerf no bäi) an gekuckt dass allgemeng genuch Kontrast dran ass. Gemaach hunn ech dat mat 3 Luminosity masks am Photoshop, kascht also schonn e bëssen Zäit smile

D'Extras si manner materialistesch (well do brauch ee "just" eng DSLR, e Wäitwénkel mat grousser Blend an e Stativ), mee dofir méi alles rondrem wéi z.B. d'Gedold einfach ze waarden, de Wëllen ze kucken eng Aurora ze erwëschen, d'Ausdauer fir ze soen et mécht een dofir einfach eng ganz Nuecht duerch an dann nach e bësse Chance dass och d'Wieder an d'Physik matspillt smile
A wat vill Leit vergiessen: Et muss ee säi Material auswänneg kennen well op sou Plazen ass et stackdäischter, arschkal an et muss een trotzdem séier kënne sinn fir e Kadrage ze setzen, schaarf ze stellen an dann eng Laangzäitbeliichtung ze maachen.
Sutebe 04.08.2016 - 16:12
Floten Himmel an mool eng anner form wei daat eiwegt geschleiers smile
Johny 05.08.2016 - 09:46
Jo ass schonn e bëssen anescht esou riicht erop smile Mee och net einfach ze maachen.
Focus 04.08.2016 - 17:52
Fräk, déi hun zuar grouss Pokemon'en do uewen. Hues du en gefaang?

Grandiost Naturspill, an genial Foto dervun! Die Reflektiounen um Steen hun ech an der Form nach nie gesinn.
Johny 05.08.2016 - 09:46
Ech wollt och schonn eppes vu Pokémon schreiwen am Kommentar .. tongue
Michelle 04.08.2016 - 23:03
surprised De Wahn
Johny 05.08.2016 - 09:46
Merci smile
m-otiv 05.08.2016 - 10:13
amazing....Top Johny...absolute Fan vun dengen Norvegen Fotoen
Johny 08.08.2016 - 09:30
Freet mech ze liesen, merci smile
Metalbambi 05.08.2016 - 11:43
Ass zimlech béis, mee een klengen Punkt hunn ech awer deen mech all Kéier un er stéiert wann ech se kucken: D'Reflexiounen vum Nordliicht ob dem Schnéi. Déi gesinn vir mech iergendwéi net natierlech aus well se ze däischter sinn. Wéivill hues de déi nodréiglech verännert an hues de eng Kéier probéiert se en bëssen ofzeschwächen/obzehellen?
Johny 05.08.2016 - 11:57
Wéi scho virdrun erwähnt an engem Kommentar hunn ech d'Aurora selwer e gutt Stéck méi hell gemaach, de Bierg och awer net esou vill well e mer soss zevill erausgestach hätt an der Foto - mee dat kann däin Androck erkläre well béides ass ënnerschiddlech vill verschafft smile
Eric_1989 06.08.2016 - 23:04
mega
Jean-Jos 07.08.2016 - 20:30
yes!
Johny 08.08.2016 - 09:29
Et seet vill aus wa Leit, déi fir gewéinlech e bësse méi schreiwen, just ee Wuert afält. Villmools Merci smile
Jean-Jos 08.08.2016 - 13:01
Heiandsdo bleiwt engem de Mond einfach opstoen, wëll d'Foto definitiv gutt ass, an dat ass déi heiten!
schneve 08.08.2016 - 09:22
congrats fir d'Foto vun der Woch smile
Johny 08.08.2016 - 09:28
E schéinen Abschieds-Cadeau bigsmile Merci
ornitho 08.08.2016 - 16:43
Eng immens Energie strahlt des Foto aus, eng verdengten an flott Wochenfoto !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 415 Gäscht online