Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Bewegungsdurstellung an enger Foto
 
Bewegungsdurstellung an enger Foto

1.Also fir d'eischt machen ech emol dei 3 Biller am gimp op an sichen eent als Grond-Bild aus. An dessem Fall eben dat wou den Velo nach op der Ramp ass.


2.Dann wielen ech mam Lasso den Velo am 2. Bild grop aus(ech haalen mer awer nach e bessi vum Hannerground (firwat mierkt een beim 3.Schrett), an kopieren en dann.


3.Am Bild vum Schrett 1 fügen ech dann den kopierten Velo "als neue Ebene "an. Dann leeen ech dei nei Ebene mat hellef vun deem wat ech mer vum Hannergrond gelos hunn iwwert dei richteg Plaatz um 1. Bild



4. Mam Gummi machen ech dann den deel vum Hannergrond deen zevill ass eweg (Tip dei Plaatzen wou sollen verschwannen fir d'1. mam Lasso/Zauberstab auswielen dann kann een mam Gummi mei seier schaffen)


Beim 3. eenzel Bild machen ech genau dat selwescht wei beim Schrëtt 2-4 schlussendlech muss een nemmen nach op speicheren drecken.
(Ps. hei bei den Veloen war et och wichteg tescht den Rieder den Hannergrond eweg zemachen, mee awer ouni D'Speechelen ze läschen!)
Zum Schluss kennt dann datt hei derbei eraus
Geschriwwen vum BerBe 28.09.2010, ass säit deem 21653x gekuckt ginn.
BerBe 28.09.2010 - 20:32
Et ass mein 1. Tutorial, doweins hoffen ech dat en net ze onkloer ass :S
VeloBen 01.10.2010 - 19:08
Schaffs du mat engem Tablett? Hun daat mam Lasso an der Maus probéiert. daat ass wierklech Pain in the a.. ;-(
BerBe 01.10.2010 - 19:33
Nee ech schaffen mat der Maus, mee dann muss een sech wirklech konzentrieren an derbei nach eng enorm roueg Hand hun, mam Tablett wees ech net wei et do asssmile
MarcGerard 04.10.2010 - 16:48

ech schaffe mam fingerpad op der maus smile as eng sach vu gewunnescht. tablet fannen ech perséinlech ustrengend.
VeloBen 28.09.2010 - 21:23
Merci gesoet! Esou erklärt wierkt et jo wierklech net esou komplizéiert!
BerBe 28.09.2010 - 21:45
Ass neischt (et ass och net esou kompliziert et muss een nemmen e bessi probieren ) smile
Jaqueline76 29.09.2010 - 13:17
jo esou kann een et och maan, keins och matt Layer Masken schaffen, dann bleiws de e bessen mei flexibel falls der noom speicheren opfällt datts de iergentwuer z.b. eeng Speechel geläscht häss..
(mä frou doriwwer datt nach e puer Gimp'ler ennerwëe sinn)
BerBe 29.09.2010 - 14:44
Ech schaffen awer och nemmen mat gimp well ech ze knekkeg sinn fir mer Photoshop ze kaafen, merci fir den Tip mat den Layer masken, muss ech dann emol probieren smile
MarcGerard 04.10.2010 - 16:49

fannen dat eng gudd sach mam gimp.
MarcGerard 04.10.2010 - 16:50

a weirklechkeet mecht een déi dénger awer mat stativ an dann schéisst een hannereneen.
nemme wann eene ng kamera huet déi net esou séier hannerenee schéisse kann as dat do intressant.
BerBe 04.10.2010 - 17:36
Io mee deen Daag hat ech mein Stativ net derbei
m-otiv 10.10.2010 - 19:48
Oh, dat geet awer och vill méi einfach...
emmerhin, bravo fir deng méih design tutorial ze posten smile
BerBe 10.10.2010 - 19:56
Firwat einfach wann et och kompliziert geet closed_eye, Merci fir den Komment smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 331 Gäscht online