Déng Foto mat deem liicht irféirende Schärfteverlaaf gefällt mir ganz gutt. An zwar, well den Tilt-shift-Effekt "douce" ass. Normalerweis erwart ee séch jo bei deem Effekt, datt de Kontrast scharf-pnscharf zimmléch konsequent ass, fir datt de Miniatureffekt richteg rausstécht. Mais an dénger Szen hei feelt et un eppes Typeschem, wat di Szen belieft (Trakter, Spadséiergänger, een Trapp Kéi) fir sou een harden TS ze justifiéieren. Hei, wou et eigentléch just em Liicht a farwe geet, ass dee liichte Bokeh genee richteg.