Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Luxembourg Vieille Ville

 
All Fotoen an dëser Serie:
47275 Thumbnail
47276 Thumbnail
47277 Thumbnail
47278 Thumbnail
47279 Thumbnail
Luxembourg Vieille Ville
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.05.2021
  • Gekuckt:
    18244
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    14.04.2021
  • Fotoapparat:
    Pentax 6X7
  • Objektiv:
    Takumar/6X7 1:4.5/75mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Ilford FP4 Plus

Fir anzesetzen: [pg_img=91345]
Kommentar vum Fotograf:
E puer klasssesch Vuen aus eiser Alstad am Geescht vun eise bekannte lëtzebuerger Fotografen aus dem 20. Jorhonnert.
gemu 13.05.2021 - 11:01
Eng Virschau op den neien Album "Les Trésors de la Photographie" super Série an deem Sënn
Nicon07 13.05.2021 - 21:14
Misère, lo hun ech och nach vun dir een Optrag kritt... Hoffentléch soll deen Album net mussen dausend Säiten déck gin... bigsmile
Jaycee 14.05.2021 - 00:59
100 Säiten wären scho ganz ok an e puer Damploken wären och interessant, du hues jo elo déi ideal Trainspotter Knipsmaschin... closed_eye

Tip top Arbecht Nico, besonnesch wann ee bedenkt dass d? er?ischt viru kuerzem d?in ?ischte Film selwer entw?ckelt hues smile
Nicon07 14.05.2021 - 08:11
Di 120er Filmer loossen ech vun engem professionnelle Labo entwéckelen, Ech hat mir eemol een esou zerstéiert, well ech en net op d'Spire opgerullt kritt hun an no annerhallef Stonn (gefillt) total entnervt an an Tréinen opgeléist (iwwerdriwwen) de Film aus dem Sak gerappt hun a gesin hu, wat ech do fir ee "Carnage" mat der Pellicule ugeriicht hat, Mais d'135er, déi kréien ech awer mëtlerweil "blann" (lol) opgerullt... bigsmile
Jaycee 21.05.2021 - 14:14
Ech hu nach nie e Film am Saak an d'Entwëcklerdous gespullt, daat géif mech och nerven. Maachen daat schon seit Joer an Daag owens de préférence op enger däischterer Toilette (mam Deckel zou closed_eye). Verschidden 120er si méi oder wéineger schwéier op d'Spull ze kréiern, z.B. de Fomapan 100, den Fomapan 200 par contre geht besser. Am einfachsten ze händelen si menger Meenung no d'Ilford an d'Kodak Filmer.
Nicon07 21.05.2021 - 15:15
Ech hun do net de Choix, well mir an eisem Haus eigentléch kee Raum hun, dee ganz däischter ka gemaach gin. (Raffstoren amplaz Rollueden an eng Stroosseluut just virun der Diir... Suguer am Keller ass et ni 100% däischter. Dofir huelen ech de Saak. Dat as zwar keing Hexerei, dat eenzecht wat e bëssen nervt, ass fir de Film ofzeschneiden. Dat geet net ëmmer riicht aus... Mais soulanng een en opgespullt kritt, ass et egal, ob den Ufank e bësse schief geréit. Wann een dann net am Aeiffer de Saak durchschneid... :
tongue
Jaycee 22.05.2021 - 00:28
Da bleiwt der soss näischt aanescht iwrëg w?i mat engem ruinéirtem 120er ze üben bis daat am Saak klappt...
Nicon07 22.05.2021 - 09:00
Du sees ët... bigsmile
Jaycee 23.05.2021 - 21:44
À propos, ech hun geschter Owend zwee 120er an d'Entwecklerdous gespullt (een hannert den aaneren op eng Spiral) an dobei un dech geduecht a mer virgestallt ech misst daat an engem Saak maachen. Ojemine, ech mengen do giff ech och an d'Schleidere kommen...
Nicon07 23.05.2021 - 22:58
Also zwee hannerteneen op eng Spull am Sak, dat ass effektiv een Challenge. Mais alles ass eng Saach vu Gewunnécht. Wi gesot, d'135er kréien ech mëttlerweile ganz gudd opgespullt am Sak. Sou huet jideree séng perséinléch Kompetenzen. smile


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 376 Gäscht online