Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

An rem d'Rieseraad

 
An rem d'Rieseraad
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.08.2006
  • Gekuckt:
    52061
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    40
  • Beliichtungszäit:
    2/1
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    13 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    778x533
  • Späicherplaz:
    310 KB
  • Originaldatum:
    2006:08:29 22:57:33
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Schueberfouer  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=9510]
Kommentar vum Fotograf:
Jo bon, nodems lo scho vill sou Fotoen ropgeluede gi sin vun der Fouer, war ech awer den Owend och nach mam Moggy eng Kéier Fotoe maachen.
Forum Userbiller <-- do eng Foto déi ech vun eis zwee nach séier gemaach haat ;)
sutewi 30.08.2006 - 02:43
schöööööööööön bigsmile *lol*

hach mol eppes aanescht hei^.^ an dei foto vun ierch zwee ass grandios! hehehe bigsmile
yoshi 30.08.2006 - 02:57
mol endlech eng fouerfoto dei mer vum bildopbau och gefällt smile iergentwei eng cool vue vun ennen su dei verformung vum riesenrad. an mol eng aaner luucht dei komplett an eng aaner richtung dreint wei daat riesegt rad. och gudd an der beliichtungszait, ech mengen ech fannen nix schlechtes den moment... daat kann dach net sin tongue ganz flott smile

uh yess an eng gail userfoto tongue
Johny 30.08.2006 - 03:04
Majo also de Moggy an ech mer hun vun Ufank u geduecht, mer därfe keng Fotoen maachen wéi all déi aaner se maachen, mee daat war jo scho kloer. An jo wou ech do stung ass mer den Opbäu do eben sou an d'Aa gefall. Mee ass awer scho lusch dass de net direkt eppes fënns fier äuszesetzen, well sou mega ass se jo och net smile
yoshi 30.08.2006 - 03:08
also haat schon eppes fonnt, mee wollt se lo mol bessi perfekt hei stoen loossen an mol kucken waat dei aaner leit su soen closed_eye
riets am bild steiert mech eppes emmer mei, an lenks am bild eppes ganz bessi, mee mol kucken wei gesoot closed_eye
Johny 30.08.2006 - 03:11
OK da waarde mer mol bessen smile
MarcGerard 30.08.2006 - 08:47

GANZ flott!
spako 30.08.2006 - 09:26
Wow! Immens schein! Dei ka sech wiirklech weise loossen!
Ech geif mech vill ze vill geneieren mat engem Stativ op d'Fouerze goen mee et renteiert sech aawer ob alle Fall!
Knolles 30.08.2006 - 10:23
/removed/
spako 30.08.2006 - 11:00
Hehe smile Jo dat ass och alt rem wouer! Ech hat mech nemme bis bei d?Schueberfouer getraut mam Stativ.. ech mengen am Grupp ass daat dann nach eppes aanescht smile
Knolles 30.08.2006 - 11:10
/removed/
Johny 30.08.2006 - 14:29
A mat engem Fotoapparat gëtt een dann och nach méi ugeschwaat vu Leit ... hehe closed_eye
Johny 30.08.2006 - 14:30
Merci. Et bräuch een sech net ze genéiren fir säin Hobby ... smile
spako 31.08.2006 - 16:45
Ech waert mech druginn closed_eye
Knolles 30.08.2006 - 10:24
/removed/
Johny 30.08.2006 - 14:29
1. War d'Foto genee sou gewollt, wann et drop wir, wir d'Foto eng ganz aaner
2. Hun ech déi gemaach bei 13mm, et war och technesch gesin net méiglech et nach mat drop ze kréien.
Paukl 30.08.2006 - 12:05
Bildopbau ass genial. Floot Foto
Neckel 30.08.2006 - 12:27
Jop do muss ech dem Knolles zoustemmen, mam ganzen Riesenrad wär se genial, sou ass se eben nemmen top closed_eye)) Eng Fantastesch Vue, an een mega kuhlen Bildopbau, dat Karussell lenks geseit einfach flott aus tongue

Fir mech stemmt alles...
patrickr 30.08.2006 - 15:52
(geläscht)
Johny 30.08.2006 - 23:30
Merci smile

Also ech kann der jo mol do fir mäin Deel äntweren: Méng aaner Fotoen sin net wirklech sou gudd gin. Ech hun des net ropgelueden well d'Rieseraad drop ass, mee well et einfach déi bescht äus der Série war.
yoshi 30.08.2006 - 16:52
also waat mech bessi steiert, ass wierklech nix grousses: do riets d'riesenrad, dei deck hell straif, dass dei net baussen ass, fannen daat steiert bild bessi, ass vill mei schein op der aanerer sait. bon daat kanns de usech nemmen doduerch enneren, wanns de mei wait ewech gees, dann gesiat et net grad su aus, mee bon... dann lenks am karussel sin puer su punkten dei mei beliicht sin wei den recht vun der dreinbewegung, flait gaaaaaaanz kuerz ze laang beliicht? also ech well net soen dass ech et besser gema hätt, sou klengegkeeten gesait een net um apparat closed_eye mee ech wollt eimfa mol eppes negatives lass gin, emmer nemmen dei positiv kritiken, wei soll een do als fotograf net iwwerhiewlech gin tongue
ajo an ehm.. wees net op meng vermutung stemmt, mee kennt mer bessi sou vir, wei wanns de net genau riicht op d'riesenrad gezielt hues, also net genau an der mett stungs. ech mengen eng liicht verzerrung ze gesin, an och dei staangen dei d'weenecher unhaalen sin op enger sait mei deckend wei op der aanerer sait (mat der beweegung) obschon se jo alleguer den selwechten abstand hun. daat ass daat eenzegt wous de häss kennen besser maan menger meenung no, daat aaner ass su eng klengegkeet, do kuckt een eimfa laanscht tongue
Johny 30.08.2006 - 23:32
Daat mam net graad 100% riicht, ass mer de Metten och opgefall, do hues de definitiv Recht. Waat de Recht ugeet hues de natirlehc och Recht mee eng Erklärung hues de der jo selwer scho gin (erkennt een net um Apparat asw...)

Mee awer merci dass de mer dann nach déi kleng Saachen déi der opgefall waren, soos smile
THE-BAUER 30.08.2006 - 22:49
also johny, du brengs et emmer färdeg en mega foto ze maan, dei heiten ass och mega, fannen et ass eng topfoto, nee?
Johny 30.08.2006 - 23:32
Merci fier d'Kompliment smile
Jury 02.09.2006 - 22:36
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Johny 02.09.2006 - 23:41
Fräck, daat haat ech net geduecht. Merci Neckel fir d'Firschloen bigsmile An natirlech de Jury-Memberen déi jo sooten.
Neckel 02.09.2006 - 23:45
Hehe Johny du Pessimist tongue closed_eye)))
Johny 02.09.2006 - 23:47
Nee éierlech, froo de Moggy, dee wees wéi ech iwwert meng Fouer-fotoen geschwaat hun smile Nemmen well heen soot se wiren dach guer net sou schlecht, haat ech des ropgelueden. (Waat géif ech nemmen ouni heen maachen)
Neckel 02.09.2006 - 23:48
LOL Johny he momo froen hien direkt...tongue Dir sid wirklech puer Meller...closed_eye)
yoshi 09.10.2006 - 21:00
wann den moggy seet eng foto wier net sou schlecht dann ass se vir dei meecht schon genial closed_eye
steel 10.12.2006 - 15:38
Gratuleieren dir
Topfoto...
respekt
Mojoo 13.03.2007 - 10:02
Hei wollt ech schon emmer eppes derbäi schréiwen... Excellent !! An allen Hinsichten immens gudd gerooden.
Johny 13.03.2007 - 21:38
Merci smile
DigArt 02.09.2007 - 18:54
herrlech, wonnerschein foto, excellent faarwen
Johny 02.09.2007 - 19:02
Merci smile
Polinger 29.02.2008 - 19:52
ech soen et kuerz an knapp : genial cool

jegas 17.07.2008 - 16:41
Ganz schéin
axo-boy 25.08.2008 - 00:19
exelent foto wier cool wann et riesenraad och an wirklechkeet sou schnell wir wei op der foto
jegas 05.09.2008 - 09:27
Naja ech mengen dann géifen der net vill matt fueren an sie missten dauernd rondrem botzen closed_eye
gtaddei1 19.02.2010 - 19:33
Pour la survie de la Photo:
Super ... net emmer déi neiest fotoen sinn die bescht
Johny 21.02.2010 - 21:44
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 399 Gäscht online