Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» HDR Kamera Astellungen
 
HDR Kamera Astellungen
Salut Alleguerten.

Ech hun hei schon epur Tutorials gesin iwert HDR oder DRI. Do handelt et sech awer emmer em d' Software.

Mat desem Tutorial wëll ech erklären wei een seng Kamera soll astellen fir esou Fotoen ze machen.
D' Firaussetzung zu engem gudden HDR ass mol eng gudd Foto.

1. Wat brauch ech?

- Eng Kamera :-)
- En Stative
- Fernausleiser (Ass net zwengend notwendeg, erliichtert d'Sach awer enorm (IR oder Kabel))
Wann ee awer mam Fernausleiser schafft, dann net vergiessen den Okular zou ze machen. Dei meecht Camera Hiersteller gin en klengen Deckelchen dufir mat.

2. Wat fir Astellungen machen ech ob menger Kamera?

- Aperture priority (Mode A oder Av) Du décideiers deng Blend , gudden Ausgangspunkt ass teschend f8-f11. Könnt drob un ob's du am Dach oder Owes oder an der Nuecht photographeiers. Den Apparat wielt d' Belichtungszeit.

- ISO esou deif wei meiglech, am beschten 100 wann deng Knips dat kann.

- Spotmiessung (Alles aneschters mescht keen Sënn well du meschs jo eng Beliichtungsrei).

- Braketing ( Serie vun 3 Biller geht am Prinzip dur, ech perseinlech machen der awer emmer 5)

- Dann soll een d' Spiegelvorauslösung aktiveieren, sou geht den Risiko minimeiert dass d' Foto verwackelt get.

- Serienbiller mat lueser Bildfolge. ( Verinngert och den Verwacklungsrisiko)

Wanns de elo den Fernausleiser drecks, dann klappt deng Kamera den Spiegel erob, ward ebeschen (Zeit weilang kann een normalerweis astellen) an mescht seng Foto. An mengem Fall dann 5 Steck wann ech den Fernausleider gedreckt haalen.

Ech hoffen et gin nach hei epur Leit deenen desen Tutorial hëlefen konnt.
Vill Spass beim Expirimenteieren.

Des Erklaerung ass keen Gesetz, et sin Astellungen mat Deenen ech perseinlech dei beschten Resultater krein.

(Ech gin elo net ob dei Kameraen an dei en HDR Programm integreiert hun)

MbG - Luc -
Geschriwwen vum Luc_69 17.08.2011, ass säit deem 18284x gekuckt ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 332 Gäscht online