Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Entwécklung vun engem SW-Film
 
Entwécklung vun engem SW-Film
Virbemierkung :
Dess Entwécklungsbeschreiwung geet just bei SW-Filmer !

Wat ech brauch :
- en Raum wou et ganz donkel ass (mol keng rout Luucht)
- en Lavabo
- en SW-Film
- eng Zaang fir d’Filmschuel opzemaachen
- eng Scheier
- eng Filmspiral (sou een Plastiksdengen wou een den Film drop opwéckelt)
- eng Entwécklungsdous (eng Plastiksdous mat zwee Deckelen wou duerch deen éischten keng Luucht erafält mee wou een,wann een den zweeten erofhëllt, eppes eran- oder erausfellen kann)
- en Moossbecher vun 500 ml
- en Thermometer
- 2 Klameren (1 normal dei 2 mat engem Gewiicht ënnen drun (wann een en Steen drun pecht geet duer)
- Triichter
- 2 eidel Fläschen
- en Filmabschaber (fir d’Waasser vum Film erofzeschaben)
- eng Stoppauer
- eng Dous (fir den Wettingagent)

Vun Chemikalien :

Bei den Chemikalien huet een vill Méiglechkeeten.
Et ginn der, déi besser fir Filmer mat engem rengem Grain sinn an anerer déi éischter fir méi graffen Grain geduecht sinn.
Wann een der gären hätt wou een an der Mëtt läit, an fir vill verschidden Filmer benotzen well, géif ech folgendes virschloen :

Ilford Ilfosol 3 Film Développer (fir den Film ze entwéckelen)
Ilford Rapid Fixer (fir Film an den Pabeier ze fixéieren)
Ilford Ilfotol WTG Agent (fir den Kallek am Waasser ze léisen am déi Spueren vum Film ze kréien)

Entwécklung :

1. Schrëtt : (am total Däischteren)
Lee der däin Film, d’Zaang, d’Scheier, d’Spiral an d’Enwécklungsdous virun dech op den Dësch.
Luucht aus.
Huel den Film an d’Zaang an maach d’Schuel vun dengem Film op. Am beschten geet dat um Kapp oder um Enn, do ass esou en klengen Bord deen een mat en bëssi Gefummels gutt eropgediebelt kritt.
Lo hues de den Film am Grapp an um Enn ass esou en Wutz, deen schneids de mat den Scheier of, net ze vill soss schneids de an d’"Fotoen".
Lo hëls de d’Spiral. D’Spiral kann een just aus enger Richtung bespullen, an zwar kanns de fillen, dass do eng Verbindung zwëschen deenen zwou Säiten ass. Op der enger Säit ass se riicht an op der anerer ofgerennt. Du muss däin Film bei der riichter Säit eranschubsen bis en op der ofgerennter Säit bëssen erauskuckt (do sinn op der Säit zwou kleng Kugelen déi sech an déi Lächer op der Säit vum Film erankroopen). Elo häls de eng Säit fest an déi aner beweegs de no fir an no hannen. Den Film rullt sech op d’Spiral.
Wann en bis ganz drop ass schneids de einfach den Plastiksdeel um Wutz erof.

D’Spiral kanns de elo an d'Entwécklungsbox stiechen an zoudréinen, d’Luucht kanns de elo rëm umaachen.

2. Schrëtt : (am Hellen)
Lo hëls de den Moossbecher, den Thermometer an den Ilford Ilfosol 3 Film Développer. Den Film Développer gëtt 1+9 verdënnt.
Fëll däin Moossbecher mat 450 ml Waasser. Elo muss de kucken dass däin Waasser entweder 20°C oder 24°C huet. (bei 24°C ass d’Enwécklung méi séier)
Déi reschtlech 50 ml fëlls de mat dem Film Développer op.
Dat Ganzt schëtts de an deng Entwécklungsbox andeems de den 1. Deckel erofhëls.
Lo hänkt et vun dengem Film of wei laang en entwéckelt muss ginn.
Entweder kucks de hannen op der Tabell vum Film Développer oder op der
Bannesait vun der Verpakung vun dengem Film.
Déi engem Ilford HP5 Plus Film mat ISO400 brauch een 6,5 min bei 20°C an 5 min bei 24°C.
D’Entwécklungsbox muss während der Entwécklung och ëmmer an Beweegung bleiwen.
Wann d’Zäit ofgelaf ass kanns d’Chemikalien an déi eidel Fläsch schëdden an bei der Superdreckskëscht entsuergen loossen. Dono léiss de einfach 1 min laang Waasser an deng Box lafen.

3. Schrëtt : (am Hellen)
Elo brauchs de nach eng Kéier den Moossbecher an den Ilford Rapid Fixer. Hien gëtt 1+4 (200ml op 1L) verdënnt an hei brauchs de net weider op Temperatur opzepassen.
Nodeems de d’Waasser erëm ausgeschott hues kanns de elo deen fir 4 min dran man. Hei gëllt och erëm : Ëmmer beweegen.
Dono fëlls de deen an eng ANER eidel Fläsch, well déi 2 Chemikalien verdrinn sech net esou gutt… En plus kanns du dës Mëschung nach fir aner Entwécklungen weidergebrauchen !
Lo muss de rëm déi ganz Saach 1 min ënner Waasser schwenken.

4. Schrëtt : (am Hellen)
D’Box opschrauwen an d’Spiral mam Film eraushuelen. Lo hëls de den Wettingagent deens de 1+200 (ongeféier. 5ml op en 1L) muss verdënnen an dann an d’Dous schëtts. D’Spiral zapps de elo e puer mol do dran.
Dann mëss de se op an léiss den Film e puer Sekonnen dran leien.
Wanns de en elo eraushëls gesäis de schons op en eppes ginn ass oder net ☺
Lo muss den den Film just nach ofschaaben fir Fiichtegkeetsflécken ze vermeiden, an ab elo dierfs de en och just nach um Bord upaken soss hues de Fangerofdréck drop.
Iwwregens kanns du den Wettingagent och nach herno weider benotzen !

5. Schrëtt :
Hänk den Film elo ma den Klameren op. Ennen déi mam Gewiicht soss rullt en sech erëm op. Looss déi ganz Saach dreschen bis et net méi pecht (dauert e puer Stonnen) Dono kanns de den Film zerschneiden an fäerdeg sinn d’Negativer !
Geschriwwen vum Soffel 08.06.2010, ass säit deem 20376x gekuckt ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 275 Gäscht online