Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

T'ass Hierscht

 
T'ass Hierscht
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.10.2021). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.10.2021
  • Gekuckt:
    16815
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/2000 sec
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    799x1200
  • Späicherplaz:
    900 KB
  • Originaldatum:
    2021:
  • Fotoapparat:
    Leica M9-P digital
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Leica Summilux 50mm f/1.4 ASPH FLE
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91615]
Kommentar vum Fotograf:
Merci mengem gudden Noper dat hien an der Lies esou léif u méch geduecht huet
Nicon07 10.10.2021 - 18:18
Ech kommen dann d'Drauwen iessen, de Fiederwäissen loossen ech dir da ganz! Eemol dovunner zou, awer sou eepes vun, fréier a ménger leichtsinniger Sturm und Drang-Phas, dat geet duer. Ech kommen dann an engem gudden halwe Joer, wann di "Drauwemedezin" sech berouegt huet an di Saach geklaert ass. closed_eye bigsmile
gemu 11.10.2021 - 12:11
A jo wann een mol eng Kéier richteg dragefall ass an ënergang ass, da krit een Respekt an et helt "nur einen winzigen Schluck"

Nicon07 11.10.2021 - 17:31
Et geet elo duer! tongue

Prost!
Nicon07 11.10.2021 - 17:33
Gutt, datt ech net Chimiesprof sin. Mais Literatur kann engem och an de Kapp klammen.


.
Jean-Jos 10.10.2021 - 22:24
Flott an aluedend Foto an ech erkennen esouguer wou et ass.
Am Géigesaz zum Nico, drénken ech gören, wann och mat Mooss, esou e Fiederwäissen bigsmile
gemu 11.10.2021 - 12:18
https://www.youtube.com/watch?v=py72nKRsctc
Jean-Jos 11.10.2021 - 13:25
Haha . . . "jedoch nur einen winzigen Schluck, sonst steigt er in den Kopf", köstlech
theom 11.10.2021 - 15:43
E flott arrangement, fannen datt den Hannergrond zevill present ass.
gemu 11.10.2021 - 19:36
Merci theom fir däin avis, effektiv di Lächer an der Heck mat der Strooss sin net optimal als Hannergronn
gemu 11.10.2021 - 19:36
.
marker 14.10.2021 - 10:15
Den Hannergrond ass fläicht eppes dominat, fir mäi Goût stéiert dat awer absolut net, bien au contraire, mat denen schéinen Hierschtfaarwen an en plus de Boke ënnerstëtzen dës flott arrangéiert Zeen.
Nicon07 14.10.2021 - 12:18
Lo soen ech awer och mol nach eppes zu deem Hannergrond:

Fir méch ass d'Illusioun awer perfekt. Och wann ech jo mëttlerweile weess, datt di Foto hei an engem Gaard an der Géigend vun engem Niewefloss vun der Musel gemaach gouf, sou kann ech méch dach trotz allem net der Illusioun erwieren, datt di helle Sträif do och kéint d'Musel sin an di Eisebunnspoteauën grad sou gutt op der Obermoselstreck kéinte stoen. Ech weess, di däitsch Maste sin aanescht an d'Musel ass mi breed, an awer. Di Szen mat der Coupe mat den Drauwen an d'Glas an d'Fläsch Fiederwäissen provozéieren a ménger bescheidener Virstellung den Trugschluss, datt di hess Sträif Waasser ass an datt dat doten an eenem Wënzer seinem Gaart laanst d'Musel misst sin. bigsmile
Jean-Jos 14.10.2021 - 13:43
Flott argumentéiert.
gemu 15.10.2021 - 09:54
Excellent Interpretatioun Nico, an esou falsch läiss du guer net domat; wann d'Fläsch bis eidel ass fueren esouguer Schëffer laanscht closed_eye
Nicon07 15.10.2021 - 16:58
bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 350 Gäscht online