Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Spruddeleg kaal

Spruddeleg kaal
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.03.2023). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.03.2023
  • Gekuckt:
    6977
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    82 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    336 KB
  • Originaldatum:
    2023:02:08 16:26:39
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 24-120 f/3,5-5,6
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92497]
Kommentar vum Fotograf:
Um Waassersënneswee
tormi 09.03.2023 - 21:32
vertikal schaarf, horizontal net esou schaarf, interessant Idee, fier mech allerdengs den net schaarfen Deel e bessi grouss gerooden
Nicon07 10.03.2023 - 14:23
Do hues du recht. Dat fannen ech och elo, wann ech se sou hei gesin. Vläicht ee crop am 16X7? Moment! smile
tormi 10.03.2023 - 15:01
tatsächlech am laangen mei flott, fannen och elo besser openeen oofgestemmt smile
Nicon07 10.03.2023 - 15:12
Merci, Tom. Ech si ganz mat dir d'accord. Ech hat souwisou wëlles, di Foto hei ze recadréieren. Däi Kommentar huet méch just bestätegt dran, et och séier ze maachen. closed_eye
pixelman11 11.03.2023 - 13:46
Bei negativ Kommentaren welle ech keng Ausnahm maachen: Fir mech ass et en zimleche Wirrwarr ouni konkret Asssoo.
Nicon07 11.03.2023 - 19:26
Op déch ass op alle Fall Verlooss, wat negativ Kommentarer ugeet. Dat gefällt mir. closed_eye Als een, dee säin Aarbéchtsliewe laang och virun allem negativ Remarque gemaach huet (wat soll ech wuel vu Beruff sin? bigsmile ), fannen ech dat gutt, wann ech Kritike kréien.

Wirrwarr ass gutt! Mais wéi hätt ech dat da kéinten aanescht maachen, ausser, datt ech d'Foto si gelooss hätt? Et goung mir hei drëms, wéi den Tom scho gesot huet, dat Statescht (Äis) an das Dynamescht (Waasser), dat Hellt (Waasser &Äis) vs dat Däischtert (Steen) ze weisen.

A ganz banal, wollt ech eng Foto weise vun enger Situatioun, déi am Wanter 22/23 zimmléch rar war, nämléch Äis an enger Baach. smile
tormi 12.03.2023 - 00:05
Ech fannen, dass et absolut Sënn mecht ze soen wann engem eppes nët esou gefällt. Jeh, et negativen Kommentar oder konstruktiv Kritik ze nennen ass elo zweetrangeg. Mier fällt op allen Fall keen Zacken aus der Kroun wann ech gesoot kreien wann eppes net gefällt. Kann mech jo erklären oder et besser probeieren.
Nicon07 12.03.2023 - 08:38
Ma dat sot ech dach, Tom. Ech fannen dat hei jo nit beleidegend, mais gutt, datt ech sou Saache gesot kréien. Ech gesin méng Biller jo nit sou, an dofir ass et gutt, datt ech aaner Meenungen zu méngem Geknips kréien.

Kuck: Lo hu mir hei schon siwe Replique geschriwwen an ech hun d'Foto eemol ersat, an ech hun erklärt, wat ech mat der Foto wollt weisen. Also ass genee dat geschitt, wats du lo beschriwwen hues. Wat wëllt ee méi! Dofir ass Photogen do, oder? Mir gefällt dat an dofir sin ech nach ëmmer hei dobäi. Wéis du an deen aanere Grapp voll iwwregens och. closed_eye Jidderengem wënschen ech ee schéine Sonndeg am Schnéi (also bei eis läit es mol am Moment...)
tormi 12.03.2023 - 10:35
Natiirlech Nico, ech hun daat jo just allgemeng gesoot well ech daat heinsdo hei vermessen. Wann ech eng Foto an PG setzen an keen äussert sech, dann war se wuel net esou gelongen. Just ech weilt och gär wessen waat dann lo net esou gudd war.
Ob ech et dono direkt besser hin kreien ass net gesoot, mä ech probeieren closed_eye

Vill Spaass am Schnei, hei op 151 iwer NN mussen mier en an d'Fenster spretzen fier es ze gesinn closed_eye
Nicon07 12.03.2023 - 12:30
Schnéi deen d'Sonn leckt, kënnt erem, sot méng Bomi fréier. Ben, eise Schnéi vun de Moien huet d'Sonn geleckt. bigsmile
PanTau 18.03.2023 - 22:27
Je vous trouve très exigeant, personnellement je ne vois pas de chaos ici, mais une image en noir et blanc bien construite.
Nicon07 19.03.2023 - 08:24
Merci pour cette appréciation.positive. Cela me rassure un peu. closed_eye
pixelman11 19.03.2023 - 09:44
Si on n'est pas exigeant, on se perd dans la masse.
Nicon07 19.03.2023 - 17:19
D'accord, mais, sincèrement, aujourd'hui, on ne peut que se perdre dans la masse, vu le nombre de photographes par rapport aux motifs possibles. Tout a déjà été photographié, et les photos se ressemblent sur la toile ; donc on arrête la photo et on ferme ce site moribond. Parce que, on doit l'avouer, ici, il n'y a plus rien de nouveau depuis des lustres. smile
pixelman11 21.03.2023 - 13:33
1. Déi Plaaz hei ass net de Benchmark vun der Fotografie, dat soll een sech bewosst sin.

2. Dass verschidde Fotoen sech gleichen stëmmt nëmme bedengt.
Wann elo een eng Foto geseit a seet: dat do ass eng Foto vum Nico, dann
hues de alles ereecht.

3. Ech hat et schon eng Kéier erwähnt, heihin setzt een Foton well et Spass
mecht , fir Ambitiounen an deem Bereich muss een sech aanescht uléen.
Nicon07 21.03.2023 - 21:51
Genee! merci fir déi flott a richteg Discussioun a Conclusioun.
pixelman11 12.03.2023 - 12:29
wéi schon ernimmt ass d'Iddi gut, d'Gestaltung net esou: den Deel vier am Bild huet eigentlech keng Bezéiung mam Sujet (et sin der méi). De Landscapeformat bewierkt dass een hin an hier muss switchen zwëschen deene verschiddenen Elementer, esou gesin ech et emool vum visuelle Standpunkt. Teschnech gin et och nach e puer Remarken, dat géif aawer hei zeweit féieren.
Nicon07 12.03.2023 - 12:34
Ma dat do ass dach lo mol genee dat, wat ech wollt wëssen. Merci fir di Bildanalyse. Ech si mir bewosst, datt et vläicht keng sou eng gutt Iddi war, den Apparat op e Steen ze setzen an dann d'Automatik gewärden ze loossen. Mais d'Plaz eegent séch elo manner gutt, fir an der Schwammbox an d'Baach leien ze geo, fir de Cadrage richteg um Ecran ze gesin. closed_eye Besonnesch lo am Wanter.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 299 Gäscht online