Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Collage maan
 
Collage maan
Et gin wahrscheinlech immens fill Méiglechkeeten fir en Collage ze maachen, mee den Dan haat mech gefroot wei ech main vun der LUXGSM Trophy gemaacht hun, an dunn duercht ech mer ech kéint dann en Tutorial maachen. Eigentlech haat ech gemengt ech géif nie soueppes maan, mee d'sierf... ;-)

Fänke mer also un...

Ech maan eng nei Datei ob.



Natiirlech ass d'Gréisst vum Bild je nodeem een well. Ech hun déi doen Gréisst gewielt well ech déi öfters fir Collagen benotzen.
Daat ganzt maan ech schwaarz.

Elo kennt also wéi een d'Fotoen ob d'Bild drop kritt.
Ech maan also eng vun denen Fotoen op, déi ech op de Collage setzen well an wielen d'Bild mat Ctrl+A ganz un. Dann kopéiren ech d'Foto eriwwer andeems ech se einfach mam "Verschieben-Werkzeug" (V) ob deen schwaarzen Hannergrond mat der Maus zéihen.



Wann d'Foto dann an senger normaler Gréisst ob dem Hannergrond drop ass, wielt der Ctrl+T an sou kann een d'Foto méi kleng oder méi grouss maachen, wei een well an se och ob déi Plaatz setzen, wou een well…

Bold Remarque: Wanns de Ctrl+T gedreckt hues an d'Foto proportional glaich wells haalen dann haal d'Shift-Tast dobai gedreckt, dann bleiwt deng Foto d'selwescht.



Genee daat mescht een dann mat all dene Fotoen, déi een well ob de Collage dropmaachen.

Ech perséinlech hun keng besonneg Method fir d'Fotoen genee riicht mat selweschtem Oofstand niewendenee ze kreien, ech maan daat mat Aenmooss bis daat et mer gefällt.



Dann kennt eng Rumm ronderem all Foto. Anhand vun den folgenden Biller weisen ech wei et geet:





Daat mescht een dann bei allen Fotoen d'selwescht.

Mee Bold STOP, wann een elo ganz liddreg ass, sou wei ech ;o) dann mescht een folgendes: Dir kopéiert einfach bei ärem éischten Bild den "Ebenenstil" (wou der d'Rumm schons gemaacht hudd) an fügt deen an all déi aaner Ebenen an.



Dann setzt der nach wann een well een Text dobai an färdeg ass äre Collage… :o)



Kritiken sin erwënscht.

Ech wees net ob et elo sou ukomm ass bei iech, daat der de System och verstaanen hudd. Ech hun guer keng Aahnung… mee et war schwéier an eng gedelleg Affaire daat ganzt ze maan. Mee et huet Spaass gemaacht an ech hoffen ech konnt, haaptsächlech dem Dan, hellefen daat en och elo seng Collagen ka maachen :-)
Geschriwwen vum Kleent 02.08.2006, ass säit deem 20371x gekuckt ginn.
Kleent 02.08.2006 - 23:23
Bold Remarque an Bold STOP... ech gleewen et net... hrhr... bigsmile Ech hätt daat awer net solle maan... gin guer net eenz domadder bigsmile ;o)
Dan 03.08.2006 - 10:14
Tststs lo kritt den Dan es alt nees closed_eye
An dobei sin ech mer kenger Schold bewosst...
Tstststs...
@ KLeent
Merci fier den Tut!
Also ech haat schon eng Idee am Kapp wéi ech géif viergoen fier sou e Montage ze machen.
Däin Montage huet mer eben gutt gefall an ech kennen ëmmer gär sou vill wéi méiglech vun de Wéer déi "op Roum féieren", an däin Tuut hei ass eben een dovun
Vläicht hun ech och am Moment einfach gaaaaaanz vill Zäit fier sou Kniwwelereien ze probéiren closed_eye
E Patt gët et op alle Fall

@Mogway
Also d'lescht Kéier wou ech e Patt wollt gin, hues du mier oofgesoot... closed_eye
Ech warden nach ëmmer drop dass e vill beschäftegten "Moechtegern - Artist" de Fanger virum Objektiv ewech hëllt an Zäit huet closed_eye
Kleent 03.08.2006 - 11:23
Daat mam Patt schreiwen ech mer hannert d'Ouren... an de Moggy muss dann wuel mat sou wei ech daat verstaan hun smile ech wier direkt dobai... du hues jo och masseg Zait Dan tongue
Minaa 03.08.2006 - 17:57
Déi do Method hun ech nach iwwerhaapt net kannt, ech hun bis well emmer rondrem all eenzel Foto eng Rumm gemaa, se dann méi kleng gemaa an se dann réicht an déi nei Datei (also déi wou all d'Fotoen beieneen sollen sin) kopéiert.
Fir déi eenzel Fotoen dann duerno all op déi selwescht Héicht ze kreien maan ech awer och op Aamooss, oder wann daat wierklech net geet dann bei "Ansicht > Einblenden > Raster" an dann Kästecher zielen cool

Fannen den Tutorial awer gudd an verständlech geschriwwen an wäert déi dooten Method lo och mol ausprobéieren smile
Kleent 03.08.2006 - 18:08
Merci... smile daat freet mech... deng Method probéiren ech och mol eng keier smile
Vny 07.08.2006 - 13:27
cool!Mee mat welchem programm mecht een daat???
Kleent 07.08.2006 - 18:58
mam Photoshop...
Mano 14.01.2007 - 00:32
vir fotoen all op eng heicht ze kreien kanns de awer einfach sou en "guide" erof zeien an dann fotoen drop sezen (dei sprangen dann och automatesch op dei rischteg plaatz smile )
Kleent 14.01.2007 - 23:10
Richteg, daat hun ech well och mettlerweil erausfonnt.... mee deemols (eehm jo... firun engem halwen Joer closed_eye) wosst ech daat nach net!

Merci awer smile)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 249 Gäscht online